D’Aufgab vum Service national de la jeunesse ass et, zur Ëmsetzung vun der Jugendpolitik bäizedroen an e Ressourcenzentrum fir de Jugendsektor ze schafen.
Seng Aufgaben deelen sech op véier Aktiounsberäicher op:
1. Formatioun an Ënnerstëtzung bei pedagogesche Projeten:
- Formatiounen: Animateuren, schoulesch Mediatoren, BEE SECURE
- Ënnerstëtzung bei Aktivitéiten a Projete mat Jonken:
- Co-Organisatioun vu Campen a Kolonien
- Verléine vu Material
- Locatioun vu Chaleten an Terraine fir Campen
- Congé-jeunesse
- Netz „Proufsäll“
- Dispositif „GO“ & „Project Squat“
- Initiativ BEE CREATIVE & Makerspace „Base 1“
2. Gestioun vun dräi themenorientéierte pedagogeschen Zentren:
- Bildungsmoossname fir eng nohalteg Entwécklung (Huelmes)
- Sport a Spaass (Lëlz)
- Wuelbefannen a Medienerzéiung (Mariendall)
3. Ënnerstëtzung vun de Jonke beim Iwwergang an d’Beruffsliewen:
- 12 „Antennes locales pour jeunes“ (ALJ)
- Alternativen zur Inaktivitéit: Fräiwëllegendéngscht a praktesch Workshoppen
- international Mobilitéit: Fräiwëllegendéngscht am Ausland, Working-Holiday-Visa, Au-pair-Beschäftegung
4. Qualitéitsentwécklung an der Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen:
- Sécherung vun der pedagogescher Qualitéit bei Dageselteren, an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen an de Servicer fir Jonker (Agents régionaux „Jeunesse“)
- Koordinatioun vun der Weiderbildung (www.enfancejeunesse.lu)
- Verëffentlechunge fir Léierpersonal
- Ënnerstëtzung a Betreiung vun innovative Projeten