Europäesch Zesummenaarbecht am Beräich Jugendpolitik

D’Jugend gehéiert zu den Aktiounsberäicher an de Grënnungstexter vun der Europäescher Unioun:

Sou steet am Artikel 165 vum Traité iwwer de Fonctionnement vun der Europäescher Unioun, Abschnitt 2, dass d’Aktioun vun der Unioun drop ausgeriicht ass, den Ausbau vum Jugendaustausch a vum Austausch vu sozio-pedagogeschen Animateuren ze fërderen an d’Participatioun vun der Jugend um demokratesche Liewen an Europa ze ënnerstëtzen.

D’Ausschaffe vun der nationaler Jugendpolitik ass deemno an enger europäescher Dynamik verankert. Den aktuelle Kooperatiounskader ass an der EU-Jugendstrategie 2019-2027 festgeluecht.

Zil vun der Strategie ass et:

  • deene Jonken dobäi ze hëllefen, hiert Liewe selwer ze gestalten, hir perséinlech Entwécklung an hir Entwécklung zur Selbstännegkeet ze ënnerstëtzen, hir Resilienz ze stäerken an hinnen déi Kompetenzen aus dem alldeegleche Liewen ze vermëttelen, déi et hinnen erlaben, an enger Welt eens ze ginn, déi sech permanent ännert;
  • déi Jonk ze encouragéieren an hinnen déi néideg Ressourcen ze ginn, fir datt si sech zu aktive Bierger, Acteure vun der Solidaritéit an der positiver Verännerung entwéckele kënnen, déi vun de Wäerter an der Identitéit vun der Europäescher Unioun inspiréiert sinn;
  • d’politesch Entscheedungen am Hibléck op hir Inzidenz op d’Jugend an alle Secteuren, besonnesch an de Beräicher Beschäftegung, Bildung, Gesondheet a sozial Inklusioun, ze verbesseren;
  • d’Aarmut bei der Jugend an all Form vun Diskriminatioun ze eliminéieren an d’sozial Inklusioun vun deene Jonken ze fërderen.

Eent vun deene wichtegsten Instrumenter ass dat géigesäitegt Léieren tëschent de Memberstaaten, der Europäescher Kommissioun an allen implizéierten Acteuren, déi d’Weiderentwécklung vun der Jugendpolitik erméiglechen.

Youth Dialogue

Am Kader vum Youth Dialogue ginn et reegelméisseg Consultatiounen. Als Nofollger vum „Strukturéierten Dialog“, deen 2013 zu Lëtzebuerg agefouert gouf, versammelt de Youth Dialogue institutionell a politesch Decideuren zesumme mat deene Jonke ronderëm en Dësch, fir gemeinsam Prioritéite bei der Ëmsetzung vun der Jugendpolitik op europäeschem an nationalem Niveau festzeleeën. Esou goufen eelef Ziler, d’Youth Goals, ausgeschafft an an d’EU-Jugendstrategie 2019‑2027 integréiert.

An all EU-Land gi Consultatioune mat de jonke Leit zu spezifeschen Theemen organiséiert, déi fir all Aarbechtszyklus (18 Méint) festgeluecht ginn. All Dialogzyklus befaasst sech mat engem oder mat e puer vun deenen eelef europäeschen Ziler fir d’Jugend.

Jugendgarantie

D’Jugendgarantie gouf am Juni 2014 zu Lëtzebuerg op Recommandatioun vum Rot vun der Europäescher Unioun vum Abrëll 2013 agefouert. Dës Garantie gesäit vir, datt de Staat eng Rei vu Moossnamen zur Verfügung stellt, fir jiddwer Jonkem tëschent 16 a 25 Joer:

  • eng méiglech Aarbechtsplaz,
  • eng zousätzlech Formatioun,
  • eng Beruffsausbildung oder
  • e Stage

bannent véier Méint, nodeem en d’Schoul verlooss oder seng Aarbecht verluer huet, ze proposéieren.

D’Jugendgarantie ass keng Aarbechtsgarantie. Si betrëfft d’Verflichtung vun de betreffende staatleche Servicer (Adem, Service national de la jeunesse, lokal Antenne fir Jonker …), dem Jonken eng héichwäerteg Betreiung bei der Sich no enger Aarbecht, der Aschreiwung an eng Schoul oder der Bedeelegung un engem Mobiliséierungsprojet wéi dem Fräiwëllegendéngscht ze bidden.

Jiddwer concernéiertem Jonkem gëtt en individualiséierte Parcours proposéiert, dee säi Profil, seng perséinlech Situatioun a seng Virstellunge berücksichtegt.

Erasmus+

D’Zil vum Programm Erasmus+ vun der Europäescher Unioun besteet doranner, Aktiounen an de Beräicher Bildung, Formatioun, Jugend a Sport ze ënnerstëtzen. E soll de Studenten, Stagiairen, Mataarbechter an allgemeng jonke Leit ënner 30 Joer mat oder ouni Diplom d’Méiglechkeet vun engem Openthalt am Ausland ginn, fir hir Kompetenzen ze stäerken an hir Beschäftegungsfäegkeet ze verbesseren. De Programm hëlleft den Organisatiounen, am Kader vun internationale Partenariater ze schaffen an innovativ Praktiken am Beräich vun der Bildung, der Formatioun an der Jugend ze deelen.

En ass an e puer „Schlësselaktiounen” opgedeelt:

  • Schlësselaktioun 1: Mobilitéit vun Eenzelpersounen zu Léierzwecker
  • Schlësselaktioun 2: Zesummenaarbecht tëschent Organisatiounen an Institutiounen
  • Schlësselaktioun 3: Ënnerstëtzung beim Ausschaffe vun der Politik a bei der Zesummenaarbecht
  • an ëmfaasst e Volet „Sport“.

Europäesche Solidaritéitscorps

Den Europäesche Solidaritéitscorps (ESC) erlaabt jonke Leit, sech ze engagéieren, an den Organisatiounen, Initiativen zu verschiddenen Aktivitéiten am humanitären, gesondheetlechen, ëmweltorientéierten a generatiounsiwwergräifende Beräich zu Lëtzebuerg an an Europa an d’Liewen ze ruffen. Den ESC ëmfaasst verschidde Voleten:

  • De Fräiwëllegendéngscht erlaabt de Jonken, sech un den Aktiounen ze bedeelegen, déi vun Organisatiounen zu Gonschte vu Kollektivitéiten a Persounen a ganz Europa gedroe ginn. Dës Erfarung erméiglecht deene Jonken, sech nei Kompetenzen unzëeegnen, sech an Europa ze entfalen, eng Friemsprooch ze léieren a mat onvergiesslechen Erënnerungen nees heemzekommen.
  • Mam Solidaritéitsprojet kann e Grupp vu Jugendlecher d’Ëmsetzung vun Hëllefsaktioune finanzéieren. Dës Projete sinn drop ausgeriicht, eng Léisung fir déi gréissten Erausfuerderungen an der lokaler Gemeinschaft vun de Jugendlechen ze bidden.
  • Den humanitäre Fräiwëllegendéngscht bréngt Benevollen an Organisatiounen zesummen, fir humanitär Hëllefsprojeten a Gebidder, déi vu Katastrophe betraff sinn, konkreet ze ënnerstëtzen.

anefore

Anefore asbl ass déi national Agence, déi mat der Ëmsetzung vun europäesche Programmer an de Beräicher Bildung, Formatioun a Jugend beoptraagt ass; dozou ziele besonnesch d’Programmer Erasmus+ an Europäesche Solidaritéitscorps genee ewéi aner europäesch Initiativen a Programmer.

Aktualiséiert