Enseignement secondaire

Zu Lëtzebuerg gëtt den Enseignement secondaire vun den ëffentleche Schoulen (an der Haaptsaach Lycéeën), Privatschoulen, déi déi offiziell Programmer vum Ministère applizéieren, Privatschoulen, déi no anere Programmer funktionéieren, an den Europaschoulen assuréiert.

Déi ëffentlech Lycéeën adresséieren sech u Jugendlecher vun zwielef Joer un. Aktuell ass ee bis 16 Joer schoulpflichteg. Vun der Rentrée 2026 un gëllt d’Schoulpflicht bis 18 Joer. E komplette Lycéeszyklus (ouni Widderhuelung vun enger Klass) dauert siwe Joer.

Am ëffentlechen Enseignement gëtt et:

  • den Enseignement secondaire classique (ESC);
  • den Enseignement secondaire général (ESG);
  • den Enseignement européen;
  • den Enseignement international;
  • den Enseignement international anglophone (Cambridge);
  • den Enseignement germano-luxembourgeois.

 

Hei fannt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert