Berufflech Grondausbildung

D'berufflech Grondausbildung bitt deene Jonken en allgemengen, theoreeteschen a prakteschen Enseignement, deen hinnen et erméiglecht, eng berufflech Qualifikatioun ze kréien, déi duerch en offiziellen Diplom oder en offizielle Certificat bescheinegt gëtt.

Zu Lëtzebuerg fënnt d'berufflech Grondausbildung am Kader vum Enseignement secondaire statt. Se proposéiert eng 120 Formatiounen, déi op d'Beruffswelt ausgeriicht sinn.

D'berufflech Grondausbildung gëtt am mëttelsten an ieweschte Cycle vun den ëffentlechen a private Lycéeën ugebueden.

Mam modifizéierte Gesetz vum 19. Dezember 2008, bei deem et ëm d'Reform vun der berufflecher Ausbildung geet, gouf d'berufflech Ausbildung déifgräifend reorganiséiert. Dës Reorganisatioun ziilt besonnesch drop:

  • deene Jonken an Erwuessenen et duerch eng besser Qualifikatioun méi einfach ze maachen, sech an d'ekonomescht an d'soziaalt Liewen ze integréieren;
  • den Zougang zum Lifelong Learning ze vereinfachen;
  • den Taux vun de Mësserfolleger an d'Zuel vun de Jonken, déi d'Schoul ouni Ofschloss verloossen, erofzesetzen.

Aktualiséiert