Centre pour le développement moteur (CDM)

De Centre pour le développement moteur (CDM) huet d’Aufgabe vum fréieren „Institut pour infirmes moteurs cérébraux“ iwwerholl.

Fir wien ass de CDM geduecht?

E Kand mat enger motorescher Beanträchtegung muss Bedingunge virfannen, déi seng Entwécklung optimal fërderen: déi emotional Bezéiungen zu sengem familiären Ëmfeld mussen oprechterhale ginn, d’Bildung an d’Sozialiséierung sinn ausgeriicht op eng Integratioun.

Dat betraffent Kand huet jee no Beanträchtegung spezifesch Besoinen, déi evaluéiert musse ginn, fir eng adequat Betreiung ze garantéieren.

Et ass d’Aufgab vum CDM, op déi besonnesch Bildungsbesoine vun deene Kanner a Jugendlechen anzegoen, deenen hir Beanträchtegung sech aus motoreschen oder kierperleche Problemer ergëtt oder engem Retard an der motorescher a kierperlecher Entwécklung.

D’Sektioun „Handicap moteur, corporel et polyhandicap“ vum CDM betreit Kanner a Jugendlecher mat enger motorescher, kierperlecher Beanträchtegung an/oder enger Polybeanträchtegung opgrond vun enger weesentlecher, dauerhafter oder definitiver Beanträchtegung.

D’Sektioun „Troubles spécifiques du développement moteur“ këmmert sech ëm Kanner aus dem Cycle 1 vun der regulärer Grondschoul, déi eng entwécklungsbedéngt Koordinatiounsstéierung opweisen. Dës Entwécklungsstéierung an der Koordinatioun definéiert sech duerch duerch e Retard an der motorescher Entwécklung an der Koordinatioun vun de Beweegungen am Verglach mat gläichaltrege Kanner. Duerch dës motoresch Schwierigkeete gëtt d’Ausféierung vun alldeeglechen Handlungen erschwéiert. Hei schwätzt een och vun Dyspraxie.

Wéi schafft de CDM?

All Kand huet e Recht op seng kierperlech a geeschteg Entwécklung an e personaliséierte schoulesche Parcours. Et gëtt alles ënnerholl, fir d’Entwécklung vu jiddwer Schüler op Basis vu senge perséinleche Fäegkeeten ze fërderen, an zwar am motoreschen, kognitiven, emotionalen, sozialen a praktesche Beräich.

D’Offere vum Zentrum baséieren op enger interdisziplinärer a globaler Betreiung, déi Unterricht, Erzéiung, Therapien a Soinen ëmfaasst.

D’Sektioun „Troubles spécifiques du développement moteur“ vum CDM féiert systematesch Tester bei alle Schoulkanner vum Zyklus 1.2 duerch, fir am ganze Land e gläichberechtegten Zougang zu Betreiungsméiglechkeeten ze garantéieren.

Schüler mat enger motorescher Beanträchtegung hunn déi heite Bildungsméiglechkeeten:

  • si kënnen eng regulär Grondschoul oder e reguläre Lycée besichen, wou si da vu spezialiséierten ambulante pädagogeschen an/oder reeducativen Interventioune profitéiere kënnen;
  • si kënnen 1 – 4 Deeg an der Woch eng regulär Schoulklass besiche mat Ënnerstëtzung an der Klass; déi aner Deeg besiche se eng CDM-Klass (gemëschte Schoulbildung);
  • si kënnen eng Klass vum CDM besichen, wou se de ganzen Dag vun enger schoulescher, erzéierescher a reeducativer Betreiung profitéieren.

Den ambulante Service vum CDM reagéiert flexibel op organisatoresch, individuell, berufflech a familiär Besoinen, andeem en an d’Schoule geet oder déi Betraffen am CDM empfängt.

De CDM kann op Ufro a jee no Disponibilitéit de Schüler, dem Personal vun der regulärer Schoul oder engem anere Kompetenzzentrum spezifescht Material (extra Still, Computer …) zur Verfügung stellen.

E Schoulinternat, dat fir déi spezifesch Besoine vun de Schüler vum CDM ageriicht ass, bitt eng Dagesbetreiung, eng sozialpedagogesch Betreiung, Iwwernuechtungsméiglechkeeten an eng Restauratioun un.

Wie schafft am Zentrum?

Zum Personal vum CDM gehéieren:

  • Psychologen, Pedagogen, Heilpedagogen, Educateur-graduéen
  • Kinéen, Logopeden, Ergotherapeuten, Psychomotoriker
  • Infirmieren
  • Enseignanten, e Schwammmeeschter an e Musekstherapeut
  • administratiivt an technescht Personal

Vertrauensdokteren an der Orthopedie, der funktionaler Rehabilitatioun, der Neurologie an der Pediatrie schaffe reegelméisseg mam CDM zesummen.

Dernière mise à jour