De Meeschterbréif (Brevet de maîtrise)

Mat engem Meeschterbréif (Brevet de maîtrise) huet een d’Recht, sech an deem betreffenden Handwierk selbstänneg ze maachen a Léierbouwen a -meedercher auszebilden. Mam Meeschterbréif gëllt een als Meeschter (maître-artisan) a sengem Handwierk.

D’Virbereedungscoursë fir de Meeschterbréif gi vun der Chambre des métiers organiséiert.

Fir sech an dës Coursë kënnen anzeschreiwen, muss de Kandidat en Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP) oder als äquivalent unerkannten Dokumenter kënne virleeën. Ugeholl ginn och déijéineg, déi e Secondairesdiplom, en Techniker-Diplom oder bestëmmte Fachhéichschouldiplomer hunn a berufflech Erfarungen noweise kënnen.

Aktualiséiert