D’PISA-Etüd

PISA, den internationale Programm fir d’Bewäertung vun de Schüler hire Leeschtungen, ass eng international Etüd, déi vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) duerchgefouert gëtt. Si evaluéiert d’Wëssen an d’Kompetenze vu 15-järege Schüler a si erméiglecht Vergläicher tëschent de Bildungssystemer vun de Länner a Wirtschaften, déi matmaachen.

Bei PISA gëtt ënnersicht, a wéi engem Mooss Jonker, déi um Enn vun hirer Schoulflicht stinn, iwwer déi néideg Kompetenze verfügen, fir ganz um gesellschaftlechen a wirtschaftleche Liewen deelzehuelen. D’Etüd moosst also net nëmmen, wat d’Schüler an der Schoul geléiert hunn, mee och hir Fäegkeet, op dat zeréckzegräifen, wat se geléiert hunn, an dat op alldeeglech Situatiounen unzewenden.

PISA 2025

2025 huet Lëtzebuerg fir déi aachte Kéier bei der PISA-Etüd matgemaach.

D’Schüler goufen a véier Beräicher bewäert:

  • Naturwëssenschaften: wëssenschaftlech Theeme verstoen, op Wëssen zeréckgräifen an dëst benotzen, fir informéiert Entscheedungen ze treffen;
  • Mathematik: räsonéieren, formuléieren, Mathematik uwenden an interpretéieren, fir Problemer a reelle Liewenssituatiounen ze léisen;
  • Liesen: verschidden Textzorte verstoen, analyséieren an interpretéieren, Verbindungen tëschent verschiddene Quellen opbauen a seng Lektür kritesch hannerfroen;
  • Léieren an der digitaler Welt (Learning in the Digital World): Wëssen opbauen a Problemer progressiv an autonom mat digitalen Hëllefsmëttel léisen. Dëse Beräich ëmfaasst besonnesch duerch Computer ënnerstëtzte Léisung vu Problemer (Computational Problem Solving).

Bei PISA 2025 stoungen d’Naturwëssenschaften am Fokus. Fir d’éischte Kéier gouf Léieren an der digitaler Welt als innovative Beräich evaluéiert.

Méi ewéi 760.000 Schüler aus 91 Länner a Wirtschaften hu bei PISA 2025 matgemaach. Zu Lëtzebuerg hu 6.078 Schüler aus 49 Schoulen un der Etüd deelgeholl. Si representéieren ongeféier 6.500 Jonker vu 15 Joer, dat entsprécht bal 91 % vun dëser Altersgrupp.

Zu Lëtzebuerg konnten d’Schüler tëschent Däitsch oder Franséisch als Testsprooch wielen. D'Schüler aus den engleschsproochege Klassen hunn den Test op Englesch gemaach. Alleguer d’Epreuvë goufen um Computer gemaach.

Déi international Resultater vu PISA 2025 goufen den 8. September 2026 verëffentlecht. Déi nächst Editioun vum PISA-Test gëtt 2029 ofgehalen.

 

Aktualiséiert