Gratis Betreiungsstonnen - Regele fir de Gebrauch

Léif Elteren

Bei der Aschreiwung vun Ärem Kand an de “chèque-service accueil” krut Dir eng personaliséiert Kaart mam Numm vun Ärem Kand geschéckt. Mat dëser “myCard fir Kanner” hutt Dir Zougang zum gesécherte Beräich vum Site www.staarkkanner.lu, dee verschidde Funktionalitéiten ubitt:

  • Zougang zu pädagogeschem Material
  • Méiglechkeet, fir Är Rechnungen an Decomptë vum CSA ze kucken
  • Méiglechkeet, déi Wochen ze änneren, wou d’Gratuitéit vun der méisproocheger Fréifërderung net gräift

Dat ofgeännert Jugendgesetz gesäit nämlech vir, datt Äert Kand 46 Woche vum Kalennerjoer vun de gratis 20 Wochestonne vum méisproochege Programm profitéiere kann. Am Prinzip bleiwe sechs Woche Rescht, wou Dir net op dës 20 gratis Betreiungsstonne kënnt zeréckgräifen.

Fir d’Joer 2021 goufen dës Woche par défaut festgeluecht op:

  1. déi éischt Woch vun der Ouschtervakanz, vum 5. bis de 11. Abrëll 2021
  2. d’Päischtvakanz vum 24. bis den 30. Mee 2021
  3. d’Woch vum 26. Juli bis de 1. August vun der Summervakanz 2021
  4. d’Woch vum 2. bis den 8. August vun der Summervakanz 2021
  5. d'Allerhellegevakanz vum 1. bis den 7. November 2021
  6. déi éischt Woch vun der Chrëschtvakanz, vum 20. bis den 26. Dezember 2021

Wann Dir eis näischt anescht matdeelt, da kënnt Äert Kand wärend dëse sechs Wochen am Joer 2021 net an de Genoss vun de gratis Betreiungsstonnen. Wann néideg, kënnt Dir d'Verdeelung vun de Wochen änneren.

Eng Ännerung kann zu all Moment virgeholl ginn, soulaang d'Rechnungsperiod, an där déi festgeluechte Woch läit, nach net eriwwer ass.

Mir recommandéieren, Är 6 Wochen onbezuelten Encadrement onbedéngt op d’Woche vun de Schoulvakanzen ze leeën, well den Accueilspräis wärend deene Wochen ëmmer op 100 €/Woch plafonéiert ass (Molzechten an eventuell Supplementen net mat abegraff).

Soubal de Mount eriwwer ass, kënnt Dir déi Wochen, déi net gratis sinn, net méi verréckelen. All eventuell Neiverrechnung baséiert sech op dat, wat virum Enn vum Mount gewielt ginn ass.
Dir fannt am Beräich „Espace chèque-service“ e Video, deen Iech dës Funktionalitéit erkläert.

D’myCard vun Ärem Kand bleift bis zum Enn vun der Grondschoul gülteg. Anescht ausgedréckt: Dir kritt keng nei Kaart bei der jäerlecher Erneierung vum Kontrakt vum chèque-service accueil.

Wann Dir nach Froen zu "myCard" hutt, kënnt Dir op dëse Link klicken.

Dernière mise à jour