Bildung a Betreiung fir Kanner

An der lëtzebuergescher Bildungslandschaft ginn et iwwer 850 Bildungs- a Betreiungsservicer a Minicrèchen an 380 Dageselteren, déi pedagogesch Betreiung fir iwwer 65 000 Kanner am Alter vun 0 bis 12 Joer ubidden.

Bei dëse Strukturen handelt et sech ëm edukativ Liewensraim, an deenen, genee ewéi an der Schoul an an der Famill, déi pedagogesch Grondsätz vun der non-formaler Bildung ugewant ginn, fir d'Entwécklung an d'Wuelbefanne vum Kand ze fërderen. Si droen dozou bäi, datt all d'Kanner déi nämmlecht Startchancen an domat och déi nämmlecht Erfollegsperspektiven hunn, onofhängeg dovunner, aus wéi engem Milieu si kommen.

Staark Kanner: eng héichwäerteg non-formal Bildung fir staark Kanner

D'Wichtegkeet vun der non-formaler Bildung an der Bildungspolitik gouf schonn 2013 mat der Kreatioun vun engem grousse Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend verdäitlecht. 2016 kruten d’Bildungs- a Betreiungsstrukturen dunn den ëffentlechen Optrag, dozou bäizedroen, d’Kanner an d’Liewe vun hirer Gemeng ze integréieren a si op d’Lëtzebuerger Gesellschaft a Schoul virzebereeden.

De Ministère setzt d'Initiativ Staark Kanner fort, déi eng Rei vu Moossnamen zugonschte vun de Kanner a vun hire Familljen zesummendréit:  

  • e pedagogesch héichwäertege Betreiungssystem an alle Bildungs- a Betreiungsstrukturen;
  • d'Festleeën, op nationalem Plang, vun engem pedagogesche Programm fir d'Entwécklung vun de Kanner an d'Ausschaffe vun engem nationale Referenzkader;
  • d’Bedeelegung vum Staat un de Käschte vun der Betreiung iwwer de System vum Chèque-service accueil (CSA);
  • e méisproochege Bildungsprogramm, an deem 20 Stonne gratis Betreiung fir Kanner vun 1 bis 4 Joer, déi an enger Bildungs- a Betreiungsstruktur oder enger Minicrèche betreit ginn, abegraff sinn;
  • zum Deel gratis Betreiung a Molzechte fir Kanner, déi an d'Schoul ginn;
  • Hausaufgabenhëllef fir d'Kanner, déi an d'Schoul ginn.

 

Hei fannt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert