Den ieweschte Jugendrot (Conseil supérieur de la jeunesse) ass e Berodungsgremium, deen sech mat Froen zur Jugend beschäftegt; et ass en Haaptuspriechpartner vun der Regierung an dem Observatoire Jeunesse vun der Universitéit Lëtzebuerg.
De Rot setzt sech zesummen aus:
- 8 Vertrieder vu Jugendorganisatiounen am Sënn vum geännerteJugend gesetz vum 4. Juli;
- 4Vertrieder vu Jugendservicer am Sënn vum Règlement grand-ducal vum 28. Januar 1999 iwwer d’staatlech Zouloossung fir Gestionnairë vu Jugenddéngschter;
- 4Vertrieder vun Organisatiounen fir Jugendlecher am Sënn vum geännerte Jugendgesetz vum 4. Juli 2008;
- 2 Schüler- a Studentevertrieder;
- 4 weider Vertrieder, an zwar ee Vertrieder aus dem Beräich vun der Jugendfuerschung, ee vum Syndicat vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen, ee vum nationale Jugendparlament an ee Vertrieder vun deem Minister, dee fir d’Jugend zoustänneg ass.
De Rot kann ausserdeem nach 3 Memberen ënner den Experten aus dem Jugendberäich wielen.
D’Membere vum Jugendrot ginn op dräi Joer vum Minister genannt; d’Mandat kann erneiert ginn.
De Rot ka sech mat all Thema befaassen, dat seng Memberen als wichteg fir d’Jugend empfannen.