Informatiounsseancen VAE

Kollektiven Atelier

D’Cellule VAE organiséiert verschidden Informatiounsseancen als kollektiven Atelier fir Leit, déi gären eng Demande fir eng Validation des acquis de l’expérience (VAE) géife maachen. De kollektiven Atelier ass eng Informatiounsseance, bei där Dir Froen iwwert den Diplom, deen Iech interesséiert, stelle kënnt. D’Betreier vum Workshop ginn Iech genee Informatiounen, wéi Dir Ären Dossier gestalte kënnt. Zesumme mat engem Vertrieder vun der Commission de validation erkläre si Iech déi verschidde Krittären an Ufuerdungen, fir de viséierten Diplom ze kréien. D’Zil vum kollektiven Atelier ass et, Iech esou vill Informatiounen a Rotschléi wéi méiglech iwwert de gewënschten Diplom ze ginn.

D’Datumer fir déi nächst kollektiv Workshoppen Enn Januar 2025 ginn nach matgedeelt.

D’Ateliere si vu 17:30 bis 19:00 Auer op dëser Adress:

Chambre des salariés (Lifelong Learning Centre)
2-4, rue Pierre Hentges
L-1726 Luxembourg
Itineraire: Google Maps

D’Plaze si limitéiert, schreift Iech dowéinst esou séier wéi méiglech fir de gewënschten Atelier an.

Struktur-Workshop – Guide fir d’Struktur vun der Demande de validation de fond

Wann Är Demande de recevabilité als zoulässeg unerkannt gëtt, musst Dir Iech prett maachen, fir Ären Dossier de validation sur le fond ausfëllen. Fir Iech dobäi ze hëllefen, déi eenzel Deeler vum Dossier de validation sur le fond zesummenzestellen, gëtt ee Struktur-Workshop vun der Cellule VAE vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert.

Wärend dem Atelier kënnt Dir Froen iwwert den Opbau vum Dossier stellen. D’Zil vum Workshop ass et, Iech esou vill Informatiounen a Rotschléi wéi méiglech ze ginn.

Dëse Workshop ass fir Persounen reservéiert, déi eng Demande de recevabilité agereecht hunn. Dës Persoune kréien eng Invitatioun per E-Mail.

Informatiounsseancen vum INFPC

D’Validation des acquis de l’expérience (VAE) ass eng Prozedur, déi et ënner bestëmmte Konditiounen erlaabt, berufflech oder ausserberufflech Erfarung validéieren ze loossen, fir op dës Manéier ee Certificat, Diplom oder Brevet ganz oder deelweis ze kréien.

D’Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue (INFPC) stellt d’Grondzich vum Dispositif vun der Validation des acquis de l’expérience (VAE) vir, fir datt jiddwereen sech domat vertraut maache kann.

D’Detailer iwwert d’Aschreiwung an d’Datumer vun de Seancë fannt Dir um Internetsite vum INFPC:

 

Aktualiséiert