Jugendpakt 2017 - 2020

Déi transversal politesch Prioritéiten am Jugendberäich ginn all fënnef Joer vun engem interministerielle Comité festgeluecht. Dobäi gëtt sech net nëmmen op den nationale Rapport zur Situatioun vun de Jugendlechen zu Lëtzebuerg an op wëssenschaftlech Resultater baséiert, ma déi Jonk ginn och mat abezunn.

Den nationale Rapport vun 2015, deen d’Universitéit Lëtzebuerg ausgeschafft huet an deen Ufank 2016 verëffentlecht gouf, huet zu enger Propos fir en nationalen Aktiounsplang, de Jugendpakt 2017-2020, gefouert. Dësen Text huet de Ministère den Akteuren aus dem Jugendberäich am Februar 2017 zur Konsultatioun virgeluecht an am Juli 2017 huet d’Regierung en ugeholl.

Dësen Aktiounsplang leet déi strateegesch Ziler fest, no deenen sech d’Jugendpolitik bis 2020 soll ausriichten. Dräi Schwéierpunkte goufen op Basis vum Rapport vun 2015 ausgemaach, déi besonnesch d’Iwwergankszäit vum Jugendlechen zum Erwuessenenalter betreffen:

  • Aarbecht
  • Wunnen
  • Staatsbiergerschaft

Fir den Iwwergang an d’Beruffsliewe fir Jugendlecher, a besonnesch fir déijéineg mat spezifesche Problemer oder Schwieregkeeten (Jugendlecher ouni Schoulofschloss, mat enger Behënnerung, mat psychesche Problemer ...), méi einfach ze maachen, goufen dräi Aktiounsschwéierpunkten zeréckbehalen:

  • Verbesserung vun de Kenntnisser iwwer Risikogruppen;
  • Stäerkung vun de Fäegkeete vu Jonke mat wéineg Bildung, formal oder non-formal, andeems een der Jugendaarbecht eng vollwäerteg Plaz zoukomme léisst;
  • Entwécklung vum Dispositif Jugendgarantie mat den Akteuren am Beschäftegungsberäich.

Fir jonk Leit, virun allem déi, déi aus Betreiungsstrukture kommen oder déi op keng materiell Hëllef vun der Famill kënnen zielen, bei der Sich no enger Wunneng ze ënnerstëtzen, huet sech d’Politik dräi Ziler gesat:

  • fir déi verschidde Servicer aus de Beräicher vun der Educatioun, der Jugend, der Famill an dem Wunnengswiesen eng gemeinsam Politik entwéckelen a formaliséieren, andeems een sech hei ë. a. op den zukünftege Referenzkader „Aide à l’enfance“ stäipt;
  • d’Zuel vun de Wunnenge fir Jonker, déi e schwieregen Iwwergank zum Erwuessenenalter erliewen, erhéijen;
  • alternativ Wunnformen (Wunngemeinschaften, intergenerationell Wunnformen) ënnerstëtzen a virun allem op rechtlecher Basis vereinfachen.

Fir datt déi Jonk alleguer um politeschen a gesellschaftleche Liewen deelhuelen, huet sech d’Regierungspolitik zum Zil gesat:

  • déi partizipativ Demarchen an der formaler an non-formaler Bildung verstäerken an och déi Jonk, déi kenger Jugendorganisatioun ugehéieren, an de strukturéierten Dialog mat anzebezéien;
  • eng inklusiv Bedeelegung un de biergerlechen Aktivitéite vun allen ënnerrepresentéierte Gruppe (jonk Fraen, jonk Netlëtzebuerger, Jonker mat enger Behënnerung) ze fërderen;
  • de villen Akteuren am Beräich vun der Partizipatioun (Lycéeën, non-formal Bildungsstrukturen, Jugendparlament asw.) eng Plattform fir den Austausch zur Verfügung ze stellen, déi vum Zentrum fir politesch Bildung koordinéiert gëtt.

D’Ziler sinn am Detail am Jugendpakt, dem nationalen Aktiounsplang fir d’Jugend, beschriwwen.

D’Ëmsetzung vum Jugendpakt gëtt vum interministerielle Comité fir d’Jugend koordinéiert, dee sech zesummesetzt aus Vertrieder vun de Ministèren a Verwaltungen aus de Beräicher Jugend, Educatioun, Wunnengswiesen, Aarbecht, Famill, Integratioun, Chancëgläichheet, Kultur, Sport, Gesondheet a Justiz. D’Ëmsetzung gëtt all Joer evaluéiert.

Nëtzlech Linken

Rapport national a Jugendpakt

Youth Wiki Luxembourg

Aktualiséiert