Jugendpartizipatioun

Eng Politik fir d’Jugend ka just an Zesummenaarbecht mat deene Jonke gemaach ginn. Déi Jonk solle konsultéiert ginn a sech aktiv bedeelegen, wat duerch verschidde Strukturen op verschidden Niveauen encouragéiert gëtt:

Op nationalem Plang ginn et zwou Haaptstrukturen: de Jugendrot  an d’Jugendparlament. Béid sinn am Jugendgesetz verankert. D’Jugendparlament ass eng Plattform, wou déi Jonk tëscht 14 a 24 Joer, déi zu Lëtzebuerg wunnen, zesummen iwwer Themen, déi si interesséieren an déi mat hirem Alldag ze dinn hunn, diskutéieren a debattéiere kënnen. Thematesch Kommissioune schaffen Avisen aus, déi dann eemol d’Joer an der Chamber presentéiert ginn.

Op schouleschem Plang sinn et d’Schülercomitéen an d’CNEL, d‘national Schülervertriedung vu Lëtzebuerg (Conférence nationale des élèves au Luxembourg - CNEL), déi déi d’Partizipatioun vun de Jugendleche fërderen. D’CNEL ass d’Plattform fir déi national Vertriedung vun de Schüler; si kann dem Educatiounsminister Avisen a Proposen zu all Thema ënnerbreeden, dat mam Alldag vun de Schüler an hirer Aarbecht am Enseignement secondaire ze dinn huet.

Op kommunalem Plang gëtt d’Partizipatioun vun der Jugend iwwer kommunal Pläng fir d’Jugend gefërdert. D’Jugendhaiser spillen hei eng wichteg Roll, well si no un deene Jonke sinn a si bei hirer Partizipatioun op kommunalem Plang ënnerstëtze kënnen.

Am Kader vum strukturéierten Dialog ginn et reegelméisseg Konsultatiounen. De strukturéierten Dialog ass en Instrument fir d’Partizipatioun vun der Jugend an der europäescher an nationaler Politik. Zu Lëtzebuerg gëtt et d’Méiglechkeet vum strukturéierten Dialog zënter 2013: D’Zil ass, datt déi jonk Leit sech zu de politeschen Entscheedungen, déi si betreffen, äussere kënnen an datt si och vun de politeschen Akteure gehéiert ginn.

Aktualiséiert