Iwwergang an d’Erwuesseneliewen

Den Iwwergang vun der Kandheet an d’Jugend, duerno an d’Erwuesseneliewen, vum Enseignement fondamental an den Enseignement secondaire an an den Enseignement supérieur oder dat aktiivt Beruffsliewen ... Kanner a Jugendlecher duerchlafen e puer wichteg Iwwergangsphasen op hirem Wee an d’Eegestännegkeet.

Fir d’Verännerungen, déi mat dësen Entwécklunge verbonne sinn, besser ze bewältegen, kënnen déi Jonk sech vun hiren Elteren, Frënn a Famill, vum Léierpersonal a psycho-soziale Mataarbechter an de Schoulen a Lycéeën, awer och vu sozio-pedagogesche Mataarbechter vun de Jugendhaiser an de Jugendservicer ënnerstëtzen a begleede loossen.

Affektiv a Sexualerzéiung

D’Fërderung vun der affektiver a sexueller Gesondheet hëlleft de Kanner a Jugendlechen, korrekt an onparteiesch Informatiounen iwwer déi verschidden Aspekter vun der Sexualitéit ze kréien a fundamental Kompetenzen ze entdecken, fir hinnen eng positiv a verantwortungsvoll Astellung zu der Sexualitéit ze vermëttelen. Zil ass et, si ze responsabiliséieren, fir datt si hir Sexualitéit an hir sexuell Bezéiungen an deene verschiddene Phase vun hirem Liewe selwer bestëmmen an eng respektvoll an erfëllte Sexualitéit a Léift liewe kënnen, ouni Zwäng, Diskriminatiounen a physesch, sexuell oder psychesch Gewalt.

Wann een d’Gefills- a Sexualliewen am grousse Ganze betruecht, beschränkt sech d’Fërderung vun der affektiver a sexueller Gesondheet net op déi reng physiologesch, biologesch an emotional Aspekter, mee si bezitt och Aspekter ewéi Frëndschaft, Emotionalitéit, géigesäitege Respekt, Gläichheet, Vertrauen, Sécherheet, Selbstbestëmmung a Matverantwortung mat an. Dës Aktioun betrëfft dat ganzt Liewen.

Si ass ugepasst un den Alter, d’Geschlecht, d’Geschlechtsidentitéit, d’Hierkonft, d’Kultur, de gesondheetlechen Zoustand an den Entwécklungsniveau vun der Zilgrupp. Si berücksichtegt déi spezifesch (ënner anerem psychosozial, kulturell, geschlechtsspezifesch, identitéitsbezunn) Besoine vun den Zilgruppen.

An dësem Kontext koordinéiert de Service de la jeunesse d’Ëmsetzung vun alle geplangten Aktiounen, fir déi Ziler ze erreechen, déi am Nationale Méijoresplang fir d’Fërderung vun der affektiver a sexueller Gesondheet 2019 (Plan d’action national pour la promotion de la santé affective et sexuelle pluriannuel 2019) festgeluecht goufen.

Wunnraum fir Jugendlecher

De Ministère finanzéiert d’Ariichtung an d’Begleedung vu Wunnstrukture fir Jonker, déi sech an der Iwwergangsphas zu engem eegestännegen an erwuessene Liewe befannen. D’Offer adresséiert sech u Jugendlecher am Alter tëschent 18 a 27 Joer, déi net méi bei hirer Famill doheem wunne kënnen oder wëllen. Déi entspriechend Servicer bidden Zëmmeren oder Studioen zu gënschtege Präisser un. D’sozio-pedagogesch Aarbecht, déi an dëse Wunnstrukture gemaach gëtt, fërdert d’Liewen an der Gemeinschaft an d’Entwécklung vun der Eegestännegkeet vun deene Jonken an erméiglecht, wann dat néideg ass, eng individuell Begleedung.

De Service konzentréiert sech op déi follgend Aktivitéiten:

  • d’gemeinschaftlecht Liewen an der Struktur ënnerstëtzen;
  • d’Wunnenge geréieren;
  • deene Jonke Kontaktpersounen an, wann néideg, Fachleit zur Verfügung stellen.

Iwwer 220 Wunnenge fir Jugendlecher goufen am ganze Land vu verschiddene Gestionnairë kreéiert (Zuele vum Juni 2022).

Zil ass et, an enker Zesummenaarbecht mam Wunnengsbauministère weider Wunnraum fir Jugendlecher ze schafen an eng Offer un alternative Wunnméiglechkeeten ze entwéckelen, z. B. déi sougenannten Tiny Houses.

Servicer fir d’Jugend am Beräich vum Logement, déi 2022 staatlech konventionéiert sinn:

Sucht

Fir d’Suchtpreventioun an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen ze verstäerken, koordinéiert an implementéiert de Service de la jeunesse d’Preventiounsziler an d’Bildungsmoossnamen, déi am Nationalen Drogenaktiounsplang 2020-2024 (plan d’action national drogues 2020-2024) festgehale sinn.

Zesumme mat Fachleit um Gebitt vun der Sucht an och an interministerieller Zesummenaarbecht huet de Service de la jeunesse universell Preventiounsmoossnamen ausgeschafft, déi sech u Professioneller aus dem Educatiounssecteur, awer och direkt u Kanner a Jugendlecher riichten. Dës Moossname bestinn doranner, de pedagogesche Fachleit déi wëssenschaftlech Erkenntnisser a Richtlinnen un d’Hand ze ginn, déi hinnen eng gutt Begleedung vu Kanner a Jugendlechen an Nout erliichtere kënnen. Kanner a Jugendlecher kënne vu Coursë profitéieren, déi d’Kompetenze stäerken, déi fir hiert Wuelbefannen néideg sinn, well e verbessert Wuelbefannen d’Risikofacteure reduzéiert, déi zu engem fréien Drogekonsum féiere kënnen.

Spilleresch Preventioun mat Videospiller

Videospiller sinn net méi aus dem Alldag vun de Jugendlechen ewechzedenken. Si kënnen zu engem potenzielle Léiergéigestand vun eiser Jugend ginn a stinn de Pedagogen an Educateuren ëmmer méi alsBildungsinstrument zur Verfügung.

Den Asaz vu Videospiller an der non-formaler Bildung setzt eng professionell Begleedung vun de jugendleche Spiller viraus. D’Verknëppung vun non-formaler Bildung a Jugenaarbecht mat den (Videospill-)Welte bitt Perspektive fir nei mediepedagogesch Bildungs- an Handlungskonzepter. Hir Ëmsetzung muss allerdéngs vu Pedagogen a Jugendaarbechter begleet ginn.

An deem Sënn thematiséiert d’Buch Play seriously, dat vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ausgeschafft gouf, de geziilten Ëmgang mat Computerspiller fir pedagogesch Zwecker. Et soll Pedagogen a Jugendaarbechter vun der non-formaler Bildung als Guide déngen, fir d’Digitaliséierung vum Alldag vun de Jugendleche mat neie Weeër a Methoden vun der non-formaler Bildung a Jugenaarbecht ze verbannen.

Jugendbeschäftegung

E wichtege Volet vun der Offer vum Service national de la jeunesse (SNJ) ass d’Ënnerstëtzung vun deene Jonke beim Iwwergang an d’Beruffsliewen. Heizou ziele Fräiwëllegeprogrammer, Entdeckungsstagen a lokal Antennen, fir déi Jonk ze beroden a se individuell bei der Orientatioun ze ënnerstëtzen. Déi Jonk gi beim Ausschaffe vun hire beruffleche Projete begleet an ënnerstëtzt.

E weidere ganz wichtege Programm ass d’Jugendgarantie.

Aktualiséiert