Sproochlech Integratioun vu Leit, déi nei sinn am Land

Am Kader vun der Integratioun an der Aquisitioun vun der Nationalitéit bitt de Service de la formation des adultes verschidde Formatiounen un:

  • Sproochecoursë fir d’Persounen, déi grad eréischt am Land ukomm sinn, genannt Cours d’intégration linguistique (IL, Coursë fir sproochlech Integratioun);
  • Coursen an Examen Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg („Zesummeliewen am Grand-Duché vu Lëtzebuerg“), déi obligatoresch sinn, fir d’Nationalitéit ze kréien;
  • Lëtzebuergeschcoursen uechter d’ganzt Land.

Am Kader vum Contrat d’accueil et d’intégration (CAI, Opnam- an Integratiounskontrakt), deen d’Departement fir Integratioun vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun proposéiert, hëlleft de Service de la formation des adultes mat Sproochecoursen a mat Civiquescoursen esouwéi och um Niveau vum Orientéierungsdag.

Parcours fir déi sproochlech Integratioun (IL)

De Parcours fir déi sproochlech Integratioun gëtt vum Service de la formation des adultes assuréiert. E riicht sech un d’Demandeuren a Beneficiaire vun der Protection internationale (DPI & BPI), déi keng vun den offizielle Sprooche vum Land kënnen.

Et handelt sech ëm gratis Alphabetiséierungscoursen a franséischer Sprooch oder Ufängercoursen am Franséischen als Integratiounssprooch. Se sinn och op fir Primo-arrivanten, déi net alphabetiséiert sinn an déi franséisch Sprooch net beherrschen.

Individuell Séance de guidance 

Bei hirer Prise en charge an der Maison de l’orientation deelen d’Apprenanten/Apprenanteën hir Kontaktdaten, d’Sproochen, déi se beherrschen, an hire schoulesche Parcours mat.

En Test erlaabt et ze bestëmmen, ob se en Alphabetiséierungscours, en Ufänger-Cours am Franséischen oder e Lëtzebuergesch-Cours brauchen. Hir Preferenz fir Coursen (Horairen an Uert) gëtt dokumentéiert.

Um Enn vun dësem Entretien kréien déi zukünfteg Apprenanten/Apprenanteën e Rendez-vous, fir hiert Schoulmaterial sichen ze kommen. All d’Informatiounen iwwer hir Coursë ginn hinnen dee Moment matgedeelt.

Cours fir déi sproochlech Integratioun (IL)

Dat sinn Alphabetiséierungscoursen a franséischer Sprooch an Ufängercoursen am Franséischen als Integratiounssprooch.

Se ginn op 5 Sitten ofgehalen (Kierchbierg, Dikrech, Ettelbréck/Waarken, Esch-Uelzecht a Belval).

Nei Sessioune ginn all Trimester op.

Et si Coursë vun 7 bis 11 Stonnen d’Woch (selon den Niveau), am Presentiel an E-learning, déi duerch mindestens 3 praktesch Ateliere pro Trimester ergänzt ginn. Dës Atelieren erlaben et, pluridisziplinär Kompetenzen ze entwéckelen (Autonomie, digital Kompetenzen, Entdecke vu Lëtzebuerg ...) an déi franséisch Sprooch a Situatioune vun der deeglecher praktescher Kommunikatioun ze benotzen.

Den Niveau A1 vum CECRL ass um Enn vun dësem Parcours fir déi sproochlech Integratioun viséiert.

Um Enn vun deene verschiddene Sessioune vum Cours gëtt eng Orientéierungsseance organiséiert, fir d’Apprenanten/Apprenanteën op hirem weidere Bildungswee ze guidéieren: schoulesch Offer fir Erwuessener (Preparatiounscoursen, Apprentissage fir Erwuessener...), Unerkennung vu Bildungsleeschtungen (validation des acquis et de l’expérience), Unerkennung vun den Diplomer, Zougang zur Universitéit a Sproochecoursen.

Modalitéite fir d’Aschreiwung fir déi sproochlech Integratioun (IL)

D’Aschreiwunge ginn ouni Rendez-vous an ausschliisslech an der Maison de l’orientation gemaach.

Service de la formation des adultes
Cellule d’orientation
Maison de l’orientation

29, rue Aldringen
L-1118 Lëtzebuerg

Ëffnungszäite vum Guichet:

  • méindes
    13:00 - 17:00 Auer
  • dënschdes - freides
    10:00 - 12:00 Auer
    13:00 - 18:00 Auer

 

Aktualiséiert