Enseignement secondaire

Wann am Lycée e Schüler spezifesch Besoinen huet, kënnen him divers Hëllefsmoossnamen ugebuede ginn. Dës Moossname ginn u seng individuell Besoinen a seng Léierschwieregkeeten ugepasst. Dës sollen dem Schüler, sou wäit wéi et geet, erméiglechen, um regulären Unterrecht deelzehuelen.

Wéi eng Méiglechkeete ginn et, fir Ärem Kand ze hëllefen?

Am Lycée gi verschidden Ënnerstëtzungsmoossname fir Schüler mat spezifeschem Fërderbedarf ugebueden:

  • D'Nohëllef erméiglecht dem Schüler, eleng oder a klenge Gruppen, verschidde Fächer ze verdéiwen.
  • Räsonabel Amenagementer erméiglechen d'Upassung vun de Léier- an Evaluatiounsmodalitéiten un déi spezifesch Besoine vum Schüler. Dës erméiglechen dem Schüler sech d'Matière méi einfach unzëeegenen a besser Resultater an de Prüfungen ze kréien.
  • D'Ënnerstëtzung am Unterrecht gëtt op déi individuell Besoine vum Schüler zougeschnidden. D'Inklusioun vum Schüler an der Klass gëtt duerch d'Interventioun vun engem speziell ausgebilten Enseignant gefërdert.
  • Duerch psychologesch, mee och perséinlech, relationell a sozial Ënnerstëtzung kann dem Schüler a schwierege Momenter oder Krise gehollef ginn. Esou kann de Schüler déi sozial an emotional Stabilitéit erëmfannen, déi e fir eng erfollegräich Scolaritéit brauch.
  • Duerch den individualiséierte Individualiséierten Fërderplang (plan de formation individualisée - PFI) gëtt de Léierplang un dem Schüler seng Fäegkeeten ugepasst. Wann néideg gesäit den individualiséierte Bildungsplang eng deelweis oder komplett Neiorientéierung vir.
  • Duerch eng Betreiung an enger Klass mat speziellen Ziler oder enger spezialiséierter Klass kënnen de Rhythmus, den Inhalt an d'Léiermodalitéiten un d'Fäegkeete vum Schüler ugepasst ginn.

Zousätzlech zu dësen Ënnerstëtzungsmoossnamen an der Schoul ginn et och nach Moossnamen op nationalem Niveau. Et gi beispillsweis spezifesch Léieratelieren, Fërderschoulen a Form vu Kompetenzzenteren oder spezialiséiert Bildungsstrukturen am Ausland.

Wie kann Äert Kand betreien?

Déi éischt Uspriechpartner vum Schüler a sengen Eltere sinn d'Enseignanten an de Regent vun der Klass. Et ginn nach aner Persounen, déi dofir do sinn, fir no Récksprooch mam Schüler a sengen Elteren den adequate Suivi vum betraffene Schüler ëmzesetzen:

  • D'Membere vun der Lycéesdirektioun: Si kënnen z. B. eng Nohëllef organiséieren, räsonabel Amenagementer geneemegen oder eng Ufro un d'Kommissioun fir räsonabel Amenagementer (CAR) weiderleeden.
  • De Service psycho-social et d’accompagnement scolaires (SePAS) bitt eng psychologesch, perséinlech a sozial Betreiung vun de Schüler.
  • D’Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat besonneschem Fërderbedarf (ESEB): Si beréit d'Enseignanten a ka selwer eng ambulant Betreiung a Form vun enger Ënnerstëtzung am Unterrecht assuréieren. Si kann eng éischt Analys an Zesummenaarbecht mat den Enseignantë maachen an d’Betreiung vum betraffene Schüler suivéieren.
  • Déi schoulesch Inklusiounskommissioun (CIS) vum Lycée definéiert déi fir de Schüler adequat Ënnerstëtzung. Si kann z. B. een individualiséierten (Aus-)Bildungsplang (Plan de formation individualisé - PFI) ausschaffen oder den Direkter bei der Ëmsetzung vu räsonabelen Amenagementer beroden.
  • D'Inklusiounskommissioun kann och de Schüler a seng Elteren dobäi ënnerstëtzen, wann si sech un déi national Inklusiounskommissioun (CNI) riichte wëllen, fir eng méi spezialiséiert Betreiung vum Schüler unzefroen. De groussjärege Schüler an d'Eltere kënnen sech och direkt un déi national Inklusiounskommissioun (CNI) wenden.

 

U wie kënnt Dir Iech riichten?

 

Dernière mise à jour