Chèque-service accueil - CSA

Betreiung vun engem klenge Kand, Finanzéierung vun enger Wunneng, den Ufank vum Beruffsliewen: Jonk Famille sinn haut mat villen Erausfuerderunge konfrontéiert, déi se bewältege mussen. Duerfir ënnerstëtzt de Lëtzebuerger Staat d’Elteren an dësem finanziell ugespaanten Ofschnëtt vun hirem Liewen.

De Staat bedeelegt sech iwwer de System vum CSA (Chèque-service accueil) un de Käschte vun der Kannerbetreiung. Jee no Akommes kënnen d’Eltere vu reduzéierten Tariffer oder gratis Betreiungsstonnen an den unerkannte Strukture profitéieren. Den CSA-System dréit esou zu enger méi grousser Chancëgläichheet bäi, well e fir d’Kanner alleguer den Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Betreiung méi einfach mécht, onofhängeg vun der Struktur, an déi se ginn.

Den CSA-System adresséiert sech u Kanner tëscht 0 an 12 Joer (oder driwwer eraus, wann se nach an der Grondschoul sinn), deenen hir Elteren zu Lëtzebuerg wunnen; hunn d’Elteren hire Wunnsëtz net hei am Land, muss op d’mannst een Elterendeel zu Lëtzebuerg schaffen an EU-Bierger sinn.

Iwwer den CSA-System kréien d’Elteren eng Reduktioun an de Crèchen, Maison-relaisen, Foyeren a bei den Dageselteren, ënner der Konditioun, datt d’Struktur vum Educatiounsministère als CSA-Déngschtleeschter unerkannt ass. Fir d’Zouloossung ze kréien, muss d’Struktur genee definéiert Qualitéitsnormen erfëllen, dorënner déi, en Optrag vun ëffentlecher Hand ze erfëllen.

myCard fir Kanner

Fir vum CSA-System kënnen ze profitéieren, mussen d’Eltere bei der Gemeng eng CSA-Kaart ufroen, déi op den Numm vum Kand ausgestallt gëtt. Elteren, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, mussen sech un d’Keess fir d’Zukunft vum Kand (Caisse pour l’avenir des enfants) adresséieren.

Déi al Kaart gouf den 23. Abrëll duerch d’myCard fir Kanner ersat; déi Elteren, deenen hir Kanner schonn am CSA-System dra sinn, kruten déi nei Kaart geschéckt. D’mycard fir Kanner erlaabt den Zougang zum gesécherte Beräich vun der Internetsäit www.staarkkanner.lu, déi eng Rei vu Funktionalitéiten a Virdeeler ubitt:

  • Zougang zum pädagogesche Material, dat dem Alter vum Kand ugepasst ass
  • Abléck an d’Rechnunge souwéi d’Ofrechnunge vun all Mount vum CSA
  • Festleeë vun de Wochen am Kader vun der méisproocheger Erzéiung (1 bis 4 Joer)

Dës myCard gëllt fir déi ganz Grondschoulzäit. Den CSA-Bäitrëttskontrakt gëtt zwar all Joer erneiert, ma et gëtt keng nei Kaart.

Wann d’myCard verluer geet, mussen d’Elteren op d’Gemeng resp. d’Keess fir d’Zukunft vum Kand (Caisse pour l’avenir des enfants) goen an do eng nei Kaart ufroen.

Fir technesch Froen zur myCard klickt hei.

Demande fir de Bäitrëtt zum CSA-System (Pdf, 1307 KB)

Staatlech Bedeelegung a Bedeelegung vun den Elteren

Fir déi Famillen ze ënnerstëtzen, déi Hëllef am néidegste brauchen, gëtt bei der Berechnung vum CSA der familiärer Situatioun Rechnung gedroen.

Fir d’Berechnung vun der staatlecher Ënnerstëtzung (d. h. vum CSA) an deem Deel, deen d’Eltere leeschte mussen, ginn déi heite Kriterien erugezunn:

  • d’Akommes vum Stot, an deem d’Kand lieft (bestuete Koppelen, gepacste Partner oder agedroe Liewensgemeinschafte gi bei der Berechnung d’selwecht behandelt),
  • d’Zuel vun de Kanner, fir déi et Kannergeld gëtt, an de Rang vum Kand an der Folleg vun de Geschwëster,
  • d’Aart vun der Betreiungsstruktur (kollektiv Betreiungsstruktur oder Dageselteren),
  • d’Zuel vun de Stonnen, déi d’Kand an enger Betreiungsstruktur verbréngt,
  • besonnesch Virdeeler jee no Alter vum Kand (20 gratis Betreiungsstonne fir Kanner vun 1 bis 4 Joer an enger kollektiver Betreiungsstruktur).

Am Tablo iwwer d’finanziell Bedeelegung vun den Elteren (Pdf, 31 KB) sinn d’CSA-Tariffer opgefouert.

  • D’finanziell Bedeelegung vum Staat ass op 60 Stonnen d’Woch begrenzt.
  • De Staat bezilt maximal 6 Euro/Stonn pro Kand, wann et an enger kollektiver Betreiungsstruktur ass.
  • Et gëtt maximal 3,75 Euro/Stonn pro Kand, wann et dagsiwwer vun Dageseltere betreit gëtt (vu 7 bis 19 Auer). Fir d’Betreiung iwwer Nuecht (19 bis 7 Auer), de Weekend an op Feierdeeg bezilt de Staat zousätzlech 0,50 Euro/Stonn.
  • De Staat bedeelegt sech u 5 Haaptmoolzechten d’Woch, an zwar mat 4,50 Euro pro Moolzecht.

Privat Betreiungsstrukturen an Dageseltere kënnen hir Stonnentariffer fräi bestëmmen. Käschten, déi iwwer dat erausginn, wat vum Staat als Plafong festgeluecht gouf, mussen d’Elteren iwwerhuelen.

D’Käschte fir d’Betreiung an de Schoulvakanze sinn op maximal 100 Euro/Woch festgeluecht; d’Iessensgeld kënnt hei awer nach derbäi.

De finanziellen Deel, deen d’Elteren droe mussen, gëtt op Basis vum Akommes berechent, dat muss versteiert ginn. Wat d’Eltere soss un Hëllef kréien (Allocations familiales, Allocation de rentrée scolaire, Allocations de naissance, finanziell Ënnerstëtzunge vun de Sozialbüroen oder privaten Hëllefswierker) gëtt net mat agerechent.

D’Eltere kréien all Mount eng Rechnung iwwer déi Betreiungsleeschtungen, déi si an Usproch geholl hunn. D’Ofrechnung kann ee sech am gesécherte Beräich vu www.staarkkanner.lu ukucken (Beräich Chèque-service, kuckt uewe riets).

Berechnung vun der finanzieller Bedeelegung vun den Elteren (Pdf, 1366 KB)

Kanner vun 1 bis 4 Joer: 20 gratis Betreiungsstonnen – déi nämmlecht Chancë fir jiddereen

Jidderee soll Zougang zum méisproochegen Erzéiungsprogramm hunn, duerfir hu Kanner vun 1 bis 4 Joer, déi an enger kollektiver Betreiungsstruktur ugemellt sinn, déi dem CSA ugeschloss ass (Dageseltere sinn hei net abegraff), Usproch op 20 gratis Betreiungsstonne wärend 46 Wochen am Kalennerjoer.

All d’Kanner vun 1 bis 4 Joer, déi nach net an d’Schoul ginn, kënne vun dëser gratis Offer profitéieren, onofhängeg vum Akommes vun hiren Elteren. D’Leeschtunge vum CSA-System komme bei dës 20 Gratisstonnen derbäi (kuckt hei uewendriwwer) a gëlle vun der 21. Betreiungsstonn un.

Kanner, déi hallef Deeg am Precoce ageschriwwe sinn an zousätzlech eng Crèche besichen, kënnen am Kader vun der méisproocheger Erzéiung zéng Gratisstonne pro Woch an Usproch huelen.

De méisproochege Programm, deen am Oktober 2017 an allen Erzéiungs- a Betreiungsstrukture fir kleng Kanner, déi dem CSA-System ugeschloss sinn, agefouert gouf, soll Kanner vun 1 bis 4 Joer mat der lëtzebuergescher a franséischer Sprooch familiariséieren. Et gëtt allgemeng ugeholl, datt, wat een éischter mat enger Sprooch a Kontakt kënnt, wat een se méi liicht léiert.

Aktualiséiert