Organisatioun

Zu Lëtzebuerg sinn esouwuel de Staat wéi och d’Gemenge responsabel fir d’Grondschoul a schaffen zesummen am Enseignement an der Betreiung vu méi wéi 55 700 Kanner, déi am Prinzip tëschent dräi an eelef Joer al sinn.

D’Organisatioun vun der Grondschoul ass duerch d’Gesetzer vun 2009 an 2017 grondleeënd erneiert ginn.

Aschreiwung an d’Schoul vun der Gemeng

Déi ëffentlech Grondschoulen huele Kanner vun dräi bis eelef Joer un. All Kand, dat zu Lëtzebuerg wunnt a bis den 1. September véier Joer huet, muss an d’Grondschoul.

Kanner, déi bis den 1. September dräi Joer al sinn, kënnen, wann d’Elteren dat gär hätten, eng Klass vum Precoce besichen. D’Gemenge bidden alleguer dëst fakultatiivt Joer un. Am Prinzip ginn d’Kanner um Ufank vum Schouljoer opgeholl. Verschidde Gemengen erlaben et awer, datt d’Kanner eréischt um Ufank vum 2. oder 3. Trimester an de Precoce kommen. D’Eltere kréien de Formulaire, fir hiert Kand unzemellen, vun der Gemeng.

D’Gemeng mellt d’Kand automatesch do an der Schoul un, wou d’Kand wunnt.

Elteren, déi wärend dem Schouljoer an d’Gemeng plënneren, mussen direkt d’Gemeng, an där de Wunnsëtz läit, kontaktéieren.

Organisatioun an Zyklen

D’Grondschoul ass a véier Léierzyklen agedeelt.

Den 1. Zyklus, deen der Fréierzéiung entsprécht, dauert an der Reegel dräi Joer an adresséiert sech u Kanner vun dräi bis fënnef Joer. Dat éischt Joer (Precoce) ass fakultativ.

D’Zyklen 2 bis 4 entspriechen der Primärschoul:

  • Den 2. Zyklus betrëfft Kanner vu 6 bis 7 Joer.
  • Den 3. Zyklus betrëfft Kanner vun 8 bis 9 Joer.
  • De 4. Zyklus 4 betrëfft Kanner vun 10 bis 11 Joer.

All Léierzyklus dauert am Prinzip zwee Joer. Um Enn vun all Zyklus muss d’Kand déi betreffend Kompetenzsockelen, d. h. d’Léierziler, erreecht hunn, fir säi schoulesche Parcours am nächsten Zyklus kënne fortzesetzen.

An Ausnamefäll kann e Schüler en Zyklus an engem Joer absolvéieren oder awer dräi Joer am Zyklus bleiwen, fir d’Kompetenzsockelen ze erreechen.

Dës Organisatioun erlaabt méi eng flexibel Gestaltung vun de Léierprozesser.

Zoustännegkeete vun de Gemengen a vum Staat

D’Gemenge stellen déi fir den Enseignement fondamental néideg Infrastrukturen an Ekippementer zur Verfügung. Si sinn zoustänneg fir d’Schoulorganisatioun. Si geneemegen de Schoulentwécklungsplang.

Zënter 2009 gëtt d’Léierpersonal vum Staat ernannt an dann enger Gemeng zougedeelt.

De Staat gëtt all Gemeng déi néideg Ressourcen a Form vun Unterrechtsstonnen. Aus Grënn vun der sozialer Gerechtegkeet gëtt de sozioökonomeschen Ënnerscheeder vun de Gemenge Rechnung gedroe bei der Verdeelung vun dësen Unterrechtsstonnen: de Stonnekontingent (fir méi iwwer de Kontingent gewuer ze ginn, kuckt am PDF-Dokument „L’enseignement fondamental : descriptif détaillé”).

D’Akteuren am Grondschoulwiesen

D’Grondschoule si 15 regionalen Direktiounen zougedeelt.

Un der Spëtzt vun all Direktioun stinn en Direkter a seng bäigeuerdent Direkteren. Si sinn déi hierarchesch Cheffe vun den Enseignanten an d’Uspriechpartner vun den Elteren, sollt et Problemer ginn.

All Klass huet eng Léierpersoun, déi fir dës Klass an der Haaptsaach zoustänneg ass: den Titulaire. D’Léierpersonal an d’Erzéier, déi fir d’Klasse vun deem selwechten Zyklus an enger Schoul zoustänneg sinn, bilden d’pedagogesch Ekipp vum Zyklus. All Titulaire behält awer seng Responsabilitéit vis-à-vis vun de Kanner vu senger Klass. D’Reunioune vun der Ekipp gi vum Koordinator vum Léierzyklus geréiert. D’Ekipp soll sech un der schoulescher Entwécklung vun hirer Schoul nom Schoulentwécklungsplang (PDS – plan de développement de l’établissement scolaire) bedeelegen.

All Schoul huet e Schoulcomité, dee vun de Membere vum Personal aus hirer Mëtt gewielt gëtt. De President vum Schoulcomité, op fënnef Joer gewielt, suergt fir e gudde Fonctionnement vun der Schoul an ass fir d’Relatioune mat der Gemeng an den Eltere vun de Schüler zoustänneg.

Et besteet e reegelméissege Kontakt zu den Elteren, deen indispensabel ass fir d’Motivatioun an d’Fortschrëtter vum Schüler.

Fir déi Schüler z’ënnerstëtzen, déi eng besonnesch Betreiung an der Klass brauchen, ginn déi nächst véier Joer 150 Enseignante recrutéiert, déi spezialiséiert si fir Schüler, déi besonnesch musse gefërdert ginn (I-EBS – instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins spécifiques). Dëst Schoulpersonal kënnt direkt an de Schoulen zum Asaz.

Am Fall vu Schüler mat besonnesche pedagogesche Besoine kann d‘Fachpersonal fir d’Ënnerstëtzung vun de Schüler mat besonneschem Fërderbedarf (ESEB – équipe de soutien des élèves à besoins spécifiques) d’Schoulpersonal an déi betraffen Eltere beroden. Dës spezialiséiert Ekipp kann och eng ambulant Betreiung assuréieren oder der Kommissioun fir Inklusioun roden, eng spezialiséiert Institutioun zouzezéien.

D’ESEB kann aus Léierpersonal, Pedagogen, Psychologen, Heilpedagogen, Logopeden, Psychomotoriktherapeuten a Psycho-Rehabilitatiounsexperten, Ergotherapeuten, Sozialaarbechter, Infirmieren, Kannerinfirmieren, Educateurs gradués, Erzéier a Membere vum Pool vun den Ersatzléierkräfte bestoen.

D’ESEB ënnersteet engem stellvertriedenden Direkter aus der Grondschouldirektioun.

D’Schoulkommissioun vun der Gemeng këmmert sech ëm d‘Schoulorganisatioun, d’Ëmsetzung vum Schoulentwécklungsplang, den ausserschoulesche Betreiungsplang an de Budget vun de Schoulen. Si besteet aus dem Buergermeeschter respektiv deem sengem Vertrieder, de Vertrieder aus dem Gemengerot, de Vertrieder vum Schoulpersonal an den Elteren.

Aktualiséiert