Garantéiert pedagogesch Qualitéit an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen

D'Qualitéit beschränkt sech net op d'Infrastrukturen an d'Sécherheetsnormen. Fir d'Zukunft vun all Kand, an domat vun der nächster Generatioun, virzebereeden, huet de Staat am September 2016 en Dispositif agefouert, deen d'pedagogesch Qualitéit garantéiere soll an  dee fir all Bildungs- a Betreiungsstrukturen, Dageselteren a Prestatairë vum Chèque-service accueil-System (CSA) gëllt.

En nationale Referenzkader fir déi pedagogesch Aarbecht

D'pedagogesch Aarbecht vum Erzéiungspersonal oder den Dageseltere baséiert um nationale Referenzkader fir non-formal Bildung. Hei ginn déi allgemeng Zilsetzungen a pedagogesch Prinzippie beschriwwen, déi am Interêt vun de Kanner ëmgesat musse ginn. De Referenzkader gëtt och eng Hëllef beim Plange vu pedagogeschen Aktivitéiten. Am Mëttelpunkt vun de Beméiunge stinn d'Selbstännegkeet, d'fräiwëllegt Matmaachen, d'Léieren duerch de Grupp ronderëm d'Bild vun engem „kompetente Kand”, dat vu Gebuert un divers Fäegkeeten an Interessien huet.

Eng breet Weiderbildungsoffer fir d'Personal

D'Weiderbildung vum Personal ass e wichtegt Element, fir d'Qualitéit vun der pedagogescher Betreiung ze garantéieren. Zanter Ufank 2022 bitt de Staat gratis Formatioune fir d'Erzéiungspersonal un. D'Weiderbildungsoffer gëtt och ausgedeent an op nationalem Plang koordinéiert.

Doriwwer eraus ginn eng professionell Begleedung fir d'Direktiounsekippe vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen a speziell Formatioune fir dat technescht an administratiivt Personal ugebueden.

Eng reegelméisseg Kontroll

De Suivi vun der pedagogescher Qualitéit gëtt um Terrain vun den Agents régionaux vum Service national de la jeunesse (SNJ) séchergestallt. Déi ronn drësseg Agents régionaux begleeden a beroden déi Responsabel an d'Personal vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen an och d'Dageselteren.

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend kontrolléiert, ob déi gesetzlech a reglementaresch Ufuerderungen erfëllt ginn.

Aktualiséiert