Lëtzebuerg mécht bei verschiddenen internationale Studie mat:
- beim Programm zur internationaler Schülerbewäertung (Programme for International Student Assessment, PISA);
- bei der Etüd „Gesondheetlecht Verhale vu Schoulkanner” (Health Behaviour in School-aged Children, HBSC);
- bei der internationaler Etüd iwwer Computer- an Informatiounskompetenz (International Computer and Information Literacy Study, ICILS);
- bei der Ëmfro iwwer sozial an emotional Kompetenzen (Survey on Social and Emotional Skills, SSES).
Programm zur internationaler Schülerbewäertung (PISA)
D'international PISA-Studie („Programme for International Student Assessment”) moosst d’Wëssen an d’Fäegkeete vun de 15-järege Schüler, déi si brauchen, fir d’Erausfuerderunge vum Alldag ze meeschteren an hir Ausbildung weiderzeféieren. Si deckt d'Beräicher Naturwëssenschaften, Mathematik a Liesverständnis of.
D’Etüd gëtt koordinéiert vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) an zënter 2025 all véier Joer duerchgefouert (virdrun all dräi Joer).
Lëtzebuerg huet säit der Aféierung am Joer 2000 um PISA-Test deelgeholl. D'Resultater erlaben et, de Bildungssystem vu Lëtzebuerg an engem internationale Kontext ze bewäerten an d'Bildungspolitik ze beliichten.
Méi Informatiounen:
Gesondheetlecht Verhale vu Schoulkanner (HBSC)
D’HBSC-Ëmfro („Health Behaviour in School-aged Children”) ënnersicht d’Wuelbefannen, d’kierperlech an d’mental Gesondheet an d’Liewensgewunnechte vu jonke Leit am Alter vun 11 bis 18 Joer. Si ënnersicht och déi sozial an ëmweltbedéngt Facteuren, déi hir Gesondheet beaflossen.
Si gëtt all véier Joer a méi wéi 50 Länner ënner der Schiermherrschaft vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) duerchgefouert a liwwert international vergläichbar Donnéeën. D’Etüd gëtt zu Lëtzebuerg ëmgesat an Zesummenaarbecht vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an der Universitéit Lëtzebuerg, déi fir d’wëssenschaftlech Koordinatioun zoustänneg ass.
No enger Pilotphas am Joer 1999 hëlt Lëtzebuerg zënter 2006 reegelméisseg un der Ëmfro deel. D’Resultater ginn der Gesondheets- a Jugendpolitik Orientéierungspunkten.
Méi Informatiounen:
International Etüd iwwer Computer- an Informatiounskompetenz (ICILS)
ICILS („International Computer and Information Literacy Study”) ass eng international Ëmfro, déi analyséiert, wéi jonk Leit digital Technologië benotzen, fir ze léieren, ze kreéieren an ze kommunizéieren, fir datt si aktiv um Schoul-, Aarbechts- a Sozialliewen deelhuele kënnen.
D’Etüd gëtt koordinéiert vun der International Association for the Evaluation of Educational Achievement (IEA) an all fënnef Joer a verschiddene Länner duerchgefouert.
Lëtzebuerg huet 2018 fir d’éischt Kéier an 2023 fir d’zweet Kéier deelgeholl, mat alle 6es-Klasse vum Enseignement secondaire. D’Resultater bidden e bessert Verständnis vun den digitale Praktike vun de Schüler an hëllefen, d’Entwécklung vun digitale Kompetenzen an de Schoulen ze ënnerstëtzen.
Méi Informatiounen:
Ëmfro iwwer sozial an emotional Kompetenzen (SSES)
Déi international Ëmfro SSES („Survey on Social and Emotional Skills”) evaluéiert déi sozial an emotional Fäegkeete vun de Schüler, wéi d’Zesummenaarbecht, d’Duerchhalverméigen an d’Empathie. Dës Fäegkeete spillen eng wichteg Roll beim Erfolleg an der Schoul, dem Wuelbefannen a bei der sozialer Integratioun.
D’Etüd gëtt vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) koordinéiert a liwwert international Donnéeën, déi et erlaben, verschidde Länner an Educatiounskontexter mateneen ze vergläichen.
Lëtzebuerg hëlt fir d’éischt Kéier 2026 deel. D’Resultater hëllefen, d’Entwécklung vun dëse Fäegkeete besser ze verstoen an d’Bildungspolitik ze ënnerstëtzen.
Méi Informatiounen: