D’Kanner- a Familljenhëllef went sech u Kanner a jonk Erwuessener an enger Noutsituatioun an hir Familljen. Ënner Kanner a jonk Erwuessener an enger Noutsituatioun versteet ee Kanner a jonk Erwuessener, deenen hir physesch, psychesch oder sozial Entwécklung beanträchtegt ass, déi enger physescher oder moralescher Gefor ausgesat sinn oder eng sozial a berufflech Ausgrenzung riskéieren.
Hëllef an esou Fäll bidden dräi Akteuren oder Gruppe vun Akteuren:
- den Office national de l’enfance (ONE, nationale Kanner- a Jugendbüro): dëse Service vum Ministère fungéiert als Guichet unique (zentrale Büro), un dee sech d’Kand, de Jugendlechen, e Member vun der Famill oder eng Fachpersoun direkt wende kann, wann en Hëllef brauch
- staatlech Strukturen: Schoulinternater; den Institut étatique d’aide à l’enfance et à la jeunesse – AITIA; de Centre socio-éducatif de l’État (staatleche sozialpedagogeschen Zentrum)
- mam Ministère konventionéiert privat Organisatiounen