Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CDV)

De Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CDV) iwwerhëlt d’Aufgabe vum 1976 gegrënnten „Institut pour déficients visuels“ a baut d’Kenntnesser an den Knowhow op deem Gebitt weider aus.

Fir wien ass de CDV geduecht?

„Schlecht gesi“ ka Verschiddenes bedeiten: d’Bléckfeld gëtt méi kleng (Tunnelbléck), et verléiert een dat zentraalt Sehverméigen, sou datt een ëmmer manner gutt gesäit … De Grad vun dëser Beanträchtegung (liicht, schwéier, total) huet staark Auswierkungen op d’Autonomie vum Kand (et ass bei verschiddenen Aktivitéite staark beanträchtegt oder Verschiddenes ass carrément net méiglech: liesen, schreiwen, sech deplacéieren asw.).

Blann Kanner oder Kanner, déi schlecht gesinn, si mat enormen Erausfuerderunge konfrontéiert: Si mussen an engem Ëmfeld opwuessen a léieren, dat seelen un hir Beanträchtegung ugepasst ass.

D’Aufgab vum CDV ass et, se ze begleeden, vum Bëbeesalter u bis datt se erwuess sinn, onfhängeg dovun, ob se blann sinn, eng aner visuell Beanträchtegung hunn oder se aner Problemer hunn ewéi zum Beispill visuell-motoresch bedingte Koordinatiounsschwierigkeiten (Dyspraxie).

Wéi schafft de CDV?

Zil vum CDV ass, datt de Schüler mat entspriechender Hëllef eng gréisstméiglech Autonomie erreechen a seng Schoul maache kann.

De CDV funktionéiert op der Basis vun enger reng inklusiver Philosophie: En huet keng eege Klassen, mee schafft mat de Grondschoulen a Lycéeën zesummen, wou déi vum CDV betreite Schüler eng Klass besichen. E beréit d’Enseignanten an ënnerstëtzt d’Schüler an der Klass (Hëllef beim Beschafe vu Schoulmaterial, Upassung vun de Schoulbicher a Brailleschrëft oder méi grousse Schrëften, Bereetstelle vun techneschen Hëllefsmëttelen asw.)

De CDV bitt a senge Raimlechkeeten Eenzel- a Gruppecoursen un: Braille, Dactylo, Konzeptvermëttlung (Faarwen, Raum asw.), Übung am Ëmgang mat optoelektronesche Geräter, Informatikcoursen, Orientéierungs- a Mobilitéitstraining, Trainéiere vun den Alldaagsaktivitéiten …

De CDV beréit d’Elteren an d’Personal vun de Betreiungsstrukturen, fir datt se de Kanner herno bei den Hausaufgabe kënnen hëllefen.

De CDV huet eng Mediathéik, eng Didaktothéik, eng Fachbibliothéik, eng Braille-Bibliothéik an e Ressourcenzentrum fir Hëllefsmëttelen (Braillezeilen, Videoluppen, Brailledrucker, Toole fir d’Faarferkennung, GPS asw.). Dës Hëllefsmëttele si geduecht fir d’Elteren, d’Enseignanten an aner Fachleit, déi Kanner mat funktionelle Besoinen opgrond vun hirer visueller Beanträchtegung betreien.

De CDV stellt de Schüler informatesch Léisungen am IOS- an Android-Format zur Verfügung. Eng ganz Rei vun Applicatioune si vum CDV entwéckelt ginn. Zudeem goufen Hefter entwéckelt, déi un déi funktional Besoine vun de Schüler adaptéiert sinn. Dës Hefter si gratis ze kréien.

D’Medienzentrum suergt derfir, datt d’Schoulinhalter all accessibel sinn. Et geréiert d’Gestaltung an d’Vervillfältegung vun de visuellen, taktillen, auditiven an digitale Medien a schafft duerfir enk mat den Enseignanten zesummen.

De CDV passt op, datt d’Qualität geséchert ass, an ënnerstëtzt innovativ Léisungen. Duerfir schafft den Zentrum bei Forschungsprojeten an europäesche Kooperatiounsprojete mat: Entwécklung vun enger Open-Source-Softwarebibliothéik mat engem effizienten Eye-Tracking-System (Opey - Open and portable software library for rapid eye tracking); Job-Shadowing a Wëssensaustausch a Bezuch op Mobilitéit an Alldagskompetenzen (Job shadowing and exchange of knowledge in mobility and daily living skills for blind and partially sighted people); Entwécklung vun der 3D-Drocktechnik an taktille Medien (Ubis - Universal information containers for Blind and Visual impaired Students) asw.

Wie schafft am Zentrum?

An der CDV-Ekipp schaffe Pedagoge mat enger Spezialiséierung an der Pedagogik fir blann Leit a Leit mat enger anerer visueller Beanträchtegung, Logopeden, Orthoptisten an Optometristen, Enseignantë fir Orientéierung a Mobilitéit, Enseignantë fir Alldaagsaktivitéiten, Informatiker an Transkriptoren, 3D-Zeechner, Psychomotoriker und Ergotherapeuten, Enseignanten, Pedagogen, Educateur-graduéen, Neuropsychologen a Psychologen.

Dernière mise à jour