
Vum Schouljoer 2022-2023 un organiséieren d'Maison relais, de Foyer oder d'Dageselteren, déi Äert Kand betreien, eng systematesch a qualitativ héichwäerteg Hausaufgabenhëllef fir d'Schoulkanner aus den Zyklen 2 bis 4 aus der Grondschoul.
En adaptéiert Ëmfeld, fest Auerzäiten, Verbindungsinstrument mam Enseignant, Definitioun vun der Roll vum Erzéiungspersonal, Informatioun vun den Elteren - all dës Elementer droen zesummen dozou bäi, datt Äert Kand seng Aufgaben ënnert de beschte Bedéngunge maache kann.
Äert Kand festegt d'Matière, déi an der Klass agefouert gouf, ënnert gudde Bedéngungen a verbessert esou seng Chancë fir eng schoulesch Reussite. Gläichzäiteg kritt Dir eng Aufgab ofgeholl, déi vill Plaz an Ärem Zäitplang anhuelen an d'Bezéiungen an der Famill belaaschte kann.
Wéi mellt Dir Äert Kand fir d'Hausaufgabenhëllef un?
D'Hausaufgabenhëllef zielt zu de Leeschtungen, déi d'office fir Schoulkanner aus den Zyklen 2 bis 4 vun der Grondschoul, déi an enger Maison relais ageschriwwe sinn oder vun Dageseltere betreit ginn, ugebuede ginn. Si ass gratis, well si fält ënnert den Dispositif vun de gratis Mesurë fir Schoulkanner wärend de Schoulwochen, vu 7:00 bis 19:00 Auer.
D'Kanner mussen net speziell fir d'Hausaufgabenhëllef ugemellt ginn, si mussen awer an enger Bildungs- a Betreiungsstruktur ageschriwwe sinn.
Virun dëser Aschreiwung sollt Dir awer wgl. iwwerpréiwen, ob Dir déi néideg Demarchë bei der Gemeng vun Ärem Wunnuert gemaach hutt, fir datt Äert Kand vum Chèque-service accueil (CSA) profitéiert.
Liest och: Gratis Mesuren: Non-formal Bildung zougänglech fir jiddwereen.
Hausaufgaben, wat ass dat?
D'Hausaufgabe sinn Aufgaben, déi den Enseignant de Schüler gëtt, an déi si no de Schoulstonne maache sollen. Et si Widderhuelungsübungen, Verbesserungen oder Revisioune vu Sujeten, déi an der Klass behandelt goufen, mat deenen de Léierstoff soll gefestegt ginn. Wichteg ass, datt de Schüler seng Aufgaben ëmmer selbstänneg maache kann.
D'Hausaufgabenhëllef, wat ass dat?
Den Educateur oder d'Dageselteren hëllefen Ärem Kand, seng Aarbecht ze organiséieren an d'Aufgaben ze verstoen, a kucken zesumme mat him, ob d'Aufgaben erleedegt sinn.
Wann Äert Kand Schwieregkeete bei enger Aufgab huet, droen den Educateur oder d'Dageselteren eng Remark an dat digitaalt Aufgabebichelchen, d’E-Bichelchen, an. Souwuel Dir wéi och den Enseignant kritt dann eng Noriicht geschéckt.
Dem Erzéiungspersonal gi Formatiounen an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l’Éducation nationale ugebueden, fir dës Hausaufgabenhëllef optimal assuréieren ze kënnen.
Wéi gëtt d'Hausaufgabenhëllef organiséiert?
An der Klass kritt Äert d'Kand d'Inhalter vu sengen Aufgaben erkläert.
No der Schoul kann et sech an der Maison relais oder bei den Dageselteren op enger roueger Plaz installéieren, fir seng Hausaufgaben ze erleedegen. Vu méindes bis donneschdes, jee no Struktur och freides, ass fir d'Hausaufgaben e feste Creneau vun enger Stonn virgesinn.
Wann d'Aufgabe fäerdeg sinn, kann Äert Kand un aneren Aktivitéiten deelhuelen.
D'e-Bichelchen, wat ass dat?
Fir den Austausch tëschent den Enseignanten, den Educateuren an Iech, den Elteren, ze erliichteren, huet de Ministère en digitaalt Aufgabebichelchen agefouert, dat sou genanntent e-Bichelchen. Den Enseignant dréit d'Hausaufgaben an dëst Bichelchen an. D'Educateuren, d'Dageselteren an d'Elteren hunn och Zougrëff op d'Bichelchen. Si kënnen esou de Schüler superviséieren, deen d'Aufgaben, déi en erleedegt huet, ukräizt.
Ass d’Aarbecht mam e-Bichelchen obligatoresch?
D’e-Bichelchen ass den zentralen Outil vun der Hausaufgabenhëllef, dee säit der Rentrée 2022 benotzt gëtt. Dëst Schouljoer ass eng Iwwergangsphas, an där d’Enseignanten, d’edukatiivt Personal an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen, d’Dageselteren, d’Elteren an d’Kanner selwer Zäit hunn, den Outil kennenzeléieren a sech mat senge verschiddene Funktionalitéiten ze familiariséieren.
An engem online Tutorial ginn d’Zouganksprozedur esou wéi déi wichtegst Funktionalitéite vum e-Bichelchen erkläert.
Wéi gëtt den Accès op d’e-Bichelchen organiséiert?
Wéi eng Schoulkanner hunn Accès op d’e-Bichelchen?
Am Kontext vun der Hausaufgabenhëllef ass d’e-Bichelchen accessibel fir d’Schüler aus de Cyclen 2 bis 4 vun der ëffentlecher Grondschoul. Dozou gehéieren och déi ëffentlech international Schoulen (Primär 1 bis 5) grad ewéi d’engleschsproocheg international Primärschoulsklassen aus der International School Michel Lucius (stages 1-6). D’Schüler, déi an eng privat Schoul, eng privat international Schoul oder eng europäesch Schoul ginn ginn (Schola Europaea Luxembourg I et II), hu keen Accès op d’e-Bichelchen.
Wie generéiert d’Accèse fir d’e-Bichelchen?
D’Enseignantë generéieren d’Accèsen op d’e-Bichelche fir d’Elteren, dat edukatiivt Personal an och d’Dageselteren. Falls den Zougankscode verluer geet, sinn et och d’Enseignanten, déi een neie generéieren.
Wou kann een sech aloggen?
D’e-Bichelchen ass accessibel via den Internetsite www.e-bichelchen.lu. Eng mobil Applikatioun (App) kann och am App Store an am Google Play Store (mat Links) erofgeluede ginn.
Wéi kréien d’Elteren Accès op d’e-Bichelche vun hirem Kand?
D’Eltere logge sech mat Hëllef vu LuxTrust an. An der Applikatioun musse si een Zougankscode aginn, deen an der Schoul vum Enseignant erausgedréckt gëtt an deen hiert Kand mat heembréngt. D’Eltere brauchen keen IAM-Kont.
Den Zougankscode ass net op ee Schouljoer limitéiert, mee ass déi ganz Schoulzäit, déi d’Kand an der Grondschoul ass, gülteg.
Wéi kréien d’Elteren Accès op d’e-Bichelche vun hirem Kand, wa si kee LuxTrust hunn?
LuxTrust ass eng digital Identitéit, déi benotzt gëtt, fir Zougank zu enger ganzer Rëtsch vun Online-Déngschter ze kréien. Dëst gëlt och fir d’e-Bichelchen. Dat ass néideg, well et sech bei den Informatiounen am e-Bichelchen ëm perséinlech Donnéeën handelt. Déi Elteren, déi nach kee LuxTrust hunn, kënnen dësen ufroen, iwwert de Site www.luxtrust.com. Bis LuxTrust aktivéiert ass, kënne si sech iwwert de Login vun hirem Kand (IAM a Passwuert) aloggen. Allerdéngs kréien déi Erwuessen nëmmen d’Funktionalitéiten ugewisen, op déi d’Kand Zougrëff huet. Dëst soll deemno nëmmen eng Noutléisung sinn. Wärend dëser Iwwergangsphas ass et awer och méiglech, fir d’Hausaufgaben iwwert en anere Wee ze kréien (beispillsweis op Pabeier).
Wéi kréien dat edukatiivt Personal an d’Dageselteren Accès op d’e-Bichelche vun deene Kanner, déi si betreien?
D’Educateuren aus de Bildungs- a Betreiungsstrukturen an d’Dageseltere kréie fir all Kand een aneren, speziell fir si geduechte Code, deen hinnen Accès op dat jeeweilegt digitaalt Aufgabebichelche gëtt. Dëse Code gëtt vun der Applikatioun automatesch generéiert a vum Enseignant erausgedréckt. D’Kand bréngt de Code op Pabeier mat an d’ Bildungs- a d’Betreiungsstruktur oder bei d’Dageselteren.
Zyklus 1: Wat sinn déi praktesch Funktionalitéite vum e-Bichelche?
Wéi funktionéiert den Informatiounsaustausch iwwer d’e-Bichelchen?
D’Funktionalitéit „Norichten“ erlaabt et den Elteren an Enseignanten, Informatiounen anzeginn an ze kommunikéieren, wéi z. B. Detailer zur Organisatioun vun engem pedagogesche Klassenausfluch oder den Datum vum Schoulfest.
Wéi kënnen d’Elteren d’Léier- a Betreiungspersonal iwwer d’Absence vun hirem Kand informéieren?
D’Eltere gi fir all Dag vun der Absence d’Motiver (Krankheet vum Kand, Dokteschrendez-vous oder en anert Motiv, wéi den Doud vun engem Familljemember, e Cas de force majeure asw.) an déi concernéiert Acteuren (Schoul, Bildungs- a Betreiungsstruktur oder déi zwee) un. Eng optional Bemierkung ka bäigefüügt ginn. Eng Absence, déi scho fir d’Zukunft agedroe gouf, ka geläscht ginn. D’Absencë si fir all Schouldag affichéiert.
D’Entscheedung, ob den Absencësystem vum e-Bichelche benotzt gëtt oder net, ass dem Enseignant, dem Educateur oder den Dageselteren iwwerlooss. Esoubal se agedroe sinn, ginn déi ofgespäichert Absencen den Enseignanten an ‒ wann et zoutrëfft ‒ dem concernéierte Personal vun de Strukture per E-Mail matgedeelt. D’automatescht Verschécke kann an den Astellungen ausgeschalt ginn.
Wéi eng Sprooche si fir d’e-Bichelchen disponibel?
De User kann d’App op Däitsch oder op Franséisch benotzen. Onofhängeg vun der Sprooch, an där d’Beschreiwung vun der Aufgab oder d’Bemierkung verfaasst ginn ass, kann de User sämtlech Texter duerch en einfache Klick an d’Sprooch vun der App, déi en ausgewielt huet, iwwersetze loossen.
Et ass och virgesinn, fir d’Offer vun de Sprooche vun der App deemnächst duerch Lëtzebuergesch, Englesch a Portugisesch ze erweideren.
Zyklen 2-4: Wat sinn déi praktesch Funktionalitéite vum e-Bichelche?
Wéi funktionéiert den Informatiounsaustausch iwwer d’e-Bichelchen?
D’Funktionalitéit „Norichten“ erlaabt et den Elteren an Enseignanten, Informatiounen anzeginn an ze kommunikéieren, wéi z. B. Detailer zur Organisatioun vun engem pedagogesche Klassenausfluch oder den Datum vum Schoulfest.
Wie kann den Deel vun den Hausaufgaben, déi scho gemaach gi sinn, cochéieren?
De Schüler selwer, esou ewéi d’Elteren, d’edukatiivt Personal an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen an d’Dageseltere kënnen Deelaufgabe cochéieren. Mat der Hëllef vun dëser Funktioun gesinn d’Elteren, wellech Deelaufgabe vun enger Hausaufgab an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen gemaach goufen a wellech nach opstinn, fir d’Hausaufgab ganz fäerdeg ze maachen.
Wie kann d’Gesamtheet vun den Hausaufgabe cochéieren?
Doheem kënnen d’Elteren oder aner Begleetpersounen, déi vun den Elteren den Zougankscode kritt hunn, d’Hausaufgabe cochéieren.
An enger Bildungs- oder Betreiungsstruktur kënne souwuel d‘Kanner ewéi d’Educateuren déi fäerdeg gemaachten Hausaufgabe cochéieren. D’Eltere confirméieren dat dann duerno.
Kënnen d’Elteren eng Remark an d’E-Bichelche schreiwen?
Jo, et ass méiglech, eng Remark zu den Hausaufgaben dranzeschreiwen, e Feedback zu Informatiounen ze ginn, eng Fro ze stellen, no enger Prezisioun ze froen asw. Den Espace, deen dofir virgesinn ass, ass op 250 Zeeche begrenzt fir sécherzestellen, dass d’Kommunikatioun prezis a verständlech bleift. Dës Aschränkung ass d’selwecht fir d’Enseignanten, d’Elteren, d’Personal vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen an d’Dageselteren.
D’Inscriptioune musse sech op d’Hausaufgabe beschränken. Sensibel Donnéeën, déi d’Kand betreffen (z. B. säi Gesondheetszoustand), kënnen net iwwermëttelt ginn, am Aklang mat der Reglementatioun iwwer den Dateschutz.
Wéi kënnen d’Elteren d’Léier- a Betreiungspersonal iwwer d’Absence vun hirem Kand informéieren?
D’Eltere gi fir all Dag vun der Absence d’Motiver (Krankheet vum Kand, Dokteschrendez-vous oder en anert Motiv, wéi den Doud vun engem Familljemember, e Cas de force majeure asw.) an déi concernéiert Acteuren (Schoul, Bildungs- a Betreiungsstruktur oder déi zwee) un. Eng optional Bemierkung ka bäigefüügt ginn. Eng Absence, déi scho fir d’Zukunft agedroe gouf, ka geläscht ginn. D’Absencë si fir all Schouldag affichéiert.
D’Entscheedung, ob den Absencësystem vum e-Bichelche benotzt gëtt oder net, ass dem Enseignant, dem Educateur oder den Dageselteren iwwerlooss. Esoubal se agedroe sinn, ginn déi ofgespäichert Absencen den Enseignanten an ‒ wann et zoutrëfft ‒ dem concernéierte Personal vun de Strukture per E-Mail matgedeelt. D’automatescht Verschécke kann an den Astellungen ausgeschalt ginn.
Wéi eng Sprooche si fir d’e-Bichelchen disponibel?
De User kann d’App op Däitsch oder op Franséisch benotzen. Onofhängeg vun der Sprooch, an där d’Beschreiwung vun der Aufgab oder d’Bemierkung verfaasst ginn ass, kann de User sämtlech Texter duerch en einfache Klick an d’Sprooch vun der App, déi en ausgewielt huet, iwwersetze loossen.
Et ass och virgesinn, fir d’Offer vun de Sprooche vun der App deemnächst duerch Lëtzebuergesch, Englesch a Portugisesch ze erweideren.
Mussen d’Kanner hir Hausaufgaben an de Betreiungs- a Bildungsstrukturen oder bei den Dageselteren maachen?
Wann d’Elteren net wëllen, datt hiert Kand seng Hausaufgabe wärend der Hausaufgabenhëllefzäit mécht, mussen si dem Responsabel vun der Betreiungs- a Bildungsstruktur Bescheed soen. An dësem Fall kann d’Kand sech un aneren Aktivitéiten uschléissen.
Verbesseren den Educateur oder d’Dageselteren dem Kand seng Hausaufgaben, déi et wärend der Hausaufgabenhëllef gemaach huet?
Et gehéiert net zu den Aufgabe vum Personal aus de Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Maison-relaisen, Foyer-scolairen, ewéi och d'Dageselteren), fir d'Aufgaben ze verbesseren oder de Kanner Léierstoff ze erklären, dee si net verstan hunn. Dat bleift d'Aufgab vum Enseignant. Si kënnen awer d’Consignen erklären a mam Kand kucken, ob et d’Hausaufgabe gemaach huet.
An enger Bildungs- oder Betreiungsstruktur kënne souwuel d‘Kanner ewéi d’Educateuren déi fäerdeg gemaachten Hausaufgaben cochéieren. D’Elteren confirméieren dat dann duerno.
Wou fannt Dir Hëllef?
Fir weider Informatioune kontaktéiert d’Helpline um 8002-9090 wärend de Schaffdeeg vun 9.00 bis 12.00 Auer a vun 13.00 bis 16.00 Auer oder per E-Mail op helpdesk@e-bichelchen.lu.