Gratis Mesuren: Non-formal Bildung fir jiddwereen zougänglech maachen

De Chèque-service accueil (CSA)

Mat enger Rei vu Mesuren, déi fir d’Elteren deels gratis sinn an deels hir Käschte reduzéieren, soll fir all d’Kanner den Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Betreiung an zu der non-formaler Bildung vereinfacht ginn, onofhängeg vun der Bildungs- a Betreiungsstruktur, an déi si ginn. Domat dréit de Staat zu enger verbesserter Chancëgläichheet bäi.

 

Bedeelegung vun den Elteren

Fir d’Famillen ze ënnerstëtzen, gëtt bei der Berechnung vum Chèque-service accueil der familiärer Situatioun Rechnung gedroen.

D’Héicht vun der staatlecher Bedeelegung (d. h. vum Chèque-service accueil) an d’Héicht vun der finanzieller Bedeelegung vun den Eltere gëtt vu Fall zu Fall berechent an hänkt vu follgende Krittären of:

  • dem Akommes vum Stot, an deem d’Kand lieft (bestuete Koppelen, gepacste Partner oder Elteren, déi zesummeliewen, ginn d’selwecht behandelt);
  • der Zuel vun de Kanner, fir déi Kannergeld bezuelt gëtt, an dem Rang vum Kand an der Folleg vun de Geschwëster;
  • der Aart vu Struktur (Betreiung an enger Bildungs- a Betreiungsstruktur, Mini-crèchen oder bei Dageselteren);
  • der Zuel vu Stonnen, déi d’Kand an der Bildungs- a Betreiungsstruktur betreit gëtt;
  • den altersspezifesche Virdeeler vum Kand (méisproochege Bildungsprogramm, deels gratis Molzechten a gratis Betreiung fir schoulflichteg Kanner).

Mam Tablo iwwer d’finanziell Bedeelegung vun den Elteren (PDF, 31 kB) kënnen d’CSA-Tariffer berechent ginn, op déi d’Elteren Usproch hunn.

D’Berechnung vun der finanzieller Bedeelegung vun den Elteren (PDF, 1.366 kB)

Staatlech Bedeelegung
  • De Staat bedeelegt sech finanziell u maximal 60 Betreiungsstonnen d’Woch.
  • D’staatlech Bedeelegung beleeft sech op maximal 6 Euro/Stonn fir e Kand, dat an enger Bildungs- a Betreiungsstruktur ass.
  • Si beleeft sech op 3,75 Euro/Stonn fir e Kand, dat daagsiwwer (tëschent 7:00 an 19:00 Auer) vun Dageseltere versuergt gëtt. Fir d’Betreiung iwwer Nuecht (tëschent 19:00 a 07:00 Auer), iwwer de Weekend an op Feierdeeg, gëtt d’staatlech Bedeelegung ëm 0,50 Euro/Stonn eropgesat.
  • De Staat bedeelegt sech u 5 Haaptmolzechten d’Woch (kuckt d’Konditiounen) a bitt bis zu 20 Betreiungsstonnen am Kader vun der méisproocheger Bildung un (kuckt d’Konditiounen).

Privat Bildungs- a Betreiungsstrukturen a Mini-crèchen, genee ewéi Dageselteren, kënnen hir Stonnentariffer fräi festleeën. Käschten, déi iwwer dat erausginn, wat vum Staat als Plaffong festgeluecht gouf, mussen d’Elteren iwwerhuelen.

D’Bedeelegung vun den Eltere gëtt op der Basis vun hirem versteierbaren Akommes berechent. Net mat agerechent ginn heibäi d’Kannergeld, d’Allocation de rentrée scolaire, d’Allocations de naissance, d’finanziell Ënnerstëtzunge vun de Sozialbüroen oder privaten Hëllefswierker.

Wärend de Schoulvakanzen Deeg sinn d’Käschte fir d’Betreiung vun net schoulflichtege Kanner op 100 Euro d’Woch begrenzt, de Präis fir d'Molzechte kënnt hei awer nach derbäi. Et gëtt kee Plaffong fir schoulflichteg Kanner (kuckt de Punkt: Schoulkanner: Gratis Betreiung a Molzechte wärend de Schoulperioden).

D’Eltere kréien all Mount eng Rechnung iwwer déi Betreiungsleeschtungen, déi si an Usproch geholl hunn. D’Ofrechnung kann een am gesécherte Beräich consultéieren.

Centre de ressources Chèque-Service Accueil (“Helpdesk")

De Centre de ressources (« Helpdesk ») ass do, fir all Är Froe ronderëm de Chèque-service accueil (CSA) ze beäntweren.

Elteren a Prestatairë vum Chèque-service kënnen den Helpdesk iwwer Mail kontaktéieren (helpdesk@chequeservice.lu) oder iwwer Telefon (8002 1112, vu méindes bis freides tëschent 7:00 an 19:00 Auer).

D’Gratuitéitsmesuren

Kanner vun 1 bis 4 Joer:  20 gratis Betreiungsstonnen am Kader vum méisproochegen Erzéiungsprogramm

Fir alle Kanner déi selwecht Chancë fir den Zougang zum méisproochegen Erzéiungsprogramm ze bidden, hunn d’Kanner am Alter vun 1 bis 4 Joer, déi an enger Bildungs- a Betreiungsstruktur ugemellt sinn, déi dem CSA ugeschloss ass (Dageseltere sinn hei net abegraff), wärend 46 Wochen am Joer Usproch op 20 gratis Betreiungsstonnen.

All d’Kanner vun 1 bis 4 Joer, déi nach net an d’Schoul ginn, kënne vun dëser gratis Offer profitéieren, onofhängeg vum Akommes vun hiren Elteren. Déi aner Virdeeler vum Chèque-service accueil gëlle vun der 21. Betreiungsstonn un.

Kanner, déi deelzäit am Precoce ageschriwwe sinn, d. h. a manner ewéi 8 Plagen d’Woch, kënnen am Kader vun der méisproocheger Erzéiung vu bis zu 10 gratis Betreiungsstonnen d’Woch (wärend 46 Wochen am Joer) profitéieren.

Kanner, déi vollzäit am Precoce ageschriwwe sinn, d. h. an 8 Plagen d’Woch, si vun dëser Gratuitéitsmesure net betraff, si profitéieren awer a vollem Ëmfang vun de Virdeeler vum CSA-System.

De méisproochege Programm, deen am Oktober 2017 an alle Bildungs- a Betreiungsstrukture fir kleng Kanner a Mini-crèchen, déi dem CSA-System ugeschloss sinn, agefouert gouf, soll Kanner vun 1 bis 4 Joer mat der lëtzebuergescher a franséischer Sprooch familiariséieren. E baséiert op der Feststellung, datt een eng Sprooch ëmsou méi liicht léiert, jee éischter een domat a Kontakt kënnt.

Kleng Kanner profitéieren esou, onofhängeg vun den Elteren hirem Akommes, vun enger qualitativ héichwäerteger Bildungsoffer, déi besonnesche Wäert op d’Sproochentwécklung leet. D'Eltere ginn an den intensiivste Jore vun hirer Familljegrënnung finanziell ënnerstëtzt.

Schoulkanner: Gratis Betreiung a Molzechte wärend de Schoulperioden

D’Strukture vun der non-formaler Bildung zielen zu deene Plaze vun der gesellschaftlecher Fërderung, déi dem Kand hëllefen, sech déi Kompetenzen unzëeegnen, déi fir säi schoulesche Parcours a seng Entwécklung indispensabel sinn. Aus deem Grond gouf dofir gesuergt, datt vum 12. September 2022 un d’Betreiung an d’Molzechte vun de Schoulkanner wärend de Schoulperiode gratis sinn, an dat onofhängeg vum Akommes vum Stot, an deem d’Kand lieft.

Gratis Betreiung

D’gratis Betreiung gëllt fir:

  • schoulflichteg Kanner (vu 4 Joer un, mam Gebuertsdag virum 1. September), déi an d'Grondschoul oder eng vergläichbar Schoul ginn (de Precoce ass net betraff);
  • all Aart vu Bildungs- a Betreiungsstruktur (Maison relais, Foyer, Mini-crèchean Dageselteren);
  • d’Schoulperioden, vu méindes bis freides tëschent 7:00 an 19:00 Auer.

Fir d’Betreiungsstonnen, déi baussent dësen Auerzäite leien, gëllt de Barème vum Chèque service-accueil als Basis fir d’Berechnung vun der finanzieller Bedeelegung vun den Elteren.

Wärend de Schoulvakanze gëllen an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen d’Tariffer vum Chèque-service accueil. De Plaffong vu bis elo 100 Euro d‘Woch gëtt fir schoulflichteg Kanner ofgeschaaft.

Gratis Molzechten

D’Molzechte si speziell a geselleg Momenter am Kand sengem Alldag, déi him erlaben, méi selbststänneg ze ginn. Eng gesond an equilibréiert Ernärung dréit zu senger Gesondheet a sengem Wuelbefanne bäi.

D’gratis Molzechte gëlle fir:

  • schoulflichteg Kanner (vu 4 Joer un, mam Gebuertsdag virum 1. September), déi an d’Grondschoul oder eng vergläichbar Schoul ginn (de Precoce ass net betraff);
  • all Aart vu Bildungs- a Betreiungsstruktur (Maison relais, Foyer, Mini-crèchen an Dageselteren);
  • d’Schoulperioden.

Wärend de Woche vun der Schoulvakanz kënne just Stéit mat engem Akommes vu manner ewéi dem Zweefache vum Mindestloun vun dëse gratis Molzechte profitéieren. Fir d’Molzechte vu Kanner aus Stéit mat engem Akommes, dat méi héich ass ewéi dat Zweefacht vum Mindestloun, gëllt de Barème vum CSA.

 

Demarchen an Umeldungen

Kontrakt fir de Bäitrëtt zum Chèque-service accueil-System (CSA)

Wann Dir zu Lëtzebuerg wunnt, kënnt Dir de Bäitrëtt zum CSA-System bei der Gemeng vun Ärem Wunnuert ufroen. Wann Dir net am Grand-Duché wunnt, kënnt Dir Iech un d’Zukunftskeess wenden.

Et ass wichteg ze wëssen, datt dëse Bäitrëtt Iech awer net dovunner entbënnt, Äert Kand selwer bei enger CSA-Bildungs- a Betreiungsstruktur vun Ärem Choix unzemellen. D’Kanner ginn op der Basis vun de fräie Plazen a vun de Prioritéiten, déi d‘Bildungs- a Betreiungsstruktur festleet, ugeholl.

Beim Bäitrëtt kritt Dir fir all Kand e Bäitrëttskontrakt, deen déi follgend Informatiounen enthält:

•         d’CSA-Tariffer, déi fir dat jeeweilegt Kand gëllen ;

•         d’finanziell Bedeelegung vun den Eltere fir all Haaptmolzecht ;

•         d’Dauer vum Kontrakt, den Datum vum Ufank a vum Enn vum Kontrakt.

De Bäitrëtt zum CSA-System ass zu all Moment méiglech. De Kontrakt deckt ëmmer e ganze Mount of a leeft maximal iwwer 12 Méint. D’Eltere si fir d‘Erneierung vun hirer Adhesioun verantwortlech. Déi néideg Demarche muss spéitstens am Laf vum Mount gemaach ginn, an deem de Kontrakt ofleeft.

myCard fir Kanner

Nodeem Dir Äert Kand beim Chèque-service accueil ugemellt hutt, kritt Dir eng personaliséiert Kaart mam Numm vun Ärem Kand geschéckt. Mat dëser „myCard fir Kanner“ hutt Dir Zougang zum gesécherte Beräich vum Site www.staarkkanner.lu, deen eng Rei vu Funktionalitéiten a Virdeeler ubitt:

  • Méiglechkeet, all Mount Är Rechnungen an Ofrechnunge vum CSA ze consultéieren;
  • Méiglechkeet, d’Woche vun der méisproocheger Erzéiung ze änneren (1 bis 4 Joer);
  • Zougang zu pedagogeschem Material. 

 

Méisproocheg Erzéiung: Wochen, an deenen d’gratis Betreiung net gëllt

Am Kader vum méisproochegen Erzéiungsprogramm sinn am Prinzip sechs Woche virgesinn, wärend deenen déi 20 gratis Betreiungsstonnen net gëllen.

Fir d’Joer 2023 goufen dës Woche par defaut festgeluecht op:

  1. d’Woch vum 3. bis den 9. Abrëll an der Ouschtervakanz 2023;
  2. d’Päischtvakanz vum 29. Mee bis den 4. Juni 2023;
  3. d'Woch vum 31. Juli bis den 6. August an der Summervakanz 2023;
  4. d’Woch vum 7. bis de 13. August an der Summervakanz 2023;
  5. d'Allerhellegevakanz vum 30. Oktober bis de 5. November 2023;
  6. d'Woch vum 25. Dezember bis den 31. Dezember an der Chrëschtvakanz 2023.

Et steet Iech fräi, dës Verdeelung ze änneren, fir se un Är Besoinen unzepassen (z. B. wann Dir an d’Vakanz gitt). Eng Ännerung kann zu all Moment virgeholl ginn, soulaang d'Rechnungsperiod nach net eriwwer ass. All eventuell Verrechnung baséiert op dësem Choix vu Wochen.

Mir roden Iech staark, déi 6 Wochen, wärend deenen d’Betreiung net gratis ass, an d’Schoulvakanzen ze leeën, well wärend dëse Wochen de Präis fir d’Betreiung vu Kanner, déi nach net an d’Schoul ginn, ëmmer op maximal 100 €/Woch begrenzt ass (Molzechten an aner eventuell Supplementen net abegraff).

An Ärem Espace chèque-service fannt Dir e Video, deen Iech dës Funktionalitéit erkläert.

Erneierung vun der Kaart

D’myCard vun Ärem Kand bleift bis zum Ofschloss vun der Grondschoul gülteg, d. h. bei der järlecher Erneierung vum Chèque-service accueil-Kontrakt gëtt keng nei Kaart ausgestallt. Wann d’Kaart verluer geet, kënnt Dir op Är Gemeng oder bei d’Zukunftskeess goen an do eng nei Kaart ufroen.

Wann Dir nach Froen zur „myCard“ hutt, kënnt Dir hei klicken.

Aktualiséiert