Congé individuel de formation

Dir géift Iech gär weiderbilden, fir Är Wettbewerbsfäegkeet ze verbesseren? Dir géift Iech gär berufflech ëmorientéieren a musst Är Kenntnesser perfektionéiere resp. adaptéieren?


De Congé individuel de formation (individuelle Bildungscongé) erlaabt Iech, déi néideg Zäit ze fannen, fir an déi dofir noutwenneg Coursen ze goen an dobäi Är Plaz an och Äert Akommes ze behalen. D’Gesetz vum 24. Oktober 2007 gëtt all Persoun, déi am Privatsecteur schafft, Recht op 80 Deeg Congé fir Weiderbildungszwecker wärend senger berufflecher Karriär.


Déi néideg Informatiounen zum individuelle Bildungscongé fannt Dir hei ënnendrënner.

Wat ass e Congé individuel de formation?

Den Congé individuel de formation ass e spezielle Congé, deen et Salariéen, Selbstännegen a Fräiberuffler erméiglecht, u Coursen deelzehuelen, sech op Exame virzebereeden an Examen ze maachen, Aarbechten ze verfaassen oder all aner Tätegkeet a Relatioun mat enger eligibler Weiderbildung auszeféieren.

Wéi eng Bedingunge muss een erfëllen, fir e Congé individuel de formation ze kréien?

Fir Congé individuel de formation accordéiert ze kréien, musse Salariéen:

  • eng Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg hunn,
  • en Aarbechtskontrakt mat enger Firma oder Associatioun hunn, déi rechtméisseg zu Lëtzebuerg etabléiert an do aktiv ass, an
  • op d’mannst sechs Méint bei hirem Patron geschafft hunn, wéi de Congé individuel de formation ugefrot gouf.

Selbstänneger a Fräiberuffler mussen zënter op d’mannst zwee Joer zu Lëtzebuerg sozialverséchert sinn.

Wat muss ee maachen, fir e Congé individuel de formation ze kréien?

Wie gär Congé individuel de formation hätt, muss beim Service de la formation professionnelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Demande eraginn. Fir dës Demande muss een:

  • de Formulaire fir Congé individuel de formation ausfëllen. De Formulaire kann hei ënnen erofgeluede ginn;
  • dem Patron säin Avis an de Formulaire androe loossen;
  • den ausgefëllte Formulaire mat de gefroten Dokumenter un dës Adress schécken:

Ministère de l’Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Service de la formation professionnelle/congé-formation
29, rue Aldringen
L – 1118 Luxembourg

Wat geschitt, wann de Patron en negativen Avis ofgëtt?

De hei ënnen ka verréckelt ginn, wann de Congé vum Salarié gréisser Nodeeler fir d’Weiderféierung vum Betrib mat sech bréngt oder sech negativ op d’Organisatioun vum bezuelte Jorescongé vum Personal auswierkt.

Fir wéi eng Formatioune kann ee Congé individuel de formation ufroen?

E Congé individuel de formation kann ee fir Formatioune kréien, déi zu Lëtzebuerg oder am Ausland vun dësen Organismen ugebuede ginn:

  • staatlech unerkannten ëffentlech oder privat Schoulen, déi staatlech unerkannte Certificaten ausstellen ;
  • Beruffskummeren ;
  • Gemengen ;
  • Stëftungen, natierlech Persounen a privat Associatiounen, déi speziell heifir en Agrement vum Minister hunn ;
  • Ministèren, Administratiounen a staatlech Institutiounen.

Net eligibel sinn all déi Formatiounen, déi schonn duerch aner gesetzlech Reegelunge virgesinn a kofinanzéiert ginn.

Wéi gëtt d’Zuel vun de Congésdeeg gerechent?

D’Zuel vun den Deeg fir Congé individuel de formation, op déi een Usproch huet, hänkt vun der Zuel vun de Stonnen of, déi een an dës Formatioun investéiert. Dës Stonnenzuel gëtt entweder vun där Institutioun festgeluecht, déi d’Formatioun ubitt, oder awer op Basis vun de Coursen an de Schoulen oder Ausbildungsinstituter bestëmmt.

D’Formatiounsstonne ginn d’éischt an Aarbechtsdeeg ëmgewandelt. Aacht Stonne Formatioun erginn een Aarbechtsdag. De Quotient gëtt dann duerch dräi gedeelt, fir op d’Zuel vun de Congésdeeg ze kommen, well all Formatiounsstonn just fir en Drëttel vun enger Aarbechtsstonn gëllt. D’Resultat gëtt ofgerënnt, wa keng ganz Zuel dobäi erauskënnt.

Rechebeispill fir eng Formatioun vun 30 Stonnen:

30 : 8 = 3,75 Aarbechtsdeeg
3,75 : 3 = 1,25 Congésdeeg fir Weiderbildung
(gëtt ofgerënnt)


Fir eng Formatioun vun 30 Stonne kritt een also 1 Dag Congé fir Weiderbildung.

Wéi vill Deeg Congé individuel de formation huet een am Ganzen zegutt a wéi kann een se opdeelen?

Am Laf vum Beruffsliewen huet een e Recht op maximal 80 Deeg Congé individuel de formation. Bannent engem Zäitraum vun zwee Joer däerf een awer maximal 20 Deeg Congé individuel de formation froen. Déi minimal Dauer vun esou engem Congé ass een Dag.

Fir Salariéen, déi nëmmen Deelzäit schaffen, ginn d’Deeg, déi ee fir e individuelle Bildungscongé zegutt huet, am Verhältnis dozou berechent.

Ass ee wärend dem Congé individuel de formation sozialverséchert?

De Congé individuel de formation gëtt als Aarbechtszäit ugerechent an déi gesetzlech Sozialversécherungsbestëmmunge bleiwen erhalen.

 

Ass engem seng Aarbechtsplaz wärend dem Congé individuel de formation geséchert?

Déi gesetzlech Bestëmmungen, wat de Schutz vun der Aarbechtsplaz betrëfft, gëllen och wärend dem Congé individuel de formation.

Gëtt ee wärend sengem Congé individuel de formation weider bezuelt?

Salariéen, déi e Congé individuel de formation accordéiert kruten, hu fir all Congésdag Recht op eng vum Patron bezuelten Ausgläichsentschiedegung, déi deem am Artikel L.233-14 vum Aarbechtsrecht (Code de travail) festgeluechten duerchschnëttlechen Dagesloun entsprécht, ma dat Véierfacht vum soziale Mindestloun fir netqualifizéiert Aarbechter net iwwerschreiden däerf.  

Gëtt de Patron fir de Congé individuel de formation vu senge Salariéë rembourséiert?

De Patron kritt de Montant vun der Ausgläichsentschiedegung wéi och d’Part patronal vun de Sozialversécherungsbäiträg rembourséiert. Hie muss zu deem Zweck eng Declaratioun ausfëllen; de Formulaire duerfir kritt e beim Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

Kënnen och Selbstänneger a Fräiberuffler eng Ausgläichsentschiedegung kréien?

Persounen, déi enger selbstänneger oder fräiberufflecher Aktivitéit noginn, kënnen eng direkt Ausgläichsentschiedegung vum Staat kréien. D’Entschiedegung gëtt berechent op der Grondlag vum Akommes, dat dat Joer virdrun als Basis fir d’Berechnung vun der Renteversécherung geholl gouf. Dës Entschiedegung däerf dat Véierfacht vum soziale Mindestloun fir netqualifizéiert Aarbechter awer net iwwerschreiden.

Wéi eng rechtlech Konsequenze ginn et am Fall vu falschen oder onvollstännegen Declaratiounen?

D’Entschiedegunge sinn direkt erëmzebezuelen, wann de Salarié, Fräiberuffler oder Selbstännege se opgrond vu wëssentlech falschen Declaratiounen accordéiert krut. Zousätzlech mussen déi Betreffend déi gesetzlech Zënse vun deem Dag un, wou si d’Sue kruten, bis zu deem Dag, wou si se zeréckginn, bezuelen.

(Quell: CEPL)

Déi verschidde Formulairen, fir e Congé individuel de formationze kréien, kënnen hei ënnendrënner erofgeluede ginn.

Wichteg Informatioun zum Dateschutz:

D’Informatiounen aus de Formulairë ginn datentechnesch verschafft, fir d’Gestioun vum Weiderbildungscongé an de Suivi vun den domat verbonnene Rechter a Flichten ënner Berücksichtegung vun de gesetzleche Bestëmmungen a Virschrëften ze vereinfachen.

Är Date gi just vum Service de la formation professionnelle vum MENJE benotzt a ginn net un Drëtter weidergeleet.

Formulairen

Français :

Deutsch :

English :

Aktualiséiert