Jugendhaiser a Jugendservicer

Den Accueil an d’Betreiung vu Jugendlechen, d’Ëmsetze vu Projeten an Aktivitéiten, d’Formatioun, d’Informatioun an d’Mediatioun vu Jonke kënne vun ëffentlechen oder private Strukturen oder Organisatiounen ugebuede ginn:

Jugendhaiser

Méi ewéi 50 Jugendhaiser an hir Annexen, déi op kommunalem oder regionalem Niveau geréiert ginn, sti Jonker gréisstendeels am Alter tëschent 12 a 26 Joer op. Déi Jonk kënnen d’Servicer fräi notzen, dat heescht, si kënne sech begéinen, sech informéieren a vun der Animatioun profitéieren, fir Frënn ze gesinn, e bëssen Ofstand ze huelen, Informatiounen ze kréien, mat engem Educateur ze schwätzen oder sech u verschiddenen Ausflich oder Aktivitéite wéi Sport, Kachen, Danzen asw. ze bedeelegen.

Encadréiert ginn déi Jonk vu Fachleit aus dem edukative Beräich, déi sozio-pedagogesch Animateuren (méi geleefeg „Educateuren“) genannt ginn, am Accord mam Dispositif fir Qualitéitssécherung, deen 2017 vum Ministère, dee fir d’Jugend zoustänneg ass, ageféiert gouf.

D’Aarbecht vun de Jugendhaiser ass am Kontext vun der non-formaler Bildung ze gesinn. D’edukativ Approche ënnerstëtzt déi perséinlech Entwécklung vun deene Jonken, d’Eegestännegkeet, d’Initiativ an d’Bedeelegung um Gesellschaftsliewen.

D’Bedeelegung vun deene Jonken un den Aktivitéiten, déi an de Jugendhaiser ugebuede ginn, ass fräiwëlleg an et gëtt kee finanzielle Bäitrag verlaangt, ofgesi vu verschiddene speziellen Aktivitéiten. D’Jugendhaiser gi vun ASBLen oder Gemenge geréiert. D’Käschte fir dës Servicer ginn zu 50 % vum Ministère an zu 50 % vun de Gemengen, an deenen d’Haiser ugesidelt sinn, gedroen.

Servicer fir Jugendlecher op nationalem Plang

Déi hei opgefouert Servicer hunn eng Konventioun mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a ginn zu 100 % vum Staat finanzéiert:

Aktualiséiert