
Zu Lëtzebuerg ginn et e puer Zorte vun non-formale Bildungsstrukturen, an deene Kanner, vun 0 bis 12 Joer betreit ginn. Als Eltere kënnt Dir d’Betreiungsstruktur, där Dir Äert Kand uvertraue wëllt, selwer eraussichen; ob Äert Kand ugeholl gëtt, hänkt awer dovun of, ob eng Plaz fräi ass. Verschidde Strukturen huelen awer nëmme Kanner un, déi an der Gemeng wunnen oder do an d’Schoul ginn.
Verschidden Zorte vun non-formale Bildungsstrukturen
D'Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Crèchen, Maison-relaisen, Foyeren asw.), d'Dageselteren an d'Minicrèchë betreien:
- Kanner, déi nach net an d'Schoul ginn (0 bis 4 Joer) an/oder
- Kanner, déi an d'Schoul ginn (vun 3 oder 4 Joer un)
Déi meescht Strukture gi staatlech subventionéiert: déi eng, déi sou genannte konventionéiert Strukturen, sinn Asblen oder Strukturen, déi vun der Gemeng geréiert ginn; déi aner si privatrechtlech Entreprisen.
D'Minicrèche ka bis zu 11 Kanner am Alter tëschent 0 an 12 Joer (dovunner héchstens véier Bëbeeë vu manner ewéi engem Joer) gläichzäiteg ophuelen. Si gëtt vun enger Ekipp vun zwou qualifizéierte Persoune gefouert. Dës Organisatioun bitt de Kanner méi e familiäert Ëmfeld, mat wéinege Bezuchspersounen, an eng grouss Flexibilitéit bei den Auerzäiten, déi vu 5 bis 23 Auer ginn.
D’Dageseltere betreien d'Kanner am Alter vun 0 bis 12 Joer bei sech doheem, daagsiwwer oder nuets. Si si selbstänneg täteg a kënne maximal fënnef Kanner zur selwechter Zäit betreien; eege Kanner ginn hei net matgezielt. D’Agence Dageselteren beréit an informéiert Elteren, déi eng Dagesmamm oder en Dagespapp sichen.
Déi eenzel Strukture mussen all en Agrement vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend hunn, deen op der Basis vun der Honorabilitéit, der Qualifikatioun vum Personal, dem Betreiungsschlëssel, de Leeschtungen, déi ugebuede ginn, der Ariichtung an den Infrastrukturen accordéiert gëtt.
D'Umeldunge ginn direkt bei der jeeweileger Struktur, der Minicrèche oder den Dageseltere gemaach. D'Gestionnairë leeë selwer d'Krittäre fest, no deenen d'Kanner ugeholl ginn. Fir all Kand, dat ugeholl gëtt, gëtt e Kontrakt tëschent der Bildungs- a Betreiungsstruktur an den Elteren ënnerschriwwen.
Eng Bildungs- a Betreiungsstruktur fir Äert Kand eraussichen
Heidrënner fannt Dir d'Coordonnéeë vun de Bildungs- a Betreiungsservicer, de Minicrèchen an den Dageselteren. D'Bildungs- a Betreiungsstrukturen an d'Minicrèchë fëllen d'Felder Beschreiwung, pedagogesche Projet, Aktivitéiten asw. an hire jeeweilegen Informationsfichë selwer aus: