Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme (CTSA)

De Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme (CTSA) iwwerhëlt déi fréier Aufgabe vum Institut pour enfants autistiques et psychotiques (IEAP); dobäi kommen nei Missiounen a senger Funktioun als Kompetenzzentrum.

Fir wien ass de CTSA geduecht?

De CTSA betreit Kanner a Jugendlecher mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (TSA). Dës nei Terminologie, „Autismus-Spektrum-Stéierung“, faasst all d’Stéierungsbiller zesummen, déi ënner der Bezeechnung Autismus, Asperger-Syndrom, déifgräifend Entwécklungsstéierung (TED), desintegrativ Stéierung vum Kanneralter bekannt waren.

Autismus-Spektrum-Stéierunge sinn neurologesch Entwécklungsstéierungen; d’Ausprägunge kënne sech beim Betraffenen dat ganzt Liewe laang änneren, an der Aart an an der Intensitéit. Déi domat verbonne Schwierigkeete gräifen a vill Funktiounsberäicher vum Betraffenen an.

D’Charakteristike vum Autismus kënnen an dräi Kategorien ënnerdeelt ginn, déi mat der Kommunikatiounsfäegkeet, dem Opbau vun tëschemënschleche Bezéiungen an dem Verhalen an ageschränkten a stereotyppen Intressien ze dinn hunn.

Autismus-Spektrum-Stéierunge kënne sech méi däitlech äusseren, wann d’Kand an d’Schoul kënnt an déi sozial Bezéiunge méi komplex ginn.

Wéi schafft de CTSA?

D’Kand oder de Jugendleche mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung gëtt am CTSA ganzheetlech betreit. D’Betreiung baséiert op enger erzéiungs-, verhalens- an entwécklungsorientéierter Approche, déi alle Kompetenzen a spezifesche Problemer vum Betraffene Rechnung dréit, fir en individuellen Erzéiungs-, Rehabilitatiouns- a Schoulprogramm opzestellen.

Elementer vu verschiddene Léier- a psychopedagogeschen Approchë ginn ugewant. D’Schwéierpunkte leien op:

  • engem Ëmfeld, dat Sécherheet vermëttelt (hell, stabil, visibel)
  • der Antizipatioun vu Verännerungen an Iwwerraschungen
  • der Minimiséierung vun Ëmstellungen
  • der Rücksicht op den individuelle Rhythmus
  • dem Gebrauch vu strukturéiertem an adaptéiertem Material
  • dem Gebrauch vu visuellen Hëllefsmëttelen
  • der deegleger Routine (Tagesverlauf)
  • der individueller Betreiung, déi un déi spezifesch Besoine vum Betraffenen adaptéiert ass

Den Zentrum ass a véier Unitéiten ënnerdeelt.

D’Unitéit fir den Enseignement (unité d’enseignement) organiséiert de gemëschte Vollzäit-Schoulunterricht (regulär Schoulklassen a Klasse vum CTSA) wéi och spezialiséiert ambulant Interventiounen an der Grondschoul an am Lycée.

Et gëtt eng Rei vu Kohabitatiounsklassen, d. h. Klassen an engem reguläre Schoulgebai, wat Interaktioune mat deenen anere Schüler erlaabt.

Déi multidisziplinär Ekipp vun der Unitéit fir Diagnostik, Berodung a Begleedung (unité de diagnostic, de conseil et de guidance) këmmert sech ëm:

  • d’Betreiung vun de Schüler an Elteren
  • d’Organisatioun vun Diskussiounsronne mat den Elteren
  • eng Fachdiagnos
  • Berodung a Begleedung
  • d’Informatioun, d’Formatioun vun de Experten an den Austausch mat Fachkolleegen
  • d’Sensibiliséierung
  • d’Zesummenaarbecht mat der Nationaler Inklusiounskommissioun
  • de Kontakt an d’Zesummenaarbecht mat anere bedeelegte Servicer

D’Unitéit fir Rehabilitatioun (unité de rééducation) ass zoustänneg fir

  • d’Interventiounen an d’Rehabilitatioun an de Klasse vum CTSA an de Klasse vun der Grondschoul an dem Lycée,
  • d’Mataarbecht bei der Diagnos, d’Bilanen an d’Partizipatioun bei de Berodungen.

Déi véiert Unitéit ass fir administrativ Aarbechten an den technesche Beräich zoustänneg.

Wie schafft am CTSA?

D’Unitéit fir den Enseignement besteet aus

  • Pedagogen
  • Heilpedagogen
  • Enseignantë fir Schüler mat spezifesche Besoinen
  • Educateur-graduéen
  • Educateuren
  • Educateur-Ausbilder (Dréckerei asw.)

An der Unitéit fir Diagnostik, Berodung a Begleedung schaffen:

  • Psychologen
  • Pedagogen
  • eng Assistante sociale
  • en Enseignant
  • Educateur-graduéen
  • Educateuren
  • Therapeuten
  • en Dokter, deen an der Kanner- a Jugendpsychiatrie spezialiséiert ass (externe Beroder)

D’Unitéit fir Rehabilitatioun besteet aus Logopeden, Psychomotoriker an aneren Therapeuten.

Dernière mise à jour