De Jonken erméiglechen, nees selwer iwwer hir Zäit ze bestëmmen a se fir hir perséinlech Entwécklung, hiert Engagement an hir Entfalung ze notzen: Dat ass d’Zil vum véierte Jugendpakt (2026–2030), deen d’Ausriichtung vun der Jugendpolitik fir déi nächst fënnef Joer festleet. Den neie Jugendpakt ass den 19. Oktober 2026 vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz virgestallt ginn.
D’Ausschaffe vum Jugendpakt ass an der Lëtzebuerger Legislatioun verankert: Dat geännert Gesetz vum 4. Juli 2008 gesäit vir, datt all fënnef Joer en Aktiounsplang fir d’Jugendpolitik opgestallt gëtt. De Jugendpakt berücksichtegt och d’EU-Jugendstrategie (2019–2027) an d’Jugendstrategie 2030 vum Europarot.
De Jugendpakt 2026 ass d’Resultat vun engem breede Bedeelegungsprozess, an deen déi Jonk an d’Acteuren aus dem Jugendsecteur agebonne waren. Hie baséiert ënner anerem op den Echangë mat 250 Jonken am Kader vun enger Tournée vum Minister a véier Regioune vum Land 2025. Fir dësen direkten Austausch weiderzeféieren, huet de Service national de la jeunesse (SNJ) tëscht Februar an Abrëll 2026 sechs Fokusgruppe mat iwwer 40 Jonken organiséiert. Dobäi kommen d’Erkenntnesser aus dem Nationale Jugendbericht 2025 an den Dialog mat de Servicer fir Jonker, de Jugendorganisatiounen an de Vertrieder vum Secteur (Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen, Fédération des acteurs du secteur social au Luxembourg, Jugendrot).
Déi Jonk brauche qualitativ héichwäerteg Zäit
Déi Jugendlech wuessen haut an enger Welt op, déi sech séier verännert. Technologesch a gesellschaftlech Entwécklungen, nei Kommunikatiounsformen an international Krise beaflossen hiren Alldag a bréngen nei Méiglechkeeten, awer och Erausfuerderungen an Onsécherheete mat sech. Besonnesch d’Omnipresenz vun der digitaler Welt an de soziale Medie präägt hir Bezéiungen, hir Fräizäit an d’Entwécklung vun hirer Identitéit. Den digitale Raum kann awer déi direkt perséinlech Kontakter net ersetzen, déi fir d’Entwécklung vu soziale Kompetenzen an d’Wuelbefanne vun de Jonken entscheedend sinn.
An dësem Kontext a fir e bessert Gläichgewiicht tëscht der Zäit virum Ecran an den Aktivitéiten offline (Screen-Life-Balance) ze fërderen, setzt de Ministère op eng Jugendpolitik, déi de Jonke qualitativ héichwäerteg Zäit ouni Bildschiermer gëtt. Si bitt hinnen déi néideg Raim a Méiglechkeeten, fir ze wuessen, Kontakter ze knëppen, Erfarungen ze sammelen, sech ze engagéieren an hire Wee ze fannen. Dës Approche féiert d’Mesurë weider, déi schonn am Kader vun der Campagne Screen-Life-Balance an de Grondschoulen, de Lycéeën an de Maison-relaisen ëmgesat goufen.
„Mir wëllen de Jonke qualitativ héichwäerteg Zäit bidden. Ze dacks dominéiert den Ecran hir Fräizäit. Zesumme mat den Acteuren aus dem Jugendsecteur hu mir eng Rei Mesuren ausgeschafft, fir de Jonken Zäit ze ginn, fir ze wuessen a selbststänneg, verantwortungsvoll an engagéiert Erwuessener ze ginn. Mir wëllen hinnen déi néideg Raim, Méiglechkeeten an Ënnerstëtzung ginn, fir hir Talenter ze entwéckelen an nei Interessen ze entdecken, awer och fir Zäit mat Gläichaltregen ze verbréngen a Bezéiungen opzebauen“, huet de Minister Claude Meisch betount.
Fënnef Prioritéiten an 48 konkreet Mesuren
De Jugendpakt ëmfaasst fënnef Schwéierpunkten, déi sech géigesäiteg ergänzen, an 48 Mesuren, déi bis 2030 no an no ëmgesat ginn. Fir all Prioritéit si konkreet Projete virgesinn, dorënner och eng Rei nei Initiativen.
Méi Zäit mat Gläichaltrege verbréngen
Bezéiunge mat Gläichaltrege spillen eng zentral Roll am Liewe vun de Jonken. De Jugendpakt soll méi Geleeënheeten a Plaze schafen, wou si sech treffen an Zäit zesumme verbrénge kënnen.
De Ministère encouragéiert d’Gemengen an déi lokal Acteuren, esou Raim ze schafen, jee no de Besoinen an de Méiglechkeeten op der Plaz. Dës Jugendcaféë solle convivial a liicht zougänglech Treffpunkte sinn, wou déi Jonk spontan an ouni besonnesch Verflichtunge beienee komme kënnen. Jee no der lokaler Situatioun kënnen dës Raim a Jugendhaiser oder op anere Plazen an der Ëmgéigend ageriicht ginn.
Dat Bescht aus senger Fräizäit maachen
D’Fräizäit bitt de Jonke vill Méiglechkeeten, fir nei Interessen ze entdecken, hir Kompetenzen ze entwéckelen, Erfarungen ze sammelen an eege Projeten auszeschaffen.
Déi nei Online-Plattform JugendAkademie (JAK) regruppéiert Formatiounen, déi sech speziell u Jonker an hirer Fräizäit riichten. Si presentéiert souwuel d’Offer vum Service national de la jeunesse (SNJ) wéi och vu Servicer fir Jonker an aneren Organisatiounen, déi Formatioune fir jonk Leit ubidden. Dozou gehéieren ënner anerem d’Formatioune fir Animateuren an aner Offeren, déi et de Jonken erméiglechen, hir Kompetenzen ze entwéckelen an nei Interessen ze entdecken. D’Offer gëtt no an no ausgebaut an diversifizéiert.
Seng Zäit fir d’Allgemengheet asetzen
Duerch hiert Engagement kënnen déi Jonk Verantwortung iwwerhuelen, zum Zesummeliewe bäidroen an hir Meenung däitlech maachen. De Jugendpakt gesäit vir, dëst Engagement a senge verschiddene Forme méi einfach ze maachen an ze valoriséieren.
De Jugenddësch Bénévolat bréngt déi betraffen Acteuren zesummen, fir konkreet Mesuren ze identifizéieren an auszeschaffen, déi dat fräiwëllegt Engagement vun de Jonke fërderen, erliichteren a valoriséieren. E gëtt vum Jugendrot (Conférence générale de la jeunesse du Luxembourg) am Partenariat mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert, zesumme mam Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil.
Wëssen, wéi ee seng Zäit gutt notze kann
Fir Entscheedungen ze treffen an déi Méiglechkeeten ze notzen, déi hinnen opstinn, mussen déi Jonk einfach Zougang zu zouverlässegen Informatiounen hunn, déi op hir Besoinen ofgestëmmt sinn.
Mat der Initiativ Deng Gemeng, deng Infoen wäert de Ministère d’Gemengen dobäi ënnerstëtzen, Kommunikatiounsinstrumenter ze entwéckelen, déi op déi Jonk zougeschnidde sinn. D’Zil ass et, déi lokal Aktivitéiten, Evenementer, Servicer a Méiglechkeete méi bekannt ze maachen an d’Bedeelegung vun de Jonken um Gemengeliewen ze fërderen.
Ënnerstëtzt ginn
Déi Jonk kënnen op verschiddenen Etappe vun hirem Liewenswee a Situatioune geroden, an deene si Ënnerstëtzung oder eng méi spezialiséiert Begleedung brauchen. D’Servicer fir Jonker si wichteg Ulafstellen an hirer Géigend.
De Jugendpakt gesäit vir, d’Ënnerstëtzungsnetzwierker ronderëm déi Jonk ze stäerken. Dofir soll besonnesch d’Zesummenaarbecht tëscht de Jugendhaiser, de Servicer fir Wunnbegleedung an den Acteuren aus de Beräicher Soziales, Educatioun, Schoul, Gesondheet, Aarbecht an Integratioun ausgebaut ginn. Dës Zesummenaarbecht wäert et méi einfach maachen, deene Jonk bei Bedarf eng spezialiséiert Hëllef zoukommen ze loossen.
Eng Politik, déi am Jugendsecteur an doriwwer eraus wierkt
De Jugendpakt soll virun allem de Jugendsecteur stäerken, besonnesch d’Servicer an d’Ariichtungen, déi déi Jonk direkt begleeden. Vill Entscheedungen, déi an anere Beräicher vun der Politik geholl ginn, virun allem am Wunnengsbau, an der Gesondheet an an der Aarbechtspolitik, hunn awer en direkten Afloss op d’Liewe vun de Jonken. Fir datt hir Besoinen a Siichtweisen och iwwer d’Mesurë vum Jugendpakt eraus an deene Beräicher vun der Politik berücksichtegt ginn, déi si betreffen, bedeelegt sech de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend aktiv un den nationalen Aktiounspläng, déi ënner der Verantwortung vun anere Ministèren ausgeschafft ginn.
En Dialog, dee weidergeet
Den Echange, deen d’Ausschaffe vum Jugendpakt begleet huet, gëtt wärend senger ganzer Ëmsetzung weidergefouert. D’Mesurë gi reegelméisseg zesumme mat de Jonken an den Acteuren aus dem Secteur iwwerpréift, fir der Entwécklung vun hire Besoinen an neien Erausfuerderunge Rechnung ze droen.