Jugendpolitik

D’Jugendpolitik stäipt sech op eng aktiv Consultatioun vun de Jugendlechen, de Jugendorganisatiounen an de Professionellen, déi mat a fir d’Jugend schaffen, genee ewéi op d’Zesummenaarbecht mat der Fuerschungswelt, fir d’Situatioun vun de Jugendlechen zu Lëtzebuerg an d’Froen, déi si beschäftegen, esou präzis ewéi méiglech ze erfaassen.

Dobäi kënnt och d’Kooperatioun um europäeschen Niveau, besonnesch d’EU-Jugendstrategie 2019-2027.

D’Zil vun der Jugendpolitik ass den Epanouissement vun de Jugendlechen, d’Fërderung vun hirer sozialer a berufflecher Integratioun, d’Stäerkung vun hirem Selbstwäertgefill an hir aktiv Participatioun.

 

Liest hei weider Informatiounen:

Aktualiséiert