Comité interministériel de la jeunesse

Den themateschen a sektoriellen Interventiounsberäich vun der Jugend zeechent sech duerch säin transversale Charakter aus. E breeden Comité interministériel de la jeunesse (interministerielle Kommitee fir d’Jugend) ass mat follgende Missioune beoptraagt:

  • d’Regierung bei alle Projeten am Zesummenhang mat der Jugendpolitik a bei alle Froen oder Projeten, bei deenen d’Regierung d’Abanne vum Kommitee als nëtzlech ugesäit, beroden;
  • der Regierung Moossname virschloen, mat deenen déi transversal Approche vun der Jugendpolitik kann ëmgesat ginn;
  • dës Moossname mat deene koordinéieren, déi am Kader vun anere Regierungsstrategië mat transversalem Charakter geholl ginn.

De Kommitee setzt sech zesummen aus Vertrieder vun de Ministèren, déi fir d’Kandheet an d’Jugend, d’Rechter vum Kand, d’Famill, d’Aussepolitik, d’kommunal Ugeleeënheeten, d’Entwécklungszesummenaarbecht, d’Educatioun, d’Aarbecht an d’Beschäftegung, d’Gesondheet, de Logement, d’Chancëgläichheet, d’Kultur, de Sport, d’Justiz (dorënner ee Vertrieder vum Parquet) an d’Police zoustänneg sinn.

Aktualiséiert