PISA 2025: Lieskompetenzen an d’Notzung vum Smartphone als zentral Erausfuerderungen

Den 8. September 2026 huet d’Organisation for Economic Co-operation and Development (OECD) d’Resultater vun der internationaler PISA-Etüd 2025 publizéiert.

D’Etüd, bei där dës Kéier d’Naturwëssenschaften am Mëttelpunkt stoungen, weist a ville Länner, besonnesch och an Europa, e Réckgang vun de Kompetenze vun de 15-järege Schüler. Lëtzebuerg ass an dësem internationalen Trend keng Ausnam: Och hei am Land ginn d’Resultater an den dräi Testberäicher Naturwëssenschaften, Mathematik a Liese par rapport zu 2018 signifikant zeréck.

Et ginn awer och positiv Resultater: am Testberäich Computational Problem Solving schneiden d’Schüler verhältnisméisseg gutt of, an d’Korrelatioun tëscht de Leeschtunge vun de Schüler an dem Migratiounshannergrond huet sech par rapport zu de viregten Etüden däitlech reduzéiert.

Besonnesch Suerge mécht awer de markante Réckgang vun de Lieskompetenzen, déi d’Grondlag sinn, fir ze léieren, Informatiounen ze verstoen, se kritesch ze hannerfroen a sech eng eege Meenung ze bilden.

„Liesen ass net einfach eng Kompetenz ënner villen aneren“, esou de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch. „Eng exzessiv Notzung vum Smartphone a vun de soziale Medien huet d’Liesgewunnechte vun deene Jonken nach emol negativ beaflosst. Besonnesch haut, wou eis Jonk an enger digitaler Welt grouss gi sinn a vill Zäit um Smartphone verbréngen, huet sech d’Manéier, wéi si un Informatioune kommen an dës verschaffen, verännert. Mir mussen zesummen nei Weeër fannen, fir de Jonken ze hëllefen, sech erëm mat méi laangen a komplexen Texter auserneenzesetzen, an d’Famillen doran ënnerstëtzen, fir de Kanner scho vu Klengem un de Wäert vum an d’Loscht um Liesen ze vermëttelen.“

De Réckgang vun de Lieskompetenzen erkläert sech der OECD no aus engem Zesummespill vu verschiddene Facteuren, woubäi och en direkten Zesummenhang mat der Notzung vun den digitale Medien an dem Smartphone besteet. Fir Lëtzebuerg kënnt als zousätzleche Facteur nach déi komplex Sproochesituatioun dobäi.

E Réckgang, dee Lëtzebuerg mat ville Länner deelt

Am Haapttestberäich Naturwëssenschafte läit Lëtzebuerg mat 474 Punkten am Gesamtranking ënnert der OECD-Moyenne (482 Punkten) a knapp ënnert dem EU-Duerchschnëtt (476 Punkten). Wéi a villen anere Länner ginn och zu Lëtzebuerg d’Resultater an den dräi Testberäicher par rapport zu 2018 signifikant zeréck: an den Naturwëssenschafte vu 477 Punkten 2018 op 474 Punkten 2025; an der Mathé vu 483 Punkten 2018 op 458 Punkten 2025; an am Liese vu 470 Punkten 2018 op 443 Punkten 2025.

Gläichzäiteg klëmmt zu Lëtzebuerg an allen dräi Testberäicher den Undeel u Schüler, déi ënnert dem Kompetenzniveau 2 leien. Dësen Niveau gëllt bei PISA als wichtege Referenzpunkt fir déi Kompetenzen, déi Jugendlecher brauchen, fir aktiv un der Gesellschaft deelzehuelen. An den Naturwëssenschafte läit den Taux vun dëse Schüler zu Lëtzebuerg bei 32 % par rapport zu 26 % an der OECD-Moyenne; an der Mathé bei 37 % am Verglach zu 35 % am OECD-Duerchschnëtt, an am Liese bei 38 % par rapport zu 31 % an der OECD-Moyenne.

Dës allgemeng negativ Entwécklung muss ganz eescht geholl ginn. Si weist, datt d’Stäerkung vun de fundamentale Kompetenzen eng zentral Aufgab vum Lëtzebuerger Bildungssystem bleift.

Bekannt an nei Erausfuerderunge fir Lëtzebuerg

Lieskompetenzen: den zentralen Defi

Besonnesch markant ass de Réckgang vun de Lieskompetenzen, d. h. der Fäegkeet, fir geschriwwen Texter ze verstoen, ze analyséieren an iwwert se nozedenken. Lëtzebuerg verzeechent hei e Réckgang vu 27 Punkten (vu 470 Punkten 2018 op 443 Punkten 2025), wat engem Retard vu méi wéi engem Schouljoer entsprécht. Och a villen anere Länner sinn d’Lieskompetenze signifikant zeréckgaangen.

D’PISA-Resultater weisen dobäi op eng fundamental Verännerung vum Liesverhalen hin. Jonker liesen haut méi séier an ëmmer méi an engem digitalen Ëmfeld, hunn awer méi Schwieregkeeten, sech iwwer eng länger Zäit intensiv mat komplexen Texter auserneenzesetzen. 

  • D’Lieskompetenze fërderen a stäerken ass dowéinst eng absolut Prioritéit. De Ministère wäert sech am Laf vum Schouljoer 2026/2027 mat alle Bildungspartner zesummesetzen, fir en nationalen Aktiounsplang ze entwéckelen, fir vu Klengem un d’Grondkompetenze vum Liesen ze stäerken a bewosst ze trainéieren, an der Schoul an an der Famill.

Den Afloss vun digitale Medien op d’Schoulleeschtung

PISA liwwert och wichteg Erkenntnisser iwwer den Impakt vun digitale Medien op d’Schoul. Eng exzessiv Notzung vun digitale Geräter am Fräizäitberäich féiert zu méi schwaache schoulesche Leeschtungen. Schüler, déi sech duerch digital Geräter am Unterrecht oflenke loossen, schneiden am Duerchschnëtt manner gutt of.

D’Resultater ënnersträichen domat d’Wichtegkeet vun enger klorer a kohärenter Politik fir digital Geräter an der Schoul. D’Zil ass net, digital Technologien aus der Bildung ze verbannen. Et geet vill méi ëm eng gesond Screen-Life-Balance an ëm de Wiessel vun enger haaptsächlech konsumorientéierter zu enger altersgerechter, kritescher a pedagogesch sënnvoller Notzung.

  • D’Mesuren, déi Lëtzebuerg am Beräich vun der Smartphone-Reglementéierung an de Schoulen agefouert huet, ginn an dës Richtung. 
  • Virum Hannergrond vun de PISA-Resultater proposéiert de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, e generelle Smartphoneverbuet an den ënneschte Klasse vum Secondaire anzeféieren, a wäert dës Mesür mat alle Bildungspartner diskutéieren. Et wäert och nach iwwer weider Moossnamen nogeduecht ginn.
  • De Ministère wäert weiderhi seng Verantwortung iwwerhuelen an an d’Sensibiliséierung vun de Jonke fir eng verantwortungsvoll a kritesch Notzung vu Smartphone a Social Media investéieren.

PISA weist och, datt Kënschtlech Intelligenz schonn am Léieralldag vun de Jonken ukomm ass. Entscheedend ass dofir, datt d’Schüler léieren, KI esou anzesetzen, datt se hiert eegent Denken a Léiere verbessert an net ersetzt. 

  • Mam KI Kompass huet de Ministère 2025 e Referenzdokument an d’Schoule ginn, dat dës Approche duerch e pedagogesche Kader, mee och gepréiften Tools fir en altersgerechten Ëmgang mat KI fërdert. Dëse gesäit eng progressiv Integratioun vun der KI an den Enseignement vir, a Funktioun vum Alter an der digitaler Maturitéit vun de Schüler. D’Schüler musse fir d’éischt léieren, selwer ze denken, duerno d’KI ze verstoen an zum Schluss d’KI op eng responsabel, kritesch a kreativ Manéier unzewenden. 

Leeschtungsënnerscheeder opgrond vum sozialen Hannergrond weiderhi ganz ausgepräägt

Wéi och schonn an de viregte PISA-Etüde bleiwen d’Leeschtungsënnerscheeder tëscht de Schüler mat héijem a mat niddregem sozio-ekonomeschen Hannergrond zu Lëtzebuerg besonnesch grouss. Am Haapttestberäich Naturwëssenschafte läit dësen Ecart zu Lëtzebuerg bei 130 Punkten zu Gonschte vun de sozio-ekonomesch avantagéierte Schüler, par rapport zu 85 Punkten an der OECD-Moyenne an 89 Punkten am EU-Duerchschnëtt.

  • D’Reduktioun vum Impakt vu sozialen Ongläichheeten am Schoulsystem bleift weiderhin eng Prioritéit. Et wäerten zousätzlech Ustrengunge gemaach ginn, fir Schüler mat schwaachem sozio-ekonomeschen Hannergrond nach méi geziilt ze ënnerstëtzen:
  • Am Fondamental wäert am Echange mat de Bildungspartner an Experte vun der OECD eng déifgräifend Analys vun der Ëmsetzung an dem Notze vum Contingent gemaach ginn.
  • Am Secondaire wäert déi zukünfteg Reform vun der Voie de préparation de Schüler a seng Kompetenzen an de Mëttelpunkt stellen, seng Sproochesituatioun besser berücksichtegen, sougenannt Lifeskills fërderen a sozio-emotional Kompetenze stäerken.

Méisproochegkeet an Diversitéit vun der Schülerpopulatioun

Mat engem Taux vu 64 % u Schüler mat Migratiounshannergrond huet Lëtzebuerg eng eenzegaarteg Situatioun an der OECD.

Dofir bleift d’Méisproochegkeet eng zentral Erausfuerderung vun eisem Bildungssystem. PISA weist, wéi wichteg et ass, de Schüler déi beschtméiglech sproochlech Viraussetzunge fir hiert Léieren ze ginn.

Interessant ass heibäi d’Entwécklung bei der Auswiel vun der Testsprooch: Den Undeel vu Schüler, déi Franséisch als Testsprooch gewielt hunn, louch 2025 mat 42,2 % méi héich wéi nach 2018 (31,2 %). Dëst weist, datt Franséisch fir vill Schüler méi no un hirer Liewensrealitéit ass, obwuel si net onbedéngt op Franséisch alphabetiséiert an ënnerriicht goufen. 

  • D’Reform ALPHA – zesumme wuessen, mat där d’Eltere vun 2027 un de Choix vun der Alphabetiséierungssprooch (Däitsch oder Franséisch) fir hiert Kand an der Lëtzebuerger Grondschoul kréien, ass hei besonnesch wichteg, well si dem sproochleche Profil vu ville Kanner besser Rechnung dréit an domat zu méi Chancëgerechtegkeet am Bildungssystem bäidréit.
  • Dës Tendenz bestätegt d’Relevanz vun den Investissementer an de leschte Joren, fir eng méi flexibel Offer un Unterrechtssproochen unzebidden an d’Schoul un déi sproochlech Realitéit vun der Schoulpopulatioun unzepassen, sief et duerch d’Erweiderung vun den ëffentlechen Europaschoulen oder d’Extensioun vun der Offer mat franséischer Unterrechtssprooch am Secondaire.

D’Bedeitung vun der Relatioun tëscht Schüler an Enseignant

Nieft de Kompetenzresultater liwwert PISA och Informatiounen iwwer d’perséinlech Erfarunge vun de Jonken an der Schoul. Dës bezéien sech op d’Aschätzunge vun de Schüler am Haapttestberäich Naturwëssenschaften.

Positiv ass fir Lëtzebuerg, datt d’Schüler hei am Land dru gleewen, datt een sech duerch Léieren an Efforte weiderentwéckele kann (Growth Mindset), an datt d’Schoulen zu Lëtzebuerg fir vill vun hinne Plaze sinn, wou si sech wuel fillen. Méi kritesch bewäert ginn d’Ausdauer, d’Fäegkeet, sech selwer Léierziler ze setzen, an d’Perceptioun vun der Schoul als reell Chance fir d’Liewen.

PISA weist och drop hin, datt d’Relatioun tëscht Schüler an Enseignant e wichtege Facteur fir erfollegräicht Léieren ass. 

  • Et ass en Uleies vum Ministère, fir d’Enseignanten an hirer Roll weiderhin ze stäerken. Am Dialog mat den Enseignantsgewerkschafte wäert iwwert d’Roll vum Enseignant, de ganzheetleche Bléck op de Schüler, Teacher Support, Teamwork a Formatioun diskutéiert ginn.

Ënnerstëtzung vun der Famill als zentraalt Element

D’PISA-Resultater weisen och, datt d’Famillen eng wichteg Roll spillen. Den Interessi vun den Elteren un deem, wat an der Schoul geschitt, an d’Ënnerstëtzung doheem droen zum Bildungserfolleg bäi. D’Zesummenaarbecht tëscht Schoul an Elteren ass dofir en zentrale Facteur fir méi Chancëgerechtegkeet.

  • Zesumme mat alle Bildungsacteuren a spezifesch och der Nationaler Elterevertriedung wäert de Ministère analyséieren, wéi d’Schoul méi op d’Eltere kann duergoen, hir Bedeelegung ka fërderen a wéi d’Elteren d’Entwécklung vun hire Kanner schonn am fréien Alter positiv, z. B. duerch Virliesen, kënne beaflossen.

Positiv Resultater fir Lëtzebuerg an zwee Beräicher

Gutt Resultater am Computational Problem Solving

Nei bei dëser PISA-Etüd war de Volet Learning in the Digital World, mam Fokus op Computational Problem Solving. Mat 506 Punkte läit Lëtzebuerg an dësem Beräich iwwer dem OECD-Duerchschnëtt (500 Punkten) an iwwer der EU-Moyenne (492). Dëst positiv Resultat knäppt un déi lescht ICILS-Etüd vun 2023 un, an där Lëtzebuerg sech am Beräich vum Computational Thinking am Verglach zu 2018 signifikant verbessert hat, a bestätegt domat d’Efforte vun de leschte Joren, fir Coding, Digital Sciences an informatescht Denke méi staark an och scho fréi am Bildungssystem ze verankeren.

Schüler mat Migratiounshannergrond gi besser an de System integréiert

Mat 64,6 % huet Lëtzebuerg am internationale Verglach e besonnesch héijen Undeel u Schüler mat Migratiounshannergrond. An de viregte PISA-Etüde gouf eng besonnesch staark Korrelatioun tëscht de Leeschtunge vun de Schüler an dem Migratiounshannergrond festgestallt. Bei PISA 2025 huet dës Relatioun sech däitlech reduzéiert. D’Efforte vun deene leschte Joren, fir d’schoulesch Offer ze diversifizéieren an de sproochleche Realitéite vun de Schüler unzepassen, droen also hir Friichten.

D’Resultater vu PISA 2025 weisen awer och, datt de Migratiounshannergrond net méi den determinante Facteur ass am Bezuch op d’Kompetenze vun de Schüler. De sozio-ekonomeschen Hannergrond spillt eng ëmmer méi zentral Roll. D’Donnéeë weisen och eng Korrelatioun tëscht engem schwaache sozio-ekonomeschen Hannergrond an dem negativem Impakt vun der Notzung vum Smartphone an den digitale Medien.

Dëst ass eng wichteg Erkenntnis fir d’Ausriichtung vun der Bildungspolitik. 

  • Mat Initiative wéi der Campagne Screen-Life-Balance an de Recommandatiounen, fir an der Famill an an der Fräizäit méi Zäit ouni Bildschierm ze verbréngen, huet de Ministère d’Verantwortung eescht geholl, fir den negative Konsequenze vum iwwerméissege Bildschierm-Konsum entgéintzewierken. Dës Efforte gi konsequent weidergefouert.

Conclusiounen a méiglech Entwécklungen

PISA 2025 weist ganz däitlech, datt d’gesellschaftlech Entwécklunge vun de leschte Joren d’Schoul staark beaflossen. De Ministère wäert déi zentral Erkenntnisser vu PISA zesumme mat de Partner aus dem Bildungssystem analyséieren an diskutéieren, wéi d’Schoul kann dorop reagéieren.

Opgrond vun de Resultater vu PISA 2025 schielt sech elo scho ganz kloer eraus, dass weider Mesüre fir d’Aschränkung vum Smartphonegebrauch an en ëmfaassenden Aktiounsplang fir d’Fërderung vun de Lieskompetenzen an allen Altersstufen zentral Pisten an dësen Iwwerleeunge sinn.

 

Dernière mise à jour