Erwuessenebildung

Et ass ni ze fréi oder ze spéit fir ze léieren.

Educatioun a Formatioun kenne keng Altersbegrenzung. Béides hëlleft eis, den Iwwergang tëscht dem Studenten- an dem Beruffsliewen, dem Familljen- an dem Beruffsliewen, dem Beruffsliewen an der Pensioun besser ze meeschteren. Béides dréit dozou bäi, datt mir eis selwer besser verstinn, besser zesummeliewen an aktiv Bierger ginn. Mir kréie Selbstvertrauen, gi méi staark, komme mat aneren zesummen a kréien nei perséinlech a berufflech Perspektiven ugebueden.

De Ministère ass bestrieft, den Erwuessenen all Joer eng extrem variéiert Palett u qualitativ héichwäertege Formatiounen ze proposéieren. Si ginn an e puer Sproochen ugebueden a fir verschidden Niveauen (débutant, intermédiaire, avancé – also vum Ufänger bis zum Fortgeschrattenen), fir datt d’liewenslaangt Léiere fir jiddereen eng Realitéit gëtt.

De Service de la formation des adultes proposéiert dräi Typpe vu Formatioune fir Erwuessener:

  • den zweete Bildungswee, dee mat engem unerkannten Diplom resp. enger unerkannter Ausbildung ofschléisst;
  • eng Grondbildung, fir besser schreiwen, liesen a rechnen ze léieren;
  • déi allgemeng a politesch Erwuessenebildung.

 

Hei liest Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert