Beruffsausbildung

D’Aarbechtswelt verännert sech kontinuéierlech, sou datt d’Zuel vun de Secteuren an Aarbechtsplazen, déi eng héich berufflech Qualifikatioun erfuerderen, permanent klëmmt.

D’Beruffsausbildung (formation professionnelle) bitt eng breet Gamme u Formatiounen un, déi sech um Aarbechtsmaart orientéiert. Si erlaabt et jonke Leit wéi och Erwuessenen, eng zertifizéiert Qualifikatioun ze kréien. Si gëtt och jiddwer Erwuessenem, ob en elo eng Aarbechtsplaz huet oder eng sicht, d’Méiglechkeet, seng berufflech Kompetenzen ze erweideren.

D’Beruffsausbildung zu Lëtzebuerg ëmfaasst dräi Beräicher:

  • d’Grondausbildung, déi am Kader vum Secondaire général ugebuede gëtt;
  • déi berufflech Weiderbildung, déi liewenslaang méiglech ass;
  • d’Validéierung vun de Beruffserfarungen a Form vun enger zertifizéierter berufflecher Qualifikatioun op Basis vun de Kompetenzen, déi een sech als Salarié oder Selbstännegen erschafft huet.

 

Hei fannt Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert