Eng breet Betreiungsoffer

Zu Lëtzebuerg gëtt et ënnerschiddlech Betreiungsstrukture fir Kanner bis 12 Joer. Als Eltere kënnt Dir d’Betreiungsstruktur, där Dir Äert Kand wëllt uvertrauen, selwer eraussichen; ob Äert Kand ugeholl gëtt, hänkt awer dovun of, ob eng Plaz fräi ass. Verschidde Strukturen huelen nëmme Kanner un, déi an der Gemeng wunne respektiv do an d’Schoul ginn.

Déi meescht Strukture gi staatlech subventionéiert:

  • déi eng gi vun Asblen oder der Gemeng geréiert,
  • bei deenen aneren handelt et sech ëm privatrechtlech Betriber.

Dës kollektiv Strukture fir Bildung a Betreiung (SEA - Services d’éducation et d’accueil) hunn, ofhängeg vum Zweck, ënnerschiddlech Bezeechnungen:

  • Crèche
  • Mini-crèche
  • Foyer de jour
  • Maison relais
  • Foyer scolaire (Stad Lëtzebuerg)

Dernieft gëtt et Dageselteren (AP - assistant parental); si betreien d’Kanner bei sech doheem, dagsiwwer oder iwwer Nuecht. Si si selbstänneg a kënne maximal fënnef Kanner zur selwechter Zäit betreien; eege Kanner ginn hei net matgezielt. D’Agence Dageselteren beréit an informéiert Elteren, déi eng Dagesmamm oder en Dagespapp sichen, a bitt Weiderbildunge fir Dageselteren un.

D’Betreiungsstrukturen an d’Dageseltere mussen all en Agrement vum Educatiounsministère (Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse) hunn, deen d’Honorabilitéit an d’Qualifikatioun vum Personal an d’Eegnung vun den Infrastrukture bescheinegt.

D’Gestionnairë vun de Strukture bestëmmen d’Kriterien, no deenen d’Kanner opgeholl ginn: z. B. de Wunnsëtz vum Kand. D’Eltere schreiwen hir Kanner direkt bei der Struktur an. Gëtt e Kand opgeholl, sou gëtt e Kontrakt tëscht der Betreiungsstruktur an den Elteren ënnerschriwwen.

Eng Betreiungsstruktur eraussichen

Hei ënnendrënner fannt Dir déi néideg Donnéeën zu de Crèchen, Maison-relaisen an Dageselteren. Informatiounen zu de pädagogesche Projeten, Aktivitéiten asw. kritt Dir bei der jeeweileger Struktur :

Eng Betreiungsstruktur eraussichen

Aktualiséiert