Centre pour le développement socio-émotionnel (CDSE)

Fir wien ass de CDSE geduecht?

All Kand wiisst an entwéckelt sech a sengem Rhythmus. Mat den Erfarungen, déi et mécht, léiert et, seng eegen Emotiounen an déi vun deenen aneren ze verstoen, seng Gefiller auszedrécken a seng Reaktiounen ze kontrolléieren. Déi meescht Kanner erreechen hei e Gläichgewiicht a fannen hir Plaz souwuel an hirem familiären ewéi och an hirem schouleschen an ausserschouleschen Ëmfeld.

Bei e puer vun hinnen ass dat eegent Wuelbefannen, déi sozial Upassung an de schouleschen Erfolleg duerch Verhalensstéierunge kompromettéiert, déi si selwer an och hiert Ëmfeld als méi oder manner beonrouegend oder perturbant empfannen.

Dobäi kann et sech ëm Stéierungen handelen, déi sech no baussen äusseren (z. B. en aggressiivt oder destruktiivt Verhalen) oder Stéierungen, déi sech net no baussen äusseren (Ängschten, Anorexie, Schlofstéierungen, Depressioun asw.). Et geet dorëm, dës Stéierunge sou fréi wéi méiglech ze erkennen, d’Besoine vum Kand ze identifizéieren an déi Moossnamen ze fannen, déi him kéinten hëllefen.

De Centre pour le développement socio-émotionnel (CDSE) adresséiert sech u Kanner a Jugendlecher, bei deenen d’Betreiung op lokalem Plang (Schoul, Lycée) a regionalem Plang (Regionaldirektioun vun der Grondschoul) net duergaangen ass oder net méiglech war.

Op Ufro bitt de CDSE Informatiounen a Berodung fir:

  • Enseignanten
  • d’Personal vum Psycho-sozialen a schoulesche Berodungsdéngscht (SePAS)
  • d’Membere vun der Ekipp fir d’Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen aus der Grondschoul (ESEB)
  • d’Personal vun de Betreiungsstrukturen
  • aner betraffe Fachleit

Wéi schafft de CDSE?

De CDSE kann eng Fachdiagnos maachen an d’Grondschoulen an d’Lycéeë beroden a coachen. Sollt et sech als noutwenneg erausstellen, kann en Therapien an eng sozial Ënnerstëtzung vun de Famillen ubidden. En organiséiert ausserdeem Schulunge fir Fachleit a Sensibiliséierungsaktioune fir de breede Public.

Well déi éischt Liewensjoer vun engem Kand eng ganz sensibel Phas a senger sozio-emotionaler Entwécklung sinn, setzt de CDSE e preventive Programm ëm, dee speziell fir de Cycle 1 vun der Grondschoul konzipéiert gouf. E bitt den Eltere vu Kanner mat schwéiere Verhalensstéierungen en Ënnerstëtzungsprogramm un („parent trainings“).

Bei ganz schwéiere Verhalensstéierunge kann et sech als noutwenneg a virdeelhaft erweisen, d’Kand fir eng Zäit aus senger Klass erauszehuelen. De Schwéierpunkt gëtt dann op d’Entwécklung vu senge sozio-emotionale Kompetenze geluecht.

En zäitlech begrenzte Schoulunterricht am CDSE erlaabt et och, e Schüler no enger méi laanger Therapie oder Hospitaliséierung op seng schoulesch Reintegratioun virzebereeden. An engem geschützte Kader kann de Schüler säin eventuelle schoulesche Retard ophuelen an e Léierrhythmus erëmfannen, deen dem Rhythmus vu senger ursprünglecher Klass oder där Klass, an déi en orientéiert an integréiert gëtt, entsprécht. Wärend dëser Etapp ass d’Zesummenaarbecht mat der ursprünglecher oder zukünfteger Schoul enorm wichteg.

Wie schafft am Zentrum?

Fir eng adaptéiert an individualiséiert Betreiung ze garantéieren, setzt sech déi multidisziplinär Ekipp aus ënnerschiddleche Fachleit zesummen: Educateur-graduéen, Psychologen, Pedagogen, Enseignanten, Pedopsychiateren, Assistant-sociallen, Logopeden an Educateuren.

Dernière mise à jour