Enseignant an der Grondschoul (m/w)

Als Enseignant an der Grondschoul besteet Äert Zil doranner, de Schüler déi néideg Instrumenter an d’Loscht um selbstännege Léieren ze vermëttelen.

Schoul hale kënnt Dir an engem vun deene véier Léierzykle vun der Grondschoul, op der beruffsvirbereedender Stuf (voie de préparation) vum Enseignement secondaire général, an de Kompetenzzentren, genee ewéi an anere spezialiséierten Ariichtungen.

Fir Fonctionnaire ze ginn, musst Dir Titulaire vun engem Bachelor-Diplom sinn, de Concours maachen an e Stage, deen op d’Funktioun virbereet, absolvéieren.

Studien zu Lëtzebuerg

D’Universitéit Lëtzebuerg bitt zwee Bachelor-Studiegäng un, fir Iech op de Beruff vum Enseignant an der Grondschoul zu Lëtzebuerg virzebereeden:

Bachelor en sciences de l’éducation (BScE)

De Bachelor en sciences de l’éducation (BScE) vun der Universitéit Lëtzebuerg adresséiert sech u Studenten, déi an der Lëtzebuerger Grondschoul Schoul hale wëllen. Hei kritt Dir déi pedagogesch an didaktesch Kompetenze vermëttelt, déi néideg sinn, fir d’Erausfuerderunge vun engem méisproochegen a multikulturelle schouleschen Ëmfeld ze meeschteren.

Bachelor en formation pédagogique (BFP)

Zanter der Rentrée 2023/2024 bitt d’Universitéit Lëtzebuerg de Bachelor en formation pédagogique (BFP) un, deen et méi enger grousser Zuel vu Studenten erlaabt, de Beruff vum Enseignant an der Grondschoul ze ergräifen.

De BFP bitt Titulairë vun engem Bachelor a Beräicher, déi mat der Educatioun ze dinn hunn, d’Méiglechkeet, eng zousätzlech Qualifikatioun ze kréien, déi op de Grondschoulunterrecht (Zyklen 2-4) an de Lëtzebuerger Schoule virbereet. Hei kritt Dir déi pedagogesch an didaktesch Kompetenze vermëttelt, déi néideg sinn, fir d’Erausfuerderunge vun engem méisproochegen a multikulturelle schouleschen Ëmfeld ze meeschteren.

Studien am Ausland

Dir kënnt och am Ausland studéieren, fir en Héichschouldiplom ze kréien, deen op de Beruff vum Enseignant virbereet.

Méi Informatiounen iwwer Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland op mengstudien.lu, e Webportal vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR).

Méi Informatiounen iwwer d’Studien am Ausland fannt Dir op der Säit Nëtzlech Adressen.

Spezialiséierten Enseignant (m/w)

De Beruff vum Enseignant an der Grondschoul bitt e puer Spezialiséierungsweeër:

Instituteur spécialisé (m/f) dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques  (I-EBS)

D’Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen (Instituteur pour élèves à besoins éducatifs spécifiques, I-EBS) ginn direkt de d’Grondschoulen zougewisen.

Als éischten Uspriechpartner fir d’Schüler mat spezifesche Besoinen, hir Elteren, d’Titulairë vun de Klassen an d’pedagogesch Ekippe stinn si de Schüler an der Klass zur Säit a schaffen enk mat de Membere vun den Ekippe fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (équipes de soutien des élèves à besoins spécifiques) a vun den Inklusiounskommissiounen zesummen.

Fir eng Karriär an dësem Beräich musst Dir:

  • e Master am Zesummenhang mat der Begleedung vu Schüler mat besonneschen oder spezifesche Bildungsbesoinen am Grondschoulunterrecht hunn; oder
  • en Ofschloss hunn, dee vum Minister, dee fir d'Héichschoulen zoustänneg ass, als gläichwäerteg unerkannt ass.

Ausserdeem musst Dir eng Beruffserfarung vu mindestens zwee Déngschtjoer zanter Ärer Nominatioun als Enseignant an der Grondschoul opweisen.

Instituteur spécialisé (m/w) en développement scolaire (I-DS)

D’Enseignanten am Beräich vun der Schoulentwécklung (Instituteur spécialisé en développement scolaire, I-DS) sinn an de Schoule vun enger oder méi Regionaldirektioune vum Enseignement fondamental täteg. Si begleeden an ënnerstëtzen d’pedagogesch Ekippen an d’Schoulkommiteeë bei der Konzeptioun an Ëmsetzung vun hiren Demarchen am Beräich vun der Schoulentwécklung. Si schaffen enk mat deem oder de betraffene Regionaldirekter(en) zesummen.

Den I-DSen hir Aufgabe bestinn haaptsächlech doranner, d’Schoulen ze encouragéieren, innovativ an nëtzlech pedagogesch Praktike fir d’Verbesserung vun de Léierprozesser ëmzesetzen an déi Enseignanten ze ënnerstëtzen, déi personaliséiert Hëllef bei hirer pedagogescher Aarbecht ufroen.

Instituteur spécialisé (m/w) en compétences numériques (I-CN)

Enseignanten am Beräich digital Kompetenzen (Instituteur spécialisé en compétences numériques, I-CN) begleeden d’Grondschoule bei der progressiver Aféierung vu Léierprozesser, déi sech op den Asaz vun digitalen Technologië baséieren an d’Entwécklung vu Schlësselkompetenzen am Zesummenhang mat de Medien a mat dësen Technologië fërderen.

Hir Aufgabe bestinn ënner anerem doranner, d’Léier- an Erzéierpersonal an déi aner Acteuren, déi zu der schoulescher Gemeinschaft gehéieren, am Beräich vun der Medienerzéiung, zu där och d’Implementatioun vum Coding a vu computerbaséiertem Denke bei de Schüler gehéiert, ze ënnerstëtzen, ze beroden an ze begleeden.

Aktualiséiert