International Studien

Lëtzebuerg mécht bei verschiddenen internationale Studie mat: beim internationale Programm fir d’Bewäertung vun de Schülerleeschtunge PISA (Programme for International Student Assessment), bei der HBSC-Studie (Health Behaviour in School-aged Children) an der International Computer and Information Literacy Study (ICILS).

Programme for International Student Assessment (PISA)

PISA ass eng international Studie, déi d’Leeschtunge vun de 15-järege Schüler evaluéiert. Si gëtt all dräi Joer vun der OECD (Organisation for Economic Co-operation and Development) duerchgefouert an enker Zesummenaarbecht mat alle Länner, déi un der PISA-Studie deelhuelen. PISA evaluéiert d’Kompetenze vun de Schüler an de Beräicher Naturwëssenschaften a Mathematik souwéi hir Lieskompetenz, déi als relevant ugesi gi fir dee weidere schoulesche Parcours an hiert spéidert Liewen als erwuesse Leit.

Liest och: Étude PISA au Luxembourg

Health Behaviour in School-aged Children (HBSC)

Déi transnational Pionéier-Studie HBSC erlaabt et zanter 30 Joer, d’Wuelbefanne vun deene Jonken, d’Gesondheetsverhalen an hiert soziaalt Verhale besser ze verstoen. Dës Fuerschungszesummenaarbecht mam Regionalbüro vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) fir Europa gëtt all véier Joer a 45 Länner a Regiounen an Europa an Nordamerika ofgehalen. Zulescht gouf se am Fréijoer 2018 duerchgefouert.

Zu Lëtzebuerg gëtt dës Studie vun enger interministerieller Aarbechtsgrupp vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an dem Gesondheetsministère, a Partnerschaft mat der Universitéit Lëtzebuerg, duerchgefouert.

Gitt och op: hbsc.lu

International Computer an Information Literacy Study (ICILS)

D’ICILS, déi vun der Division du traitement de données sur la qualité de l'encadrement et de l'offre scolaire et éducative vum SCRIPT koordinéiert gëtt, gouf am Mäerz 2018 fir all d’6es-Klasse vum ESC an ESG duerchgefouert. Et geet drëms ze bestëmmen, op Basis vu Problemer, déi um Computer ze léise sinn, wat fir eng reell Kompetenzen d’Schüler um Niveau vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien hunn.

Gitt och op: www.iea.nl/icils

Aktualiséiert