Akteuren, déi Moossnamen a Projete fir déi Jonk an d’Liewe ruffen, egal ob Jugendvereenegungen oder Strukture fir Jugendlecher, kréie vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng finanziell Ënnerstëtzung. De Minister ka Subside virgesi fir konkret Moossnamen an Aktivitéiten zugonschte vun der Jugend; formell Organisatiounen an och informell Associatiounen kënnen an de Genoss vu Subside kommen.
Fir eng Ufro fir e Subsid kuckt Iech dës Dokumenter un:
- Subsides pour mesures en faveur de la jeunesse - dispositions
- Subsides pour mesures en faveur de la jeunesse - formulaire
Nieft de Subsiden ënnerstëtzt de Ministère nach op eng aner Manéier Servicer fir d’Jugend, andeems e Konventioune mat hinnen ofschléisst. Dat trëfft op dës Servicer zou:
D'Jugendhaiser
Véierafofzeg Jugendhaiser an hir Annexen, déi op Gemengenniveau oder regional organiséiert ginn, huele Jonker tëschent 12 a 26 Joer op. Déi Jonk kënnen d'Servicer fräi notzen, dat heescht, se kënnen sech begéinen, sech informéieren a vun der Animatioun profitéieren, fir Frënn ze gesinn, e bëssen Ofstand ze huelen, Informatiounen ze kréien, mat engem Educateur ze schwätzen oder sech u verschiddenen Aktivitéiten ze bedeelege wéi Sport, Kachen, Danzen, en Ausfluch maachen ...
Encadréiert ginn déi Jonk vu Fachleit aus dem edukative Beräich, am Accord mam Dispositif fir Qualitéitssécherung, deen 2017 vum Ministère ageféiert gouf. D'Aarbecht vun de Jugendhaiser ass am Kontext vun der non-formaler Bildung ze gesinn. D'edukativ Approche ënnerstëtzt déi perséinlech Entwécklung, d'Eegestännegkeet, d'Initiativ an d'Bedeelegung um Gesellschaftsliewen.
D'Bedeelegung vun deene Jonken ass fräiwëlleg, et gëtt keng Aschreiwung verlaangt a kee finanzielle Bäitrag, ausser fir verschidde punktuell Aktivitéiten. D'Jugendhaiser gi vun ASBLen oder vu Gemenge geréiert. D'Käschte fir dës Servicer ginn zu 50 % vum Ministère an zu 50 % vun de Stied oder Gemenge gedroen, an deenen d'Haiser ugesidelt sinn.
Servicer op nationalem Plang
Déi hei opgefouerte Servicer fir déi Jonk hunn eng Konventioun mam Ministère fir spezifesch Aufgaben:
- Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen
- Agence Nationale pour l'Information des Jeunes
- Conférence nationale de la jeunesse du Luxembourg, représentant 30 organisations de jeunesse,
- Service d'assistance aux formateurs et animateurs bénévoles - SAFAB des Lëtzebuerger Guiden a Scouten,
- Service Formation de la Fédération nationale des Éclaireurs et des Éclaireuses
- Centrale des auberges de jeunesse luxembourgeoises
- Centre de médiation
- Services vacances de la Croix-Rouge, du Foyer de la femme et de Caritas Jeunes et Familles,
- Kanner- a Jugendtelefon de Caritas Jeunes et Familles
- Service d’animation de Sportkrees Attert
- Groupement européen des Ardennes et de l’Eiffel
- Le mérite jeunesse
- Lëtzebuerger Landjugend
- Anonym glécksspiller a.s.b.l.
- Radio Graffiti
- Move – déi Jonk am Mouvement écologique
- Jugendbureau Eisleck de l’asbl Coopérations
- Wunnéngshëllef asbl
- Nordstadjugend asbl
- Commune de Mondercange (Jugendwunnen)
- Logement Croix-Rouge (Jugendwunnen)
- Hariko Croix-Rouge (projet artistique)
Dës Servicer ginn zu 100 % vum Staat finanzéiert.