Schoulpersonal

Fir de Recrutement an d’Verwaltung vum Personal vum Enseignement Secondaire ass de Staat zoustänneg. D’Personal, Fonctionnairen oder Employés d’Etat, ënnersteet dem Minister.

Zum Personal vum Lycée gehéieren nieft dem Direkter eventuell een oder méi stellvertriedend Direkteren, d’Professere fir déi verschidde Fächer (Sproochen, Geschicht, Mathematik, Physik, Konscht asw.), d’Professere fir den allgemengen Unterrecht, d’Léierpersonal vun der Voie de préparation, d’Léierpersonal fir spezialiséiert Coursen an Allgemengbildung, Psychologen, Erzéier, Sozialaarbechter, Bibliothekaren an Dokumentalisten asw.

Jee no Besoine gehéieren zum Personal vun de Lycéeën och Chargé-de-coursen, Chargés d’éducation a Chargés d’enseignement, an zwar op onbestëmmten Zäit, a Voll- oder Deelzäit, als Membere vum Pool vun den Ersatzléierkräften. Ausserdeem kënne Chargés d’éducation op bestëmmten Zäit, Voll- oder Deelzäit, engagéiert ginn, fir anert Léierpersonal ze ersetzen.

Am Kader vum ëffentleche Secondaire classique a Secondaire général fir Erwuessener recrutéiert de Ministère och Formateuren an der Erwuessenebildung.

Déi folgend Ënnerrubricke beschreiwen den Zougang zur Carrière vum Enseignant-Fonctionnaire, de Poste fir Chargé-de-coursen a Formateuren an der Erwuessenebildung. Déi engleschsproocheg Eurypedia-Säite ginn eng Iwwersiicht iwwer d’Fachpersonal am Secondaire classique a Secondaire général.

Aktualiséiert