Fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien, ass d’Participatioun un dëse Coursen an d’Bestoe vun dëse Prüfungen néideg.
- Sproochkenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch: Persounen, déi d’lëtzebuergesch Nationalitéit ufroen, mussen de Sproochentest bestoen, dee vum Institut national des langues Luxembourg (INLL) organiséiert gëtt. Dësen Test iwwerpréift d’Niveauen A2 am mëndlechen Ausdréck a B1 am mëndleche Verstoen. Virbereedungscoursë ginn ënner anerem vum INLL, dem Service de la formation des adultes a senge Partner ugebueden.
Weider Informatiounen op www.inll.lu oder iwwer Tel. (+352) 26 44 30 1.
- Certificat „Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg“: De Certificat vun dësem Cours gëtt vum Service de la formation des adultes u Persounen ausgestallt, déi 24 Stonne Cours suivéiert hunn oder déi un engem Examen zu follgenden Themen deelgeholl hunn:
- d’Grondrechter vun de Bierger (6 Stonne Cours – 10 Froen);
- staatlech a kommunal Institutioune vum Grand-Duché (12 Stonne Cours – 20 Froen);
- d’Geschicht vum Lëtzebuerger Land an d’europäesch Integratioun (6 Stonne Cours – 10 Froen).
Den Examen gëtt um Computer gemaach a besteet aus Multiple-Choice-Froen. Den Exame gëtt um Kierchbierg organiséiert. D’Coursë sinn zu Lëtzebuerg-Stad, Esch/Uelzecht, Bieles an Dikrech.
Weider Informatiounen um Intersite vum Cours a per E-Mail (sfa@men.lu).
Persounen, déi säit iwwer 20 Joer zu Lëtzebuerg wunnen
Persounen, déi säit méi wéi 20 Joer legal zu Lëtzebuerg wunnen, kënnen ënner bestëmmte Konditioune vum Sproochentest an och vum Examen zum Cours Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg befreit ginn.
Dës Persounen mussen op mannst 24 Stonne Coursen an der lëtzebuergescher Sprooch besichen. Des Course ginn entweder vum Service de la formation des adultes oder vun zertifizéierte Prestataire gehalen, déi iwwer déi entspriechend ministeriell Zoustëmmung fir dëse Sprooche-Programm verfügen. Déi betraffe Coursen droen explizit de follgende Vermierk:
« Cours visant à offrir une initiation à la langue luxembourgeoise en expression orale et en compréhension de l’oral, conformément à l’article 28 de la loi modifiée du 8 mars 2017 sur la nationalité luxembourgeoise »
Interesséierte Persoune gëtt recommandéiert ze kontrolléieren, ob de gewielte Cours déi néideg ministeriell Unerkennung huet an am Zweiwelsfall eng Confirmatioun beim Service de la formation des adultes per E-Mail (nationalite.sfa@men.lu) unzefroen.
Validéierung vu Lëtzebuergesch-Certificaten
Fir de Certificat vun engem agrééierte Lëtzebuergeschcours ze validéieren, mussen déi folgend Elementer zesumme geschéckt ginn:
- den Originalcertificat vum Cours;
- eng Enveloppe mat Timber, op där Numm an Adress vum Demandeur stinn, fir datt en de Certificat kann zeréckgeschéckt kréien.
Versandadress:
Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation des adultes
Bâtiment Terres Rouges
14, porte de France
L-4360 Esch-Belval
De Certificat kënnt erëm mat engem Stempel, dee bestätegt, datt een e Lëtzebuergeschcours gemaach huet, deen d’Konditiounen, déi am Artikel 28 vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit festgehale sinn, erfëllt.
Informatioun fir Prestatairen
Organisatiounen, déi offiziell unerkannte Coursprogrammer zur Aféierung an d’lëtzebuergesch Sprooch ubidde wëllen,, mussen eng ministeriell Genehmegung ufroen.
De juristesche Kader gëllt no Artikel 28 vum geännerte Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit.