Enseignant am Secondaire (m/w)

Vun de Sprooche bis zur Technologie – d’Inhalter an d’Programmer, déi an de Lycéeë vermëttelt ginn, si ganz breet gefächert. An awer ass d’Aufgab vum Enseignant, onofhängeg vu sengem Fach, déi selwecht: Wësse vermëttelen, Kompetenzen entwéckelen, zu der Educatioun vun de Schüler bäidroen, andeem hien de Schüler hëlleft, sech an hirer perséinlecher Aarbecht ze organiséieren, an hir Acquisen evaluéieren.

Hutt Dir schonn Nohëllefsstonnen an Ärem Lycée ginn? Dat ass eng gutt Manéier, fir Är Motivatioun, Gedold, Grëndlechkeet an Äre Virwëlz ze testen – alles wichteg Fäegkeeten, déi Dir braucht, fir Iech an dëse Beruff ze lancéieren.

Master / Bachelor / Meeschterkaart an der gefroter Spezialisatioun

Fir Enseignant am Secondaire ze ginn, musst Dir Héichschoulstudie mat engem Master, engem Bachelor oder enger Meeschterkaart am Zesummenhang mat der gefroter Spezialisatioun ofschléissen:

  • professeur (A1): Master oder gläichwäerteg;
  • professeur d’enseignement technique (A2): Bachelor oder gläichwäerteg;
  • maître d’enseignement: Meeschterkaart / BTS.

Dir kënnt zu Lëtzebuerg oder am Ausland studéieren, fir en Héichschouldiplom am Zesummenhang mat der gefroter Spezialisatioun ze kréien.

Méi Informatiounen iwwer Héichschoulstudien zu Lëtzebuerg an am Ausland op mengstudien.lu, e Webportal vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR).

Master en enseignement secondaire

De Master en enseignement secondaire vun der Universitéit Lëtzebuerg bereet Studente mat engem Bachelor-Diplom op de Beruff vum qualifizéierten Enseignant am Lëtzebuerger Schoulsystem vir.

D’Formatioun riicht sech u Studenten, déi hir fachlech Kenntnesser verdéiwen an d’Kompetenzen, déi fir den Unterrecht am Secondaire néideg sinn, weiderzëentwéckelen. Et gi véier Filièren ugebueden:

D’Formatioun riicht sech besonnesch un Titulairë vun engem Bachelor an der Germanistik, Romanistik oder Mathematik. Studenten, déi sech an d’Filière „Lëtzebuerger Sprooch a Literatur” aschreiwe wëllen, mussen Titulaire vun engem Bachelor-Diplom am Beräich Philologie oder Kulturstudie sinn.

Brevet de technicien supérieur (BTS)

De Brevet de technicien supérieur (BTS) ass eng Héichschoulausbildung vu véier oder sechs Semester, déi theoreeteschen Unterrecht mat praktesche Stagen an der Entreprise verbënnt. Lëtzebuerg bitt momentan 36 BTSen an de follgende Beräicher un: Commerce, Gesondheet, Industrie, ugewannt Konscht, Handwierk an Déngschtleeschtungen. D’BTSe sinn an der Éischtausbildung an iwwer d’Validation des acquis de l’expérience (VAE) zougänglech.

E Brevet de technicien supérieur oder e Brevet de technicien supérieur spécialisé am Zesummenhang mat der gefroter Fachrichtung erméiglechen den Zougang zu der Karriär vum Maître d’enseignement (B1).

Fir méi Informatiounen:

Aktualiséiert