Déi perséinlech Entwécklung vum Kand

D’Betreiung vu Kanner an enger SEA-Struktur oder bei Dageselteren (AP) huet sech verännert. D’Zil ass net méi, just op d’Kand „opzepassen“, fir datt d’Elteren d’Familljen- a Beruffsliewen ënner een Hutt kréien.

Elteren, déi d’Opsiicht iwwer hir Kanner enger Struktur oder Dageselteren iwwerdroen, mussen sech kënnen drop verloossen, datt d’Betreiung de Besoine vum Kand entsprécht an et a senger Entwécklung ënnerstëtzt.

Dëser pädagogescher Aufgab kënnt eng grouss Bedeitung zou, well d’SEA-Strukturen an d’Dageselteren iwwer d’Hallschent vun de Kanner zu Lëtzebuerg betreien. Fir d’Entwécklung vum Kand op kohärent Aart a Weis ze ënnerstëtzen an him déi bescht Chancë fir säi spéidert Liewen ze bidden, huet d’Regierung déi pädagogesch Qualitéit zur nationaler Prioritéit erkläert.

D’Entwécklung vum Kand op eng kohärent Manéier ënnerstëtzen

D’Léiere stimuléieren, de Virwëtz stëppelen, d’Entwécklung vum Kand fërderen: D’Betreiungsstrukturen zu Lëtzebuerg musse fir eng héichwäerteg pädagogesch Offer suergen.

Zu dësem Zweck huet d’Regierung am Joer 2016 e System fir d’Qualitéitssécherung vun der pädagogescher Offer agefouert, deen all d’SEA-Strukturen an d’Dageseltere mussen ëmsetzen.

D’Häerz vun dësem System ass en nationale Referenzkader (Pdf, 1250 KB), deen all Kand e villfältegt Ëmfeld bitt, dat si stimuléiert an en aktiivt Léieren ënnerstëtzt. De Referenzkader leet déi allgemeng Ziler a pädagogesch Prinzipie fest, un déi sech d’Betreiungsstrukturen alleguer mussen halen, well si bidden de Kanner Léierméiglechkeeten an -erfarungen a 6 Beräicher, déi fir hir allgemeng Entwécklung wichteg sinn.

Eng besonnesch Opmierksamkeet kënnt dobäi der Sproochentwécklung an der méisproocheger Erzéiung vu Kanner tëscht 1 a 4 Joer zou.

6 Beräicher, déi fir d’Entwécklung vum Kand wichteg sinn

1. Kreativitéit, Konscht, Ästhetik

De Kanner solle villfälteg kreativ Aktivitéiten ugebuede ginn: Musek, Danz, rhythmesch Aktivitéiten, kleng Opféierungen, Eruféieren u Konschtwierker …

2. Sprooch, Kommunikatioun, Medien

Zu Lëtzebuerg ginn an den SEA-Betreiungsstrukturen a bei den Dageselteren, wéi an der Gesellschaft allgemeng, méi Sprooche benotzt. Duerfir kënnt der Sproochentwécklung eng besonnesch Opmierksamkeet zou: D’Betreier schwätze Lëtzebuergesch a Franséisch mat de Kanner an och der oder de Mammesprooche vum Kand gëtt Rechnung gedroen. D’Kanner ginn encouragéiert, mateneen ze schwätzen, d’Educateure liesen hinnen aus Bicher vir, erziele Geschichten, organiséiere kleng Rollespiller ...

3. Beweegung, Kierperbewosstsinn, Gesondheet

D’Kanner ginn dozou ugehalen, sech ze beweegen, dobaussen an dobannen, fir datt se hir motoresch Fäegkeeten entwéckele kënnen. Si léieren, gesond ze iessen, zesumme mat deenen aneren.

4. Wäerter, Partizipatioun, Demokratie

Bei den deeglechen Aktivitéite léieren d’Kanner den Ëmgang mateneen: zesummen un eppes deelzehuelen, deen Aneren ze akzeptéieren, sech an de Gruppeprozess ze integréieren.

5. Emotiounen a Bezéiungen

Andeems se all Dag zesumme sinn, matenee spillen an och mat Erwuessenen ze dinn hunn, léieren d’Kanner mateneen ze schaffen, deenen Aneren hir Meenung ze akzeptéieren, Emotiounen ze kontrolléieren a mat Konflikter ëmzegoen.

6. Wëssenschaft an Technik

D’Kanner ginn op eng spilleresch Aart a Weis un d’Mathematik, d’Technik, d’Naturwëssenschaften an d’Natur am Allgemengen erugefouert.

Aktualiséiert