Organisatioun

Um Enn vun der 5e, dem 3. Joer vum allgemenge Secondaire, gëtt de Schüler an d’Beruffsausbildung orientéiert. Dëst geschitt op Basis vun engem Avis vum Klasserot, deen sech dobäi op dem Schüler seng Resultater an Interessie stäipt.

Et ginn dräi Ausbildungsméiglechkeete mat deenen heiten Zertifikatiounen:

·         de Certificat de capacité professionnelle (CCP), Ausbildungsdauer: 3 Joer

·         den Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP), Ausbildungsdauer: 3 Joer

·         den Techniker-Diplom (DT), Ausbildungsdauer: 4 Joer

Dës Beruffsausbildung kann op dräi Manéiere gemaach ginn:

  • am duale System (régime concomitant): een Deel vun der Beruffsausbildung gëtt als Léier an engem Ausbildungsbetrib gemaach (mat engem Léierausbildungskontrakt), deen aneren Deel (ee bis dräi Deeg an der Woch) an engem Lycée;
  • am gemëschte System (régime mixte): de Léierbouf/d’Léiermeedche geet ee Joer laang Vollzäit an de Lycée an absolvéiert de Rescht vun der Ausbildung am duale System;
  • am Vollzäitsystem (régime à plein temps): d’Ausbildung geschitt am Lycée selwer; dertëscht ginn et am Ganzen op d’mannst zwielef Praktikumswochen Wochen Stage (mat Contrat de stage).
Certificat de capacité professionnelle (CCP)

Den CCP erméiglecht et dem Schüler, sech berufflech a sozial Grondkenntnesser unzëeegnen, déi noutwenneg sinn, fir um Aarbechtsmaart Fouss ze faassen.

D’Ausbildung dauert am Prinzip dräi Joer. Si ass a Modüllen opgedeelt, mat enger kontinuéierlecher Leeschtungsbewäertung (évaluation continue). Et ass eng Ausbildung mat engem Contrat d’apprentissage, d. h. e groussen Deel vun der Zäit verbréngt een an engem Ausbildungsbetrib an de Rescht vun der Zäit (ee bis dräi Deeg d’Woch) an der Schoul.

Wann ee säin CCP bis huet, kann ee mat der Ausbildung weidermaachen, fir en Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) an där nämmlechter Fachrichtung ze kréien.

Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP)

Mat engem DAP ass een eng qualifizéiert Aarbechtskraaft um Aarbechtsmaart. Et ass eng Ausbildung mat engem Contrat d‘apprentissage oder engem Contrat de stage (op d’mannst 12 Woche Stage wärend der Ausbildung). D’Ausbildung dauert am Prinzip dräi Joer.

Wann de Schüler säin DAP bis huet, kann en d’Technikerausbildung (DT) an där nämmlechter Fachrichtung maachen, déi iewescht Klasse vum Secondaire général besichen oder e Meeschterbréif maachen.

Techniker-Diplom (DT)

Dës Qualifikatioun steet fir eng ëmfaassend berufflech Ausbildung, déi et dem Schüler erlaabt, direkt an de Beruff eranzeklammen oder awer sech a sengem Fach op enger technescher Héichschoul anzeschreiwen, ënner der Konditioun, datt en d‘Virbereedungsmodülle fir dës Héichschoulstudie gepackt huet. Den Techniker huet am Géigesaz zum CCP an dem DAP méi fundéiert an diversifizéiert Kompetenzen an e bessert Allgemengwëssen.

D’Ausbildung dauert am Prinzip véier Joer.

Et ass an der Haaptsaach eng Ausbildung mat Contrat de stage (am Ganzen op d’mannst 12 Wochen).

Nom DT kann de Schüler seng Formatioun fortsetzen: E kann déi iewescht Klasse vum Secondaire général besichen, e kann och déi Modüllen absolvéieren, déi op eng technesch Héichschoul virbereeden, wann en dës Studien envisagéiert. Dës Modülle kënnen am Kader vun der normaler Studiendauer oder awer nom Ofschloss vun der Ausbildung absolvéiert ginn. Den erfollegräichen Ofschloss vun dëse Modülle gëtt an enger Annex zum Diplom zertifizéiert; dësen Diplom berechtegt zu weidere Studien op enger technescher Héichschoul an der betreffender Fachrichtung.

Modüllen a Studieleeschtungen

D’Beruffsausbildung ass an Unités capitalisables oder Studieleeschtungen opgebaut, déi hirersäits a Modüllen ënnerdeelt sinn.

Wann de Schüler e Module gepackt huet, kann e mat deem nächste Module weidermaachen. Wann en en net gepackt huet, da mécht en dëse Module nach eemol am Laf vu senger Ausbildung, am Kader vu sengem normale Stonneplang an ouni datt en dat ganzt Joer muss widderhuelen.

Verschidde Modülle bilden eng Studieleeschtung. Eng Studieleeschtung regruppéiert déi Modüllen, déi op eng spezifesch Aktivitéit vun engem Handwierk oder Beruff virbereeden.

Ausser am Fall, wou sech de Schüler nach eemol fir dat éischt Joer vun enger Beruffsausbildung aschreift, bleiwen déi Modüllen, déi mat Erfolleg ofgeschloss goufen, op Dauer als Acquis gülteg. Wann een sech, zum Beispill no enger Ënnerbriechung, erëm aschreift fir eng Ausbildung, där hir Evaluéierungsnormen an der Tëschenzäit changéiert hunn, decidéiert den Direkter vun der Beruffsausbildung, op schrëftlech Ufro vum Schüler hin, bei wéi enge Modüllen de Schüler eng Dispens kritt.

Dës Opdeelung a Studieleeschtungen a Modüllen stellt d’Kärstéck vun engem liewenslaange Léierprozess duer. D’Validéierung vun de Modüllen, déi gepackt goufen, erlaabt et all Persoun, déi hir Studien ënnerbrach huet, hir Ausbildung erëm do opzehuelen, wou se ënnerbrach gouf, ouni erëm musse bei Null unzefänken.

Liest och d’Rubricken Ausbildung an Evaluéierung.

Formatioun an enger Ausbildungsariichtung (Organisme de formation)

D’Beruffsausbildung ass konzipéiert an organiséiert, fir Erfarungen am konkrete berufflechen Ëmfeld ze fërderen.

Jee no Ausbildung sinn zwou Forme méiglech:

Léier: De Schüler/d’Schülerin huet de Status vum Léierbouf/dem Léiermeedchen; et gëtt e Kontrakt mat der Ausbildungsariichtung ofgeschloss; derniewent ginn dës Schüler eng festgeluechten Zuel vu Stonnen an d’Schoul.

Stage (Praktikum): De Schüler huet de Status vun engem Stagiaire; de gréissten Deel vu senger Ausbildung geschitt an der Schoul, ma op d’mannst zwielef Woche si fir Stagen a Betriber virgesinn.

Partnerschaft mat der Aarbechtswelt

D’Beruffsausbildung baséiert op enger Partnerschaft tëschent der Schoul an der Aarbechtswelt: de Staat, d’Beruffskummere vum Patronat an dem Salariat schaffen, wat d’Beruffsausbildung ugeet, enk zesummen.

De Comité à la formation professionnelle, deen am Gesetz iwwer d’Reform vun der Beruffsausbildung virgesinn ass, leet déi grouss Linne fest, iwwerwaacht d’Entwécklungen a garantéiert, datt d’Ziler vun der Beruffsausbildung de Besoine vun der Lëtzebuerger Wirtschaft entspriechen.

D’Kaderprogrammer (Beruffsprofil, Ausbildungsprofil a Programmkonzept) wéi och d’Bewäertungsschemae vun de verschiddenen Ausbildunge gi vun Ekippen ausgeschafft, déi sech aus Vertrieder vun der Schoul an der Aarbechtswelt zesummesetzen.

D’Ausbildungsprogrammer gi vun nationale Bildungskommissiounen ausgeschafft, déi vu Vertrieder vun deene Lycéeën, déi dës Ausbildung ubidden, a Vertrieder aus der Aarbechtswelt zesummegesat sinn.

 

Aktualiséiert