D’Jugendgarantie

D’Jugendgarantie ass zu Lëtzebuerg op Recommandatioun vum Rot vun der Europäescher Unioun vum Abrëll 2013 am Juni 2014 agefouert ginn.

Dës Garantie gesäit vir, datt de Staat eng Rei vu Moossnamen zur Verfügung stellt, fir jiddwer Jonkem tëscht 16 a 25 Joer eng méiglech Aarbechtsplaz, eng zousätzlech Formatioun, eng Beruffsausbildung oder e Stage bannent véier Méint, nodeems en d’Schoul verlooss oder seng Aarbecht verluer huet, ze proposéieren.

D’Jugendgarantie ass keng Aarbechtsgarantie. Si betrëfft d’Verflichtung vun de betreffende staatleche Servicer (Adem, Service national de la jeunesse, Antennes locales pour jeunes …) dem Jonken eng héichwäerteg Betreiung ze bidden bei der Sich no enger Aarbecht, der Aschreiwung an eng Schoul oder der Bedeelegung un engem Mobiliséierungsprojet wéi dem Fräiwëllegendéngscht.

Jiddwer concernéiertem Jonkem gëtt en individualiséierte Parcours proposéiert, dee säi Profil, seng perséinlech Situatioun a seng Virstellunge berücksichtegt.

Aktualiséiert