National Tester

Fir di schoulesch Leeschtunge vun de Schüler a verschiddene Kompetenzberäicher zu wichtegen Zäitpunkte vun hirem Parcours ze bewäerten, ginn et zwou Zorte vun nationalen Tester:

  • d’Tester vum Passage vun der Grondschoul an den Enseignement secondaire classique a secondaire général;
  • standardiséiert Tester.

Tester fir den Iwwergang vun der Grondschoul an den Enseignement secondaire (PFS)

D’Orientéierung vun de Schüler um Enn vum leschte Joer vun der Grondschoul an den Enseignement secondaire classique a secondaire général geschitt an enger Prozedur, déi mam Orientéierungsbescheed ofschléisst. Dës Decisioun gëtt zesumme mat den Elteren an dem Enseignant ausgeschafft. Den Orientéierungsbescheed baséiert sech op eng ganz Rei vun Elementer, dorënner och déi gemeinsam Tester.

Dës gemeinsam Tester ginn op nationalem Plang organiséiert no Kriterien, déi vun der Division du traitement de données sur la qualité de l'encadrement et de l'offre scolaire et éducative vum SCRIPT definéiert a koordinéiert ginn. Zil ass festzestellen, wéi sech dem Schüler seng Kompetenzen am Hibléck op d’Kompetenzen, déi um Enn vum Zyklus 4.2. erwaart ginn, entwéckelt hunn. Ausserdeem kann een sech esou och e Bild dovu maachen, wou de Schüler mat senge Leeschtunge steet, well een se mat der nationaler Moyenne vun alle Schüler aus dem Zyklus 4.2 vergläiche kann. Déi gemeinsam „PFS“-Tester betreffen dräi Fächer: Franséisch, Däitsch a Mathematik. Déi evaluéiert Kompetenze sinn: Héierverständnis, Lieskompetenz a schrëftlech Produktioun am Franséischen an Däitschen; d’Reproduktioun an d’Uwendung vu Kenntnesser a Fäegkeeten ewéi och d’Léisung vu Rechenaufgaben an der Mathematik.

Dës gemeinsam Tester gi vun Aarbechtsgruppen ausgeschafft, déi sech aus Membere vun de Regionaldirektiounen, dem Léierpersonal aus de Grondschoulen, de Professeren an dem Koordinator vun der Division du traitement de données sur la qualité de l'encadrement et de l'offre scolaire et éducative vum SCRIPT zesummesetzen. D’Resultater ginn a Form vun engem Profil presentéiert.

Standardiséiert Tester

D’Épreuves standardisées (ÉpStan) sinn Deel vun de Moossnamen, fir d’Schoulqualitéit ze iwwerwaachen. Si gi vum Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) vun der Universitéit Lëtzebuerg ausgeschafft an all Joer am ganze Land an de Schoulen duerchgefouert.

Bei den ÉpStan geet et dorëm, de Schüler hir Kompetenzen an de Sproochen an an der Mathematik ze evaluéieren, mee och hir Motivatioun fir ze léieren an hir Astellung vis-à-vis vun der Schoul.

D’Division du traitement de données sur la qualité de l’encadrement et de l’offre scolaire et éducative vum SCRIPT ass zesumme mat der Ekipp vum LUCET zoustänneg fir d’Organisatioun an d’logistesch Begleedung vun dësen Tester.

Zurzäit ginn d’ÉpStan am Ufank vun den Zyklen 2, 3 a 4 vun der Groundschoul an am Enseignement secondaire op 7e a 5e duerchgefouert. Am Kader vum Pilotprojet, fir de Monitoring vun de Schoulen op d’ëffentlech international Schoulen auszedeenen, participéiere déi equivalent Klassen aus dem Primaire an dem Secondaire vun den ëffentlechen internationale Schoulen un de Mathematiktester.

Indicateuren, déi e Suivi vun de Kompetenzprofiller a Verbindung mam sozio-ekonomeschen, sproochlechen a Migratiounshannergrond vun de Schüler respektiv mat hirem Geschlecht oder dem Schoultyp am Laf vun der Zäit erméiglechen, kann een um Internetsite www.epstan.lu ënner der Rubrik „Tableau de bord“ consultéieren.

Aktualiséiert