Nei Formatioun: 1re DAP – 1 Joer, 1 Beruff

Du wëlls däi Secondairesdiplom oder däin Diplôme de technicien gär ergänzen? Du wëlls deng Karriärsperspektiven erweideren an deng praktesch Kompetenze weiderentwéckelen? Du wëlls eng Formatioun vun engem Joer maachen an en unerkannte Beruffsdiplom kréien?

Vun der Rentrée 2026/2027 un hunn d’Titulairë vun engem Diplôme de fin d’études secondaires classiques oder générales, engem Diplôme de technicien oder engem gläichwäertegen Ofschloss d’Méiglechkeet, eng Beruffsausbildung vun engem Joer ze absolvéieren, déi zum Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) féiert.

An enger éischter Phas sti verschidde Formatioune vun der 1re DAP zur Auswiel:

  • Estheticien,
  • Schräiner,
  • Zerspanungsmechaniker,
  • Kach,
  • Qualifizéierte Gestionnaire an der Logistik,
  • Pâtissier-Chocolatier-Confiseur-Glacier,
  • Bamschoul- a Landschaftsgäertner.

D’1re DAP ass eng Formatioun fir jonk Diploméierter, déi sech op eng intensiv Aart a Weis eng zousätzlech berufflech Qualifikatioun uneegne wëllen. An nëmmen engem Joer kanns du e konkreete Beruff léieren an dono ausüben, an deem handwierklecht Geschéck geneesou wichteg ass ewéi Prezisioun, technescht Wëssen an den Ëmgang mat Clienten.

Den DAP ass en Diplom, deen den Astig an d’Beruffsliewen erméiglecht a vill Entwécklungsméiglechkeete bitt. Dono kanns du dech zum Beispill an enger Techniker-Ausbildung weider spezialiséieren oder engem techneschen Héichschoulstudium am selwechte Fachberäich nogoen. Wann s du dech fir en Handwierksberuff entscheets, kanns du e Meeschterbréif ustriewen.

Mat zwee Diplomer erhéichs du deng Chancen, deen Job ze fannen, deen am beschte bei dech passt!

Heefeg gestallte Froen (FAQ)

En DAP an engem Joer: wéi fonctionéiert dat?

Wärend dengem Formatiounsjoer am Kader vun der 1re DAP hues du just prakteschen an techneschen Unterrecht. Dank dem Secondairesdiplom oder dem Diplôme de technicien, deen s du schonn an der Täsch hues, bass du vun de Modüllen aus dem Enseignement général vum klasseschen DAP befreit.

Dëse kompakte Programm setzt en intensive Stonneplang viraus. Jee nom Beruff, deen s du léiers, hues du tëschent 35 a 40 Stonnen Unterrecht d’Woch. Esou entwéckels du all déi noutwendeg Kompetenzen, fir däin DAP an engem Joer ofzeschléissen.

Dës Formatioun ass en integrale Bestanddeel vum Lëtzebuerger Schoulsystem. Se gëtt vum Service de la formation professionnelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert.

Niewent der praktescher an technescher Ausbildung an der Schoul gesäit d’Formatioun och Stagephase vir, fir datt s du dech mam Beruffsliewen am Betrib a reelle beruffleche Situatioune vertraut maache kanns.

Ass d’1re-DAP-Formatioun mam klasseschen DAP gläichgestallt?

Den Unterrecht ass a Modüllen agedeelt, déi jeeweils eng Rei kloer definéiert berufflech Kompetenzen ëmfaassen.

D’Evaluatioun an d’Certificatioun entspriechen deene vum klasseschen DAP, dorënner och d’Duerchféiere vun engem Projet intégré final (PIF). Du kriss genee dee selwechten Diplom ewéi no engem klasseschen DAP.

Wou a wéini fannen d’1re-DAP-Formatioune statt?

D’Coursë fanne statt:

  • an de spezialiséierten Ateliere vum Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) zu Esch/Uelzecht fir follgend Formatiounen:
    • 1re DAP Estheticien,
    • 1re DAP Qualifizéierte Gestionnaire an der Logistik,
    • 1re DAP Zerspanungsmechaniker,
    • 1re DAP Schräiner,
  • am CNFPC zu Ettelbréck fir follgend Formatiounen:
    • 1re DAP Kach,
    • 1re DAP Pâtissier-Chocolatier-Confiseur-Glacier,
  • an am Lycée technique agricole zu Gilsdref fir d’1re DAP Bamschoul- a Landschaftsgäertner.

D’1re DAP suivéiert am Prinzip de Schoulkanner, d’Coursë ginn also vum 15. September bis de 15. Juli.

Kréien d’Schüler vun der 1re DAP eng Ausbildungsentschiedegung oder eng finanziell Hëllef vum Staat?

D’1re DAP ass eng Vollzäit-Beruffsausbildung am Lycée ouni Contrat d’apprentissage. D’Schüler kréien also keng Ausbildungsentschiedegung.

Ausserdeem ass d’1re DAP Deel vun der berufflecher Éischtausbildung an zielt net zum Enseignement supérieur. Dowéinst huet een dann och net d’Recht op eng Studiebäihëllef vum Staat.

Fir Jonker bis 25 Joer kënnen d’Elteren allerdéngs ënnert bestëmmte Konditioune weiderhi Kannergeld kréien.

Wat sinn d’Auswielkrittären?

Fir den Accès op eng 1re DAP musse verschidde Konditiounen erfëllt sinn:

  • Titulaire vun engem lëtzebuergeschen Diplôme de fin d’études secondaires vum Enseignement secondaire classique oder vum Enseignement secondaire général, engem Diplôme de technicien oder engem gläichwäertegen Ofschloss (Bac international, Bac européen, A-levels usw.) sinn;
  • immens motivéiert fir de gewielte Beruff sinn;
  • déi néideg Fäegkeete fir den Ofschloss vun enger intensiver Formatioun matbréngen.

Jee no Ausbildung kann een Auswielverfaren op Basis vum Aschreiwungsdossier an engem perséinleche Gespréich duerchgefouert ginn.

Kann een als Erwuessenen eng 1re DAP maachen?

D’1re DAP riicht sech virun allem u Jonker, déi viru Kuerzem de Secondaire ofgeschloss hunn.

Erwuessener, déi d’Zouloossungskrittären (cf. uewen) erfëllen, kënnen och eng 1re DAP maachen, virausgesat, et si Plazen disponibel an hire perséinleche Profil entsprécht den Ufuerderungen.

Ginn d’Formatioune just op Däitsch oder och op anere Sproochen ugebueden?

Formatioune gi jee no Beruff op Däitsch a Franséisch oder just op Däitsch ugebueden.

Formatiounen, déi op Däitsch a Franséisch offréiert ginn:

  • 1re DAP Estheticien
  • 1re DAP Qualifizéierte Gestionnaire an der Logistik
  • 1re DAP Schräiner
  • 1re DAP Kach
  • 1re DAP Pâtissier – Chocolatier – Confiseur – Glacier

Ausbildungen, déi nëmmen op Däitsch ugebuede ginn:

  • 1re DAP Zerspanungsmechaniker
  • 1re DAP Bamschoul- a Landschaftsgäertner
Ginn nach aner 1re-DAP-Formatiounen an Zukunft ugebueden?

Jo, dat aktuellt Angebot ass just den Ufank.

Et ass geplangt, d’Zuel vun de Formatiounen no an no auszebauen, jee no de Besoine vum Aarbechtsmaart an dem Interessi vun de Kandidaten.

Wann ech een DAP an e Secondairesdiplom hunn, no wéi engem Diplom ginn ech da bezuelt?

D’Bezuelung hänkt vu verschiddene Facteuren of, wéi dem Posten, der Branche, der applizéierter Convention collective an der Politik vum Patron of.

An de meeschte Fäll gëtt deen Diplom, deen en direkte Bezuch zu der jeeweileger Aarbechtsplaz huet, consideréiert. Bei engem Beruff, deen engem DAP entsprécht, gëtt also an der Reegel no dësem Diplom bezuelt.

Ass eng Rattrapageprozedur virgesinn?

Fir Schüler, déi hir 1re DAP net beim éischten Ulaf packen, sief et, well se de Projet intégré final (PIF) net bestan hunn oder well hire Bilan final et hinnen net erlaabt huet, sech beim Projet intégré final am Juni ze presentéieren, si Rattrapagemesurë virgesinn. Dës Schüler hunn zum Beispill d’Méiglechkeet, e Stage oder zousätzlech Coursen ze absolvéieren an hire Projet intégré final wärend der Rattrapagesessioun, déi fir all d’DAPen am Januar vum Joer dono organiséiert gëtt, duerchzeféieren.

Wou kann ee sech weider informéieren?

Wann s du un enger 1re-DAP-Formatioun interesséiert bass oder weider Informatioune brauchs, kanns du de Service de la formation professionnelle per E-Mail oder Telefon kontaktéieren:

Eng Porte-ouverte ass de 7. Juli 2026 am Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) zu Esch/Uelzecht an zu Ettelbréck virgesinn.

Wéi kann ee sech am Viraus umellen?

Du kanns online eng Preinscriptioun maachen:

 

 

 

Aktualiséiert