Grenziwwerschreidend Beruffsausbildung

Apprentissage transfrontalier

D’grenziwwerschreidend Beruffsausbildung erlaabt Dir, e Beruff ze léieren, fir deen zu Lëtzebuerg keng Ausbildung ugebuede gëtt. D’Ausbildung fënnt op zwou Plaze statt:

  • an engem Ausbildungsbetrib zu Lëtzebuerg;
  • an enger Schoul am Ausland (an Däitschland, an der Belsch oder a Frankräich).

D’grenziwwerschreidend Beruffsausbildung ass zougelooss fir déi Beruffer, déi am Règlement grand-ducal dans le cadre de la formation professionnelle festgeluecht sinn:

Fir wie kënnt eng grenziwwerschreidend Beruffsausbildung a Fro?

D’grenziwwerschreidend Beruffsausbildung kënnt fir dech a Fro, wann s du:

  • op d’mannst 15 Joer al bass;
  • zu Lëtzebuerg oder an engem Nopeschland (Däitschland, Belsch oder Frankräich) wunns;
  • dir e Beruff erausgesicht hues, deen op der Lëscht vun de Beruffer, déi fir eng grenziwwerschreidend Beruffsausbildung a Fro kommen (PDF) steet. (Wann de gewënschte Beruff net op der Lëscht steet, kanns du eng Demande fir eng Ausnam areechen; kuck ënnen: „Wéi kanns du deng Demande areechen?“);
  • Follgendes scho fonnt hues:
    • eng Ausbildungsplaz an engem Ausbildungsbetrib zu Lëtzebuerg;
    • eng Schoul am Ausland (a Frankräich, an Däitschland oder an der Belsch), déi bereet ass, dech unzehuelen.

Wéini solls du deng Demande areechen?

Sou fréi ewéi méiglech, virun den Datumer, déi ënnen ugi sinn.

Fir d’Schouljoer 2026/2027:

  • fir e Beruff, deen op der Lëscht vun de Beruffer, déi a Fro kommen, steet: bis den 31. Oktober 2026 nach mat;
  • fir e Beruff, deen net op der Lëscht steet: bis den 31. Juli 2026 nach mat (Demande fir eng Ausnam, kuck ënnen: „Wéi kanns du deng Demande areechen?“).

Wéi kanns du deng Demande areechen?

Du brauchs nëmmen den Online-Formulaire auszefëllen:

Wiel de Beruff an der Drop-down-Lëscht aus a füg déi follgend Informatiounen an Dokumenter bäi:

  • perséinlech Kontaktdaten;
  • Kontaktdate vum Ausbildungspatron zu Lëtzebuerg;
  • Beweis vun der Aschreiwung an enger auslännescher Schoul (Certificat, Attestatioun ...);
  • Ausbildungsprogramm vun der Schoul;
  • Kopië vun den Zensure vun der leschter Klass, déi virum Ufank vun der Ausbildung besicht gouf.

D’Ausbildung, déi s du dir erausgesicht hues, steet net op der Lëscht vun de Beruffer?

  • Wiel am Drop-down-Menü d’Optioun „Aneren: Demande fir eng Ausnam“ aus.
  • Gëff de ganzen Numm vum gewënschte Beruff an.

Wéini kriss du eng Äntwert?

Nodeems du deng Demande fortgeschéckt hues:

  • kriss du per E-Mail en Accusé de réception geschéckt;
  • gëtt däin Dossier fir en Avis un d’Beruffschamberen an un d’ADEM weidergeleet;
  • gëtt däin Dossier analyséiert an du kriss eng Äntwert per Post.

Wann deng Demande ugeholl gouf, kriss du vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Autorisatioun fir eng grenziwwerschreidend Beruffsausbildung.

Wat muss du maachen, wann s du d’Autorisatioun fir eng grenziwwerschreidend Beruffsausbildung kritt hues?

Schreif dech esou séier ewéi méiglech tëschent Abrëll an Oktober beim Service d’orientation professionnelle vun der ADEM-OP an, fir d’Dokumenter ze kréien, déi s du fir den Ofschloss vum Ausbildungsvertrag brauchs. Du muss Follgendes mathuelen:

  • deng Carte d’identité oder däi Pass;
  • deng national Identifikatiounsnummer (zu Lëtzebuerg allgemeng „Matricule“ genannt; fir net-lëtzebuergesch Kandidate freet den Ausbildungsbetrib eng national Identifikatiounsnummer beim Centre commun de la sécurité sociale un);
  • d’Autorisatioun fir eng grenziwwerschreidend Beruffsausbildung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend..

Wéini kanns du däin Ausbildungsvertrag ofschléissen?

Du kanns däin Ausbildungsvertrag ab dem 16. Juli a bis den 1. November 2026 ofschléissen.

Wat muss den Ausbildungsbetrib maachen?

Den Ausbildungsbetrib muss d’Ausbildungsplaz am Virfeld beim ADEM-OP gemellt hunn.

Kuerz zesummegefaasst: esou reechs du deng Demande fir eng grenziwwerschreidend Beruffsausbildung an

1) Kontrolléier, ob de gewënschte Beruff op der Lëscht vun de Beruffer, déi fir eng grenziwwerschreidend Beruffsausbildung a Fro kommen (PDF), steet.

2) Fann e Betrib zu Lëtzebuerg, an deem s du deng Ausbildung maache kanns.

3) Fann eng Schoul am Ausland (Frankräich, Däitschland oder Belsch), an där s du dech aschreiwe kanns.

4) Reech deng Demande zesumme mat deene gefroten Dokumenter iwwer den Online-Formulaire an.

Du hues nach aner Froen zu denger Demande fir eng grenziwwerschreidend Beruffsausbildung?

Da kontaktéier de Service de la formation professionnelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend:

Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Service de la formation professionnelle
29, rue Aldringen
L-2926 Luxembourg

Tel.: (+352) 247-85173
E-Mail: trf@sfp.lu

 

Aktualiséiert