Hëllef baussent dem familiären Ëmfeld

Et gi Situatiounen, wou d’Elteren sech kuerzzäiteg oder och längerfristeg net ëm hiert Kand kënne këmmeren.

An esou Fäll kënne si op verschidden Offeren zeréckgräifen, déi hei ënnendrënner beschriwwe ginn:

Internater

Ziler

  • Kanner a Jugendlecher hei daagsiwwer an/oder och nuets ënnerbréngen a betreien, virun allem wärend de Schoulperioden, ma och de Weekend oder an de Schoulvakanzen. Gebuede gëtt:   
  1.     Iwwernuechtung
  2.     Betreiung am Do,
  3.     Restauratioun,
  4.     schoulesch Betreiung,
  5.     individuell Begleedung,
  6.     psychosozial a gesondheetlech Betreiung,
  7.     Fräizäitgestaltung.
  • De Kanner a Jugendleche e Kader bidden, deen et hinnen erlaabt, hir Schoul ze maachen an hir perséinlech Kompetenzen ze entwéckelen.

Wie kann opgeholl ginn?

  • Kanner, déi eng Klass vun der Lëtzebuerger Grondschoul besichen,
  • Jugendlecher a jonk Erwuessener, déi eng Klass vum Lëtzebuerger Enseignement secondaire besichen.

Adressen

Sozioedukativ Betreiung an Dages- an Nuetsstrukture fir Kanner a jonk Erwuessener

Ziler

  • Kanner a Jugendlecher fir e begrenzten Zäitraum an engem Kader mat strukturéiertem Dagesoflaf ënnerbréngen, deen hire Besoinen entsprécht an hir Individualitéit respektéiert;
  • Kanner a Jugendlecher an hirer Entwécklung begleeden an esou wäit ewéi méiglech dorop virbereeden, erëm hannescht bei hir Famill ze goen.

Wie kann opgeholl ginn?

Kanner vun dräi Joer un, Jugendlecher a jonk Erwuessener, déi sozialen a familiäre Schwieregkeeten ausgesat sinn a méiglecherweis doduerch och psychologesch Schwieregkeeten hunn, déi sech an engem inadequate Verhalen a schoulesche Problemer äusseren, mat deenen d’Famillen iwwerfuerdert sinn.

Adressen

Kannerdierfer

Ziler

  • Kanner eng dauerhaft affektiv Bezéiung zu engem Kannerduerf-Papp oder enger Kannerduerf-Mamm bidden;
  • jiddwer Kand eng glécklech a stabel Kandheet erméiglechen;
  • all d’Geschwëster an enger Kannerduerf-Famill ophuelen;
  • dem Kand/de Kanner e familiäre Kader bidden.

Wie kann opgeholl ginn?

Kanner ouni elterlech Ënnerstëtzung oder Kanner, déi riskéieren, dës Ënnerstëtzung ze verléieren.

Kontakt

Direkthëllef bei enger akuter psychosozialer Kris

Ziler

  • Kanner oder jonk Erwuessener fir e begrenzten Zäitraum vu maximal dräi Méint, dee bei tatsächlechem Besoin ëm weider dräi Méint ka verlängert ginn, an engem strukturéierten Ëmfeld opfänken, dat hire Besoinen entsprécht, wann eng akut psychosozial Krisesituatioun optrëtt, déi et onméiglech mécht oder bei där et net rotsam ass, datt d’Kand oder de Jugendlechen a sengem familiären Ëmfeld bleift;
  • d’Kanner an déi jonk Erwuessen dorop virbereeden, erëm hannescht bei hir Famill resp. fir länger Zäit an eng Betreiungsstruktur ze goen.

Wie kann opgeholl ginn?

Kanner vun dräi Joer un, Jugendlecher a jonk Erwuessener, deenen hir Elteren sech an enger Krisesituatioun befannen an net méi fir d’Ënnerbréngung vum Kand oder Jugendleche kënne suergen an/oder net méi adequat nom Kand oder dem Jugendlechen a senge Besoine kënne kucken.

Adressen

Betreiung vu Kanner ënner dräi Joer

Ziler

  • Kanner fir e begrenzten Zäitraum an engem strukturéierten Ëmfeld, dat hire Besoinen ugepasst ass, ophuelen;
  • wärend dëser Zäit déi global Entwécklung vun de Kanner hire Kompetenze fërderen;
  • Kanner drop virbereeden, erëm hannescht bei hir Famill resp. fir länger Zäit an eng Betreiungsstruktur oder eng Fleegefamill ze goen.

Wie kann opgeholl ginn?

Kanner ënner dräi Joer, deenen hir Elteren temporär net an der Lag sinn, d’Kand adequat ze versuergen a sech ëm seng Besoinen ze këmmeren.

Adressen

Betreit Wunnen (SLEMO)

Ziler

  • Jonk Leit wärend enger beschränkter Dauer an engem strukturéierten Ëmfeld ophuelen, dat hire Besoinen entsprécht.
  • D’Entwécklung vun de jonke Leit wärend hirem Openthalt begleeden.

Wie kann opgeholl ginn?

Jonk Leit vu 16 bis maximal 27 Joer, déi hiren Alldag eleng an engem zum Deel autonomen Ëmfeld gereegelt kréien.

Adressen

Soziopedagogesch Betreiung an enger spezialiséierter Institutioun

A verschiddene Fäll gëtt et zu Lëtzebuerg keng Institutioun, déi en adequate Kader fir d’Kand oder de jonken Erwuessene kann ubidden.

Ziler

  • Kanner oder jonk Erwuessener an enger spezialiséierter Institutioun am Ausland, déi hire spezifesche Besoinen entsprécht, ënnerbréngen, wann eng psychosozial Krisesituatioun optrëtt, déi et onméiglech mécht oder bei där et net rotsam ass, datt d’Kand oder de Jugendlechen a sengem familiären Ëmfeld bleift;
  • d’Kanner oder déi jonk Erwuessen drop virbereeden, erëm hannescht bei hir Famill resp. fir länger Zäit an eng Betreiungsstruktur ze goen.

Wie kann opgeholl ginn?

Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener vun dräi Joer un.

Wéi geet dat?

Soziopedagogesch Betreiung an enger Fleegefamill

Ziler

  • Eent oder méi Kanner dagsiwwer oder Dag an Nuecht an enger Famill ënnerbréngen, déi net déi ursprünglech Famill ass;
  • e Kand an enger psychosozialer Noutsituatioun an engem familiäre Kader ophuelen;
  • de biologeschen Elteren d’Méiglechkeet ginn, un hiren elterleche Kompetenzen ze schaffen.

Wie kann opgeholl ginn?

Kanner a Jonker, déi sech mat sozialen a familiäre Problemer konfrontéiert gesinn a wou et temporär net rotsam oder onméiglech ass, datt se am familiären Ëmfeld bleiwen.

Fleegefamill ginn iwwer Guichet.lu

Servicer fir den Encadrement vu Fleegefamillen

Soziopedagogesch Dagesbetreiung an enger orthopedagogescher oder psychotherapeutescher Institutioun

Ziler

  • Kanner a jonk Erwuessener an enger Dagesstruktur en adequaten, strukturéierte Kader mat enger adequater Erzéiung a Bildung bidden, wou si sech beschtméiglech kënnen entwéckelen an entfalen;
  • sécherstellen, datt d’Kanner oder déi jonk Erwuessen an hir Famillen um Enn vun hirem Openthalt ambulant weider ënnerstëtzt ginn.

Wie kann opgeholl ginn?

Kanner oder jonk Erwuessener, bei deenen d’Intensitéit vun der Fleeg a Behandlung en Openthalt an enger Dagesstruktur néideg mécht.

Adressen

Sozial a berufflech Aglidderung

Ziler

  • Mannerjäreger oder Erwuessener d’Méiglechkeet ginn, hir sozial a berufflech Kompetenzen ze entwéckelen am Hibléck op hir berufflech Orientéierung, d’Aglidderung an den Aarbechtsmaart an déi gesellschaftlech Integratioun.

Wie kann opgeholl ginn?

Jonker tëscht 16 a 27 Joer, déi eng berufflech oder sozial Ausgrenzung riskéieren.

Adressen

Aktualiséiert