Grondschoul

Zu Lëtzebuerg gëtt den Enseignement fondamental (Grondschoulunterrecht) vun ëffentleche Schoulen, Privatschoulen oder internationale Schoulen assuréiert.

Déi ëffentlech Grondschoul ass fir Kanner vun dräi bis eelef Joer. Dës néng Schouljore sinn a véier Léierzyklen opgedeelt. All Kand, dat zu Lëtzebuerg wunnt a bis den 1. September véier Joer huet, muss an d’Grondschoul. Den Zyklus 1 besteet aus dem Precoce (3 bis 4 Joer) an dem Préscolaire (4 bis 5 Joer), woubäi de Precoce fakultativ ass. D’Zyklen 2 bis 4 (6 bis 11 Joer) entspriechen der fréierer Primärschoul.

Eis Gesellschaft verännert sech permanent; eis Kanner si mat villen Erausfuerderunge konfrontéiert, wat hir Zukunft betrëfft: Si mussen ëmmer méi wëssen, sinn enger Villfalt vun Informatiounen ausgesat, mussen sech mat neien Technologien an dem Multikulturalismus ausernanersetzen.

Déi vill verschidde Sprooche vun den Awunner zu Lëtzebuerg, d’Traditioun vun der Dräisproochegkeet zesumme mat den ënnerschiddlechste Familljekonstellatioune féieren zu ëmmer méi héijen Erwaardungen un d’Schoul.

D’Grondschoul muss all Kand dat Gepäck mat op de Wee ginn, mat deem et säi Liewe ka maachen. Duerfir mussen d’Methoden an d’Inhalter de Besoine vun all Kand ugepasst sinn, wat zu enger kompetenzbaséierter Approche féiert. D’Grondschoul fërdert d’Zesummenaarbecht vun allen Akteuren a stäipt sech op déi fachlech Kompetenz vum Léierpersonal.

 

Hei fannt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert